Institut fir Digital- an Zäitgeschicht Forum Z - eng Diskussiounsronn iwwer d'Lëtzebuerger Finanzplaz
D'Geschicht vun der Lëtzebuerger Finanzplaz ass ënner anerem vum Holdinggesetz vun 1929 gepräägt, awer nach wéineg erfuerscht. En neit Institut op der Uni Lëtzebuerg wëllt dat elo änneren. Op enger ëffentlech Konferenz zum Thema hu véier Experten eng Rei historesch Quelle kommentéiert.
Fir e klengt Land wéi Lëtzebuerg war et immens intelligent, fir dat sougenannt "Holdinggesetz" anzeféieren, mengt de Luc Frieden, fréiere Finanzminister an aktuelle President vun der BIL. Dat wier wichteg fir auslännescht Kapital op Lëtzebuerg ze zéien.
"De steierleche Kader ass ee vun den Elementer, deemools wéi haut, fir d'Wirtschaft an enger internationaler Perspektiv z'entwéckelen. Ech mengen, datt déi Leit schonn am Joer 1929 eng international Visioun vu Lëtzebuerg haten"
Déi Suen, déi d'Holdingen dem Lëtzebuergesche Staat abruecht hätten, wieren a Lëtzebuerg investéiert ginn an hätten domat zum aktuelle Wuelstand am Land bäigedroen.
Nischepolitik
Lëtzebuerg hätt 1929 och sécher Elementer vun der Schwäiz iwwerholl, sou den Historiker Thibaud Giddey. A sengen Aen hätt een an der Schwäiz awer manner d'Opfaassung fir vu gesetzleche Kaderen am Ausland ze profitéieren, fir eng Nischepolitik ze bedreiwen, wéi et zu Lëtzebuerg an de 60er Joren de Fall gewiescht wier.
Deem widdersprécht de Georges Heinrich, aktuelle Generalsekretär vun der Banque de Luxembourg a fréieren héije Beamten am Finanzministère. Lëtzebuerg hätt deemools net d'Intentioun gehat, fir anere Länner ze schueden. Déi politesch Responsabel vun 1929 hätte wëllen e Stéck vum Kuch hunn. Dat wier net opportunistesch, esou de Georges Heinrich.
"Virun dëser Period gouf et en irrationalen Iwwermutt op de Finanzmäert, wéi den Alan Greenspan et genannt huet. Wahrscheinlech goufen et Finanzleit zu Lëtzebuerg. Leit, déi dat observéiert hunn a sech geduecht hunn, datt et gutt wier, fir sech e klengen Deel vun de Gewënner ze sécheren."
Regelung vum Finanzsecteur
D'Marie-Jeanne Chèvremont-Lorenzini ass fréier Managing Partner bei PWC. Si beschreift déi fréier Relatiounen tëscht de Lëtzebuerger Finanz-Kontrollautoritéite an dem Finanzsecteur als Partenariat.
Méi Reegele géifen dem Georges Heinrich no näischt bréngen. Ouni eng gewëss Basisethik géife méi Reegelen a Restriktioune bedeiten, datt méi géif probéiert ginn dës Reegelen z'ëmgoen.
Keng moralesch Bewäertung vun der Geschicht maachen
Et dierft een net mam Bléck vun haut moralesch doriwwer jugéieren, wéi d'Finanzplaz sech an der Vergaangenheet entwéckelt huet, seet de Luc Frieden.
Et wier effektiv net d'Aufgab vum Historiker, fir eng moralesch Bewäertung vun der Geschicht ze maachen, esou d'Äntwert vum Laurent Moyse. De Journalist an Auteur vun engem Buch iwwer d'Geschicht vun der Finanzplaz mengt, et kéint een de generelle Constat maache, datt de Secteur haut anescht géif funktionéiere wéi fréier.
"Während enger ganzer Zäit ass d'Legislatioun zu Lëtzebuerg der Entwécklung vun de Bank-Aktivitéiten hannendru gelaf. Haut gesäit een eng aner Tendenz. Et probéiert een elo déi international Beweegunge virauszegesinn, an Direktiven ëmzesetzen, déi et erméigleche fir d'Aktivitéiten ze developpéieren."
Schwéier Sich no Informatiounen iwwert d'Geschicht
Wann d'Historiker vum C2DH, dem Institut fir digital an Zäitgeschicht, d'Geschicht vun der Lëtzebuerger Finanzplaz wëllen erfuerschen, si si op schrëftlech Sourcen ugewisen. Notamment aus dem Finanzministère. De Georges Heinrich, bremst d'Erwaardungen. Am Finanzministère géifen zwar immens grouss Archiven existéieren, mee et wier schwéier spezifesch Informatiounen do erëm ze fannen.
Fir d'Banque de Luxembourg géif dat genee d'selwecht ausgesinn. Hie perséinlech wier nach net an den Archive gewiescht a wéisst och net wou se wieren, seet de Georges Heinrich. "Op Däitsch seet een 'was ich nicht weiss, macht mich nicht heiss'".