arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fondatioun Robert Krieps: Besteierung vu FISen reforméieren

Steiervermeidung

|
reading time

1 min

headphones

13 min

play_arrow

Fondatioun Robert Krieps: Besteierung vu FISen reforméieren

Plus-valuen am Immobilieberäich, déi zu Lëtzebuerg realiséiert ginn, sollt een an Zukunft net méi a Spezialfongen (sougenannte FISen) virun enger normaler Besteierung verstoppe kënnen. Dat proposéiert déi LSAP-no Fondatioun Robert Krieps an engem Pabeier, dee kierzlech publizéiert gouf.

reading time

1 min

headphones

13 min

play_arrow

Fir Immeublen an Terrainen, déi zu Lëtzebuerg leien, sollt dofir an Zukunft d'Besteierung net méi um Niveau vum FIS gemaach ginn, mee direkt um Niveau vum Aktionnär hanner dem FIS, esou de Co-Auteur vum Pabeier vun der Fondatioun Robert Krieps. Dat géif een enormen Ënnerscheed maachen, well een dann erëm "bei enger Besteierung vu bis zu 42 Prozent" wier.

"Dee FIS, dee mir analyséiert hunn, deen aktuell 62.000 Euro un d'Allgemengheet ofgëtt, dee géif do héchstwarscheinlech 25 Millioune pro Joer bezuelen."

Proprietären, déi Immobilien an esou e Fong setzen, bezuelen dann nëmmen 0,01 Prozent vum Netto-Aktiv Steieren dorop. De Max Leners mengt, eng Reform vun deene Fonge wier dréngend néideg. Et kéint een d'FISen esou änneren, datt d'Aktionäre vun Immobilien an deene Fongen direkt an normal besteiert ginn.

De Mechanismus vun de FISen, déi de Staat all Joer ëm Steierrecetten a Milliounenhéicht bréngen, wier eng "immoralesch Legalitéit", d'Gesetz wier schlecht a misst geännert ginn. Am Koalitiounsaccord steet iwwregens och, datt eppes géint d'Abusen ënnerholl soll ginn, déi mat deene Spezialfonge fir Immobilie gemaach ginn.

play_arrow Lauschteren