Fräie Mikro Fräiheet am Netz

Déi Jonk siche sech an der Pandemie hir Fräiheet am Internet. An der Kris ass dat ganz verständlech, an awer brauchen si e puer Limitte, fir sech am Netz net ze verléieren. E Fräie Mikro vun der Judith Reicherzer, fréier Journalistin a Responsabel fir mediepedagogesch Projeten am Lycée Aline Mayrisch

Judith Reicherzer / cz

Meenung Judith Reicherzer
Foto: Archiv

Elo ass kloer, datt den Online learning och no der Fuesvakanz weidergeet. D'Pandemie ass nach net eriwwer, mir bleiwen digital.

Mee wärend eis Jonk d'lescht Joer nach relativ motivéiert waren, ass elo de Rimm erof. Online Projete mat der Klass, Online-Challenges am Sport a Kache mat der Famill... alles kale Kaffi. Si sinn den Zwangscocooning midd. Si hunn et sat, ëmmer rëm misse motivéiert ze wierken. Si si genervt. A si zéien sech zeréck an Espacen, wou si ënner sech sinn a kee Papp a kee Prof kucke kënnt.

Am Klassesall gëtt een ebe kontrolléiert. Am Online-Cours ass de Kontakt mat de Kolleege vill méi einfach. Wärend um iPad de Proff schwätzt, chatten d'Schüler per WhatsApp mateneen. Op Snapchat dekoréiere si den illegale Screenshot vun der Joffer. An déi Hardcore-Gamer oute sech just, wa se gréng beliicht ginn, well op hirem 2. Bildschierm e Player explodéiert.

Grousse Krisegewënner: Tiktok

No der Schoul geet dat digitaalt Sozialliewe virun, och owes a nuets. D'Schüler schécke sech Memes, déi just si verstinn. Si laache sech futti iwwer topeg Youtube-Videoen a scrollen stonnelaang op TikTok.

Tiktok ass den absolutte Gewënner vun der Pandemie. Europäesch Studien zum Medieverhale vu Jonken hunn Enn 2020 festgestallt, datt dräi Véierel vun de Jonken elo op TikTok sinn. Déi Zuelen hu sech am leschte Joer verduebelt, an der EU huet Tiktok elo iwwer 100 Millioune User.

Politiker, Dateschützer an Eltere schwätze schlecht iwwer déi Applikatioun a si hunn dofir gutt Grënn. Fir säi schlechten Image ze verbesseren, investéiert Tiktok elo an d'Educatioun vun eise Kanner a finanzéiert de Microlearning. E Beispill? Ënner dem Hashtag TeamHalo danze brittesch Virologen an hirem Labo op Musek vum Britney Spears an erklären dobäi a 15 Sekonnen, wei de Vaccin géint de COVID funktionéiert. Wierklech flott. Dono kënnt 15 Sekonne Reklamm fir Sneakers.

Net de Moment fir op Reegelen ze pochen

Online-Netikett, limitéiert Bildschirmzäiten, keen Handy am Cours... vill Reegelen, iwwer déi a Schoulen a Famillje jorelaang diskutéiert gouf, sinn an der Pandemie op Äis geluecht. Mir hunn elo keng Zäit fir Medienpädagogik. Mir sinn ze midd fir laang Diskussiounen doheem. A mir hu Versteesdemech. Och mir Erwuessener bleiwe jo op Netflix hänken. An d'Psychologen argumentéieren, datt den Escapismus, déi Flucht aus dem Alldag, eis allen hëlleft, déi Zäit vun der Pandemie ze erdroen.

Dowéinst ass elo net de Moment, op déi Reegelen ze pochen, déi an der Praxis scho virun dem COVID just par Force agehale goufen.

Méi problematescht Verhalen an de Beräicher Sex, Sucht a Mobbing

Mee e puer Limitte muss et awer ginn. D'Mediefuerscher warnen. Si hunn an der Pandemie dräi Beräicher definéiert, déi geféierlech gewuess sinn: Sex, Sucht a Mobbing.

De Sujet Cybermobbing ass bei de Jonker weltwäit en Dauerprobleem, mee elo klammen déi Fallzuelen däitlech, an Däitschland hunn d'Fuerscher am leschte Joer e Plus vun 20 op 30 Prozent gemooss. En Drëttel vun eise Kanner kennt de Mobbing also elo aus eegener Erfarung. Déi Mobbing-Opfer kämpfe mat Ängschten an Depressiounen a gesinn elo wochelaang keng Kolleegen, just Elteren, di hinnen kéinten hëllefen, wa si méi géife mat hinnen schwätzen.

Spillsucht ass en anere Corona-Problem. Iwwer 90 Prozent vun eise Teenager spillen elo online, wéi se virdrun am Gaart gespillt hunn. Ganz Klassen treffen sech am Netz, fir zesummen ze gamen. A net just Ballerspiller. De Shooting Star a Covid-Zäiten ass "Among us", "Ënnert eis", e witzegt Detektivspill, dat virun der Pandemie op Partye gespillt gouf. Virun e puer Wochen krut et de goldenen Joystick fir seng mediepädagogesch Qualitéiten. Mais dat ass de Jonken egal.

Online-Spiller u sech sinn net de Problem. De Problem ass, datt ëmmer méi Kanner net kënnen ophalen a spillsüchteg ginn. Waren et virun der Pandemie siwe Prozent, déi e problematescht Spillverhalen haten, warnen elo d'Jugendpsychiater, datt si ëmmer méi Fäll an der Klinik gesinn. Ass keen doheem, deen eise Gamer Stopp seet?

Grousse Probleem: Sexuell Belästegung

Den drëtte Sujet ass en Tabu: sexuell Belästegung op de soziale Medien. Op Tiktok, Insta a WhatsApp kurséiere rëffeg Texter a Fotoen, mat deenen eis Kanner am Kapp mussen eens ginn. Bal d'Hallschecht vun den Teenageren huet am Netz schonn onerwënschte sexuell Demanden kritt. Dat ass net peinlech, dat ass oft kriminell... Bee Secure huet d'lescht Woch dowéinst eng Campagne gestart, "Nackt im Netz", e Ratgeber zum Sujet Sexting fir all Mënsch, dee sech wiere wëll.

Déi sozial Medie ginn eise Kanner de Fräiraum, dee si an der Pandemie dringend brauchen. Elo ass et net de Moment, fir den Handy ewech ze spären an den Internet ze blocken. Mee et ass de Moment, e puer grouss Problemer zesummen ze beschwätzen. Live um Kichendësch - an am Klassesall.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.

An der Mediathéik:

Fräie Mikro / / radio 100,7
Lauschteren

Méi zum Thema

Webinar - Kodéieren an der Grondschoul
Webinar vun 100komma7 a vum SCRIPT

Computational Thinking ass eng Denkweis déi hëllefe soll alldeeglech Problemer ze léisen. Duerch dës Method solle speziell Kanner a Jugendlecher d'Welt ronderëm sech besser verstoen. Wéi wichteg ass den Opbau vun där Kompetenz fir Jonker?

Webinar Live Foto Live
SCRIPT

D'Coronavirus-Pandemie huet vill Gewunnechten op d'Kopp gestallt a vill Jonker hu mat Onsécherheeten ze kämpfen, wat hir Zukunft ugeet. Fir doriwwer ze schwätzen huet den Educatiounsministère e Webinar mam radio 100,7 organiséiert.

 

Net verpassen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen