De réimeschen Poet Juvenalis ass bekannt fir de Sproch vun "Panem et Circenses":- Brout a Spiller. Eng Kritik um Vollek vun Roum, dat sech léiwer mat vollem Bauch der Ënnerhalung am Kollosseum higouf, wéi sech ëm seng Fräiheet ze këmmeren.
An eiser moderner Welt sinn d'Gladiatorekämpf duerch aner, manner bluddeg, Kompetitiounen ersat ginn, déi sech Olympia oder Weltmeeschterschaft nennen. Si versammele Millioune Leit fir ee Mount laang virum Ecran a lenke vum Alldag of.
Oflenkung a Legimitéit
Hiere Glanz a Prestige gëtt awer och dozou benotzt, fir vun anere Saachen ofzelenken. Oder si erlaben et sech bei der eegener Bevëlkerung eng Legitimitéit ze kafen, déi ee soss ni kéint erreechen.
Dat war 1978 de Fall, wéi déi argentinesch Militärjunta vun der Fussballweltmeeschterschaft am eegene Land profitéiert huet, duerch d'Euphorie iwwer d'Victoire vun der Albiceleste vergiessen ze loossen, datt se fir Mord a Folter un dausende Leit responsabel war.
No der WM 1978 hunn déi argentinesch Genereel sech nach fënnef Joer laang un der Muecht gehalen, bis se déi schlecht Iddi haten déi brittesch Falklandinselen ze besetzen. All Parallellen zu Russland, wat 2018 fir d'FIFA d'Weltmeeschterschaft organiséiert a véier Joer duerno d'Ukrain iwwerfall huet, sinn natierlech rengen Zoufall.
Weltmeeschterschaft am Qatar
An dräi Méint steet erëm esou en Event um Programm. Dës Kéier am Emirat vum Katar. Enger absolutter Monarchie, an där d'Recht op fräi Meenung virun allem d'Recht ass dem Emir net ze widderspriechen, an dem gläichgeschlechtleche Sex mat bis zu siwe Joer Prisong bestrooft gëtt an wou auslännesch Aarbechter ënner onwierdegen Konditiounen d'Büne fir déi grouss FIFA-Show gebaut hunn. Dausende vun hinnen hunn dobäi hiert Liewen verluer.
Dacks gëtt d'Argument benotzt, datt grad déi global Opmierksamkeet vun esou enger Veranstaltung zu positive Verännerungen am Land vum Organisateur géif féieren.
Wéi schäinhelleg dat ass, weist d'Beispill vun China, dat 2006 an dëst Joer déi olympesch Spiller empfaangen huet. Dat huet näischt un der Repressioun géint Minoritéiten an Oppositioneller geännert. Am Géigendeel, si ass nach méi récksiichtslos gi wéi virdrun.
Och Russland, wat nieft der Fussballweltmeeschterschaft schonn olympesch Spiller organiséieren duerft, ass enger totalitärer Diktatur zanterdeem nach méi no komm.
Mir maachen de Spektakel eréischt méiglech
Et ass naiv ze gleewen, Nationalekippe géifen refuséieren un der WM am Katar Deel ze huelen. Dofir stnin ze vill wirtschaftlech a politesch Interessen um Spill.
Mee déi, déi de ganzen Spektakel eréischt méiglech maachen, si mir, de Public. Mir dinn duerch héisch Aschaltquoten d'Präisser fir d'Reklammen an d'Luucht dreiwen.
Mir maachen den Merchandising vun Trickoten, Albumen a Videospiller begeeschtert mat a spullen esou weider Milliounen an d'Keesen. Mir, déi eis duerch den Internet klicke fir och déi geréngste Meldung iwwer de nächste Match ze fannen.
Esoulaang wéi FIFA an IOC duerch eis Milliarde verdéngen, wäerte se weider zouloossen, datt hier Eventer u Länner ginn, fir déi de Sport just e Paravent ass, hannert deem si hier knaschteg Wäsch verstoppen.
Eréischt wa wärend enger WM manner brongt Zockerwaasser oder Hamburger verkaaft ginn, well se de Logo vun der FIFA drop hunn, besteet eng Chance, datt Sponseren et sech zweemol iwwerleeën hiren Numm dofir hier ze ginn.
Andeems mir der nächster Weltmeeschterschaft de Réck dréinen, wäerte mir d'Welt net retten. Mee änlech wéi an der Legend vum Kolobri, ka jiddwereen eng Drëps dozou bäidroe fir d'Feier auszemaachen.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.