Lëtzebuerg "Fokus": Eng nei Partei zu Lëtzebuerg

Ouni de Fränk Engel, dee stënterlech huet missen hospitaliséiert ginn, ass de Mëtteg déi nei Partei virgestallt ginn, déi de fréieren CSV-President zesumme mat aneren an d'Liewe geruff huet. Hiren Numm ass "Fokus". Si versteet sech manner als Partei am klassesche Sënn wéi als Beweegung mat enger neier Approche fir Politik ze maachen.

mm / cz

D'Ekipp vu "Fokus"

E fäerdege Programm gëtt et nach net, dee soll an engem participative Prozess zesumme mat zukünftege Memberen, Experten an einfache Bierger entstoen. E wäert sech u virdefinéierten Ziler orientéieren, déi Fokus selwer als "biergerlech Wäerter" beschreift. Fokus wëll bei den nächste Gemengewalen am Fréijoer 2023 a méiglechst ville Gemengen untrieden, mat eegene Lëschten oder oppene Biergerlëschten. D'Partei huet och d'Chamberwalen am Hierscht dat selwecht Joer am Bléck. A si wéilt sech do net mat zwee Sëtz zefridde ginn, mee géif ustriewen direkt an d'Regierungs-Verantwortung ze kommen, huet et de Mëtteg op enger Pressekonferenz geheescht.

Méi zum Thema

Frank Engel
Déi (nei) CSV-Positioun am Dossier Verfassung

D'CSV wier "après réflexion" der Meenung, datt e verflichtende Referendum iwwer déi nei Verfassung net déi beschten Optioun wier, seet de Frank Engel. Dat wier keen Ultimatum an d'CSV géif hir Positioun och net méi iwwerdenken.

Robert Mehlen
Reform vum Wahlgesetz

Der ADR no sollen déi véier Wahlbezierker bei de Chamberwahle bestoe bleiwe fir déi regional Representatioun ze garantéieren. D'Verdeelung vun de Mandater soll der Wielerzuel an de Bezierker entspriechen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen