Konflikt Fondatioun Kräizbierg: OGBL a Personaldelegatioun verstäerken Drock

Am Konflikt bei der Fondatioun Kräizbierg verstäerken den OGBL an d'Personaldelegatioun den Drock op d'Direktioun an de Verwaltungsrot. De Jeannot Berg, Administrateur Délégué a President vum Direktiounscomité, misst ersat ginn, huet den Donneschdeg den Owend d'Personalvertriederin Daniela Willems gefuerdert, op enger Informatiounsversammlung fir d'Personal an der Maison du Peuple zu Esch.

Pierre Reyland / cz

Kräizbierg 4
Foto: Archiv

De Bäitrag vum Pierre Reyland lauschteren


D'Delegatioun an den OGBL geheien der Direktioun en "onmënschleche" Féierungsstil vir. An d'Personalvetriederin Daniela Willems huet am 100,7 Interview kloer gefuerdert, d'Direktioun misst ersat ginn.

"Die Forderung ist klar, und die haben wir am Donnerstag im Verwaltungsrat ganz klar noch mal formuliert, und ganz klar gesagt: Davon gehen wir keinen Zentimeter zurück."

De Verwaltungsrot hat sech, bei der Reunioun virleschten Donneschdeg, hanner d'Direktioun gestallt, an un där schon virdun annoncéierter Propose festgehalen: Et géif en Audit, vun engem externen Expert, gemaach ginn.

Och Probleemer an de Wunnstrukturen

Den OGBL an d'Personaldelegatioun géife bei deem Audit awer net kooperéieren, hu si op der Informatiounsversammlung den Donneschdeg nach emol betount. De Conseil wéilt hei just op Zäit spillen.

D'Fakte léichen awer scho méintelaang um Dësch, an engem 400-Säiten-laangen Dossier vun der Personalvetriedung, mat, virun allem, Beispiller vu Problemer an den Ateliere Kräizbierg, wou Leit mat enger Behënnerung schaffen. De Joël Delvaux, vum OGBL sengem Departement fir Travailleurs handicapés, sot, et géif awer net just an den Ateliere Problemer ginn:


De Joël Delvaux


"An deemenstpriechend wäert de Verwaltungsrot elo konfrontéiert ginn mat der Realitéit vum Terrain, datt et ebe net nëmmen an den Ateliere net gutt fonktionnéiert, mee eben och an de Wunnstrukture Problemer gëtt"

De Pitt Bach, zentrale Sekretär fir den OGBL Syndikat Gesondheet a sozial an edukativ Servicer, qualifizéiert den Audit, deen de Verwaltungsrot an d'Spill wëllt bréngen als "Zäitspill". Déi concernéiert Leit wéilten dat "Spillchen" an deen Audit net méi matmaachen. "D'Fakte leien um Dësch, an do si Beweiser an deenen Dossieren, déi eis Aussoe beleeën", sou de Pitt Bach.

Méi Detailer sollen an den nächsten Deeg publik gemaach ginn. De Pitt Bach sot eis:

"...datt d'Sécherheet vun de Leit um Spill steet hei, wou z.B. deier Maschinne bestallt ginn, déi dann e Schwenkarm hunn, deen op der Héicht ass vum Genéck vu Leit an engem Rollstull."

OGBL verstäerkt Drock

Den OGBL hätt eng kloer Strategie fir weider Drock ze maachen, op d'Direktioun an de Verwaltungsrot, mam fréieren DP Politiker Henri Grethen als President. Hie wéilt awer elo nach kéng Detailer ginn, wat déi nächst Schrëtt wäerte sinn, sou de Joël Delvaux:

"Als Gewerkschaft huet ee schonn eng ganz Rei Outilen, déi ee nach notze kann, fir nach Drock weider oprecht ze halen, a mir wäerten dee steigeren, ganz kloer."

Méi zum Thema

Kräizbierg 3
Gesellschaft

De President vun der APIA bedauert, datt d'Direktioun vun der Fondatioun Kräizbierg sech bis haut nach net zu de Reproche geäussert huet. Hie selwer hätt schlëmm Saachen héieren. Beschäftegter mat enger Behënnerung wieren exploitéiert ginn.

Kräizbierg Manif 1
Konflikt tëschent Personal an Direktioun

Virun enger neier Reunioun vum Verwaltungsrot hunn eng 150 Leit d'Direktioun vun der Fondatioun Kräizbierg op engem Protestpiquet hefteg kritiséiert. Um Enn ass de Verwaltungsrot bei senger Positioun vu leschter Woch bliwwen.

Fondation Kräizbierg
Konflikt tëschent Direktioun a Personaldelegatioun

D'Decisioune vum Verwaltungsrot vun der Fondatioun Kräizbierg hunn net gehollef fir d'Personal ze berouegen: Den OGBL fuerdert am Konflikt tëschent Personaldelegatioun an Direktioun méi wäitreechend Decisiounen.

Kräizbierg 2
Vertrauenskris tëschent Personal an Direktioun

An der Fondatioun Kräizbierg sollen eng extern Evaluatioun an eng Mediatioun hëllefen de Konflikt ze léisen. Zanter Méint gëtt et eng Vertrauenskris tëschent der Personaldelegatioun an der Direktioun.

Fondation Kräizbierg
Fondation Kräizbierg

No interner Vertrauenskris soll de Mëtteg de Verwaltungsrot vun der Fondation Kräizbierg zesummekommen. Den OGBL hat vu Mëssstänn geschwat, d'Direktioun kritt en onmënschleche Féierungsstil virgehäit.

Jeannot Berg
Behënnertesecteur

D'Fondatioun Kräizbierg war mat kenger Corona-Infektioun konfrontéiert, seet de Jeannot Berg. Hien deelt d'Aschätzung net, datt de Behënnerteberäich vun den Autoritéiten an der Kris vergiess gi wier.

Carine Nickels
Vergiess ginn

Zënter dem 13. Mäerz sinn déi meescht Wunnstrukture fir Mënsche mat enger Behënnerung am Lockdown. Nëmme lues a lues kënnt et an de verschiddenen Haiser zu Lockerungen. "Et fänkt un op d'Moral ze schloen" esou d'Carine Nickels.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Noriichten

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen