arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Formatioun ass Assurance géint de Chômage"

Handwierk

|
reading time

3 min

"Formatioun ass Assurance géint de Chômage"

Vun der nächster Rentrée u gëtt et dräi Mol méi deier, fir sech fir de Brevet de Maîtrise anzeschreiwen. Eng néideg Upassung, fënnt de Vize-Generaldirekter vun der Handwierkerkammer Charles Bassing. Virun allem well d'Formatioun opgewäert gi wier: wien de Meeschterbréif huet, kréich an Zukunft och méi Rechter.

reading time

3 min

play_arrow Firwat ass de Brevet méi deier? Interview Bassing

600€ fir ee Joer Coursen an 300€ fir d'Examens-Sessioun. D'Käschte vum Brevet si verdräifacht ginn, dat wier awer duerchaus ze vertrieden, fënnt de Charles Bassing, Vize-Generaldirekter vun der Chambre des métiers. Zesumme mam Service formation professionnelle vum Educatiounsministère bekëmmert sech d'Handwierkerkammer ëm d'Formatioun.

D'Käschte wieren zënter iwwer zéng Joer net méi ugepasst ginn, fir d'lescht 2006, huet de Minister Claude Meisch (DP) a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro erkläert. An Tëschenzäit wieren awer Indextranchen erfall, doduerch wieren d'Fraise fir d'Chargés de cours geklommen, sou de Charles Bassing.

"De Brevet de Maîtrise ass opgewäert ginn"

Virun allem ass de Brevet reforméiert ginn, souwuel den Inhalt vun de Coursen, wéi och d'Methoden. Zum Beispill gëtt vum Hierscht un den neie Brevet de Maîtrise "Alimentation" ugebueden.

Bis dohi ware fir d'Beruffer Bäcker, Patissier, Traiteur oder och Metzler eenzel Breveten néideg. "D'Leit kréien elo méi Rechter, si kënnen sech mat deem enge Brevet an all deene Beruffer selbstänneg maachen". De Meeschterbréif wier deemno opgewäert ginn, wat erëm déi méi héich Aschreifkäschte géif justifiéieren.

Potenziell Kandidaten duerch d'Käschten ofgeschreckt?

D'Chambre des salariés hat sech géint eng Hausse vun deene Käschte gewiert. Wann iwwerhaapt, sollten d'Fraisen eleng un d'Präisdeirecht ugepasst ginn.

An hirem Avis huet d'Salariatskammer och ze bedenke ginn, datt e méi deiere Brevet potenziell Kandidate kéint decouragéieren.

"Et kann effektiv sinn, dat kann een ni verhënneren", gesäit de Charles Bassing vun der Chambre des métiers an. Mä 600€ wiere fir iwwer 100 Stonne Cours pro Joer "net iwwerdriwwen deier". An Däitschland, beispillsweis, géifen ähnlech Formatioune bis zu 9.000€ kaschten.

Zougank elo och fir "Quereinsteiger" méiglech

An der Lescht wier den Zougank zum Brevet och méi einfach gemaach ginn. Fréier wier de Brevet d'Suite vum DAP gewiescht am respektive Beruff. "Et ware wéineg Passerellen tëschent de Beruffer an och tëschent Formatiounen aus anere Beräicher do", erkläert de Charles Bassing.

Allerdéngs wieren et ëmmer méi Ufroe gi vu "Quereinsteiger", Leit, déi net de klassesche Wee iwwert d'Léier an d'Handwierk ginn, a beispillsweis mat enger Première e Meeschterbréif wëlle maachen.

Dofir sinn zënter dem leschte Joer d'Zougankscritèren un de Lëtzebuerger Qualifikatiouns-Kader gekoppelt ginn. "Do kann och elo e Steemetzer kommen an e Brevet de Maîtrise als Moler maachen", sou de Charles Bassing.

Zitt d'Handwierk nach un?

Ass d'Handwierk, a besonnesch de Meeschterbréif, hei am Land iwwerhaapt nach attraktiv? All Joer géife sech 750 bis 800 Kandidaten aschreiwen, "wéi e klenge Lycée", seet de Vize-Generaldirekter vun der Handwierkerkammer.

Besonneschen Interessi hätt ee beim neie Brevet de Maîtrise "Alimentation" festgestallt. Fir e Bilan ze zéie wier et awer nach ze fréi. D'Aschreiwunge lafen nach bis de 15. August.

De Brevet wier ee vun de "qualitative Mierkmoler vum Handwierk". Dem Charles Bassing no wiere ganz wéineg qualifizéiert Leit, déi e Gesellebréif, DAP, CCP oder Brevet de Maîtrise hunn, am Chômage. "Déi Formatioune sinn eppes wéi eng Assurance géint de Chômage".