Radioen

On air

9 bis 1  |  Adele - Set Fire To The Rain

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iwwer den Net-Respekt am Stroosseverkéier

Fräie Mikro

Iwwer den Net-Respekt am Stroosseverkéier

An der leschter Zäit ass de Respekt tëschent den eenzelen Benotzer vun der ëffentlecher Strooss en ëmmer méi grousst d'Theema an eiser Gesellschaft. Besser gesot, den Net-Respekt tëscht hinnen. E puer Gedanken vum Isabelle Medinger.

auto_stories

3 min

Leider ass den Debat ëm de géigesäitege Respekt staark behaft mat géigesäitege Scholdzouweisungen.

Et kéint een den Androck kréien, datt all Opruff zur Moderatioun vun de Vëlos-Initiativen, den Ëmweltorganisatiounen, de Ministèren, der Sécurité Routière oder der Police deelweis als Provokatioun géingen opgeholl ginn.

De Contraire ass natierlech d'Zil. An et geet hei net em eng romantesch Duerstellung vum Vëlofueren.

Virun Allem geet mat der Beléiftheet vum Vëlo och de Risiko fir en Accident fir déi Benotzer an d'Luucht. D'Konfliktpunkten heefen sech, well getrennte a geséchert Vëlosinfrastrukturen de Besoinen net séier genuch nokommen. An och well de politesche Wëllen ze spéit däitlech Weiche gestallt huet.

Fir déi nächst Generatioune plangen

Wat eist ganzt Verhalen definéiert ass nun eben zu engem ganz groussen Deel d'Infrastruktur. Well se intuitiv ass - am Idealfall- an net nëmme méi ob den Auto ausgeriicht dierf sinn.

Dat beschte Reegelwierk daacht näischt, wann d'Infrastruktur net deem entsprécht, wat et vum Benotzer verlaangt. Reegelen a Verbueter sinn nun eben net intuitiv. A wa mer en anere modal split tëschent Individual Verkéier, ëffentlechen Transport a Mobilité douce wëllen - an dee musse mer wëllen, musse mer endlech anescht iwwerleeën.

Well mer net just fir déi nächst fënnef Joer plangen, mee fir déi jonk Generatiounen.

Eng verzerrte Sprooch

De Roland Kager (aus engem Artikel am The guardian), Datenanalyst a Multimodal Transport Fuerscher, - jo, sou eppes gëtt et - erkläert wéi déi joerzéngtelaang Mobilitéitspolitik, déi exklusiv ob den Autosverkéier konzentréiert war, d'Behuele vun de Mënschen am ëffentleche Raum gepräägt huet. Et gëtt ëmmer duerch eng Schabloun gekuckt an zwar de Pare-Brise vun engem Auto.

Souguer eis Sprooch ass dovun gepräägt, argumentéiert de Kager weider. "Wa mer soen eng Strooss ass gespaart, fir Evenement menge mer domat datt se fir de motoriséierten Trafic gespaart ass, zu Fouss a mam Vëlo ass se awer accessibel."

Wat méi grouss a méi séier, wat méi geféierlech

An de Chercheur geet nach méi wäit. Hie freet sech firwat mir vu vulnerabelen Usagere schwätzen. Déi si jo nëmme par Rapport zu groussen an séiere Gefierer schwaach.

An hie werft erëm d'Fro vun eiser verzerrter Perspektiv ob. Firwat nenne mer déi grouss, schwéier a séier Ween net geféierlech Usageren. Wann hien och net ausdrécklech de Chauffer ernimmt, sou spillt dach awer d'Iddi mat, dat een an engem tonneschwéiere Gefier schonn eleng vun der Masse hir méi geféierlech ass wéi een deen um Vëlo oder ze fouss ënnerwee ass. Dat gëllt iwwregens och fir d'Vitesse. E séiere Cyclist stellt och eng potentiell Gefor fir de Foussgänger duer, deen ob der voie publique wierklech dee plakegste Wiermchen an der Ketten ass.

Wat méi séier a méi grouss, wat een sech der potentieller Gefor déi een duerstellt méi bewosst muss sinn an deementspriechend handelen.

Mënschen behuele sech donieft oder och net, egal an oder op wat se sëtzen oder wa se ze fouss ginn. Mee d'Konsequenzen sinn ganz anerer.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.