Kathoulesch Kierch Fraerechter: An Däitschland ass d'Kierch "méi wäit" wéi zu Lëtzebuerg

An der Diskussioun ronderëm d'Fraerechter, ass déi kathoulesch Kierch an Däitschland "méi wäit", wéi d'Lëtzebuerger Kierch, seet d'Marie-Christine Ries. Déi däitsch Kierch hätt zum Beispill zanter Joren e Fërderprogramm fir Fraen op Verantwortungsposten ze bréngen. Si mengt, déi Lëtzebuerger Kierch wier fir esou e Programm "ze kleng", seet déi bëschhooflech Delegéiert.

Rick Mertens / cz

Christine Ries
D'Christine Ries ass bëschooflech Delegéiert

De Lëtzebuerger Äerzbëschof seet, hie géif sech a senger Kierch méi Fraen op Entscheedungsposte wënschen. Eng vun de wéinege Fraen, déi haut schonn e Responsabilitéitsposten an der Lëtzebuerger Kierch huet, ass d'Marie-Christine Ries, déi zanter e puer Joer bëschooflech Delegéiert ass. Si wéilt sech bannen der Kierch weider fir d'Rechter vun de Fraen asetzen.

Si selwer hätt eng eenzeg Kéier dru geduecht an déi anglikanesch Kierch anzetrieden, wéi dës d'Priestertum fir d'Fra opgemaach hunn. Datt si nach wäert erliewen, datt d'Diakonat an d'Priestertum an der kathoulescher Kierch fir Fraen zougänglech gëtt, gleeft d'Marie-Christine Ries net.

"Ech hoffen, an ech schaffen, an ech bieden, an ech kämpfen, datt d'Diakonat an d'Priestertum fir d'Fra méiglech gëtt. An déi Hoffnung ginn ech net op. Ech weess, datt ech et net méi erliewen. Mee ech soe mir: Wann ech meng Schrëtt haut net gi mat aneren, fir datt et kënnt, da kann et ni kommen. Also ginn ech se."

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Leo Wagener
Kathoulesch Kierch

Den zukünftege Weibëschof Leo Wagener seet, hie wéisst nach net genee, wéi seng Aarbecht an dëser neier Roll géif ausgesinn. Et wier wichteg, datt déi Gleeweg sech verstäerkt an der Kierch engagéieren.

Leo Wagener
Relioun

An de leschte Woche gouf et geheeften Austrëtter aus der kathoulescher Kierch, seet de Generalvikar Leo Wagener. Dorënner wiere vill Jonker, awer och eeler Leit, déi laang kathoulesch waren.

Daniel GRAUL
Glawen

Och virum Ofschafe vum Reliounsunterrecht wier et kee sozialen Drock ginn, seet den Oktavpriedeger Daniel Graul. Leit, déi sech haut an der Kierch engagéieren, géifen dat méi bewosst maachen.

Net verpassen

Programm

  • Iwwergang op déi nächst Emissioun

  • On air

    Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Panorama

  • Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen