Gemengewahlen Gréiwemaacher: Fliedermais verhënnere Wunnengsbau

Wéinst de Fliedermais ginn zu Gréiwemaacher net genuch Wunnenge fir déi Jonk gebaut. Doriwwer si sech den CSV Buergermeeschter Léon Gloden an den DP-Gemengeconseiller René Sertznig eens. Zënter Jore kann e Bauprojet, deen 250 Wunnenge virgesäit, net realiséiert ginn, well en op engem Terrain leit op deem Fliedermais landen a fortfléien.

Maxi Pesch / ys

Sertznig Gloden
René Sertznig (DP) a Léon Gloden (CSV)

D'Gemeng géif den Ament mam Staat verhandele fir alternativ Terrainen ze kréien. D'Verhandlunge wieren allerdéngs problematesch, erkläert den CSV-Deputéierten a Buergermeeschter Léon Gloden. "Dat heescht, mir mussen elo Terraine ronderëm opkafen, fir d'Fliedermais starten a landen ze loossen. Mir mussen an dësem Land eng Kéier kloer soen, ob mir all Fliedermaus wëllen oder ob mir Wunnengsbau fir déi Jonk wëllen".

Och d'Oppositiounspartei DP ass der Meenung, datt de Projet, dee ronn 250 Wunnenge virgesäit, net un de Fliedermais soll scheiteren. Fir den DP-Gemengeconseiller René Sertznig gëtt et nach eng aner Iddi, fir deene Jonken d'Wunnen an der Stad Gréiwemaacher z'erméiglechen."Datt ee jonke Leit, à Terme, zum Beispill op sechs Joer, eng bëlleg Wunneng géing bidden. An der Zäit kënne si da Suen uspueren, fir sech eng eege Wunneng ze kafen".

Fliedermais oder Wunnengsbau?

Net eens si sech béid Politiker wat d'Gemengefinanzen ugeet. D'Oppositioun werft der aktueller CSV/déi gréng-Majoritéit vir, ze vill Scholden ze maachen. "Enn 2011 hate si eng Scholdelaascht vun 10,5 Milliounen Euro. Dëst Joer gesäit de Budget 26,2 Milliounen Euro vir."

Eng Kritik, déi de Léon Gloden net gëlle léist. "Mir hu bis ewell 43 Milliounen Euro investéiert a just 6,4 Milliounen Euro Kredit opgeholl." Dem CSV-Buergermeeschter no hätt d'Majoritéit an dëser Legislatur Period méi investéiert, wéi déi Virrecht DP/LSAP Majoritéit a just d'Halschent vum Kredit opgeholl. Fir eng méi grouss Transparenz vun den Zuele misst, dem DP-Gemengeconseiller René Sertznig no, de Budget um Internetsite vun der Gemeng publizéiert ginn.

Oneens bei de Gemengefinanzen

Fir Gréiwemaacher als Stad méi attraktiv ze maachen, soll an engem Joer e sougenannte "Financial District" mat 800 Aarbechtsplazen um Potaaschbierg entstoen. Eng gutt Iddi, fënnt d'Oppositioun. Et misst een awer oppassen, datt d'Autobunnsopfaarten an -Ausfaarten net iwwerfëllt ginn. Béid Politiker hu sech och nach eemol kloer géint déi geplangten Erweiderung vum Tanklager zu Mäertert un der Musel ausgeschwat.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Maxi Pesch
Lauschteren

Méi zum Thema

Tanklager Mäertert
Gréiwemaacher/Maërtert

"Esou laang ech Buergermeeschter vu Gréiwemaacher sinn, gëtt et fir dee geplangten Ausbau vum Tanklager zu Mäertert keng Autorisatioun", seet de Léon Gloden (CSV). D'Decisioun fält eréischt no de Gemengewahlen.

Tanklager
Hafen zu Mäertert

Bei den Diskussiounen iwwert deen ëmstriddenen Ausbau vum Tanklager zu Mäertert un der Musel géif d'Lëtzebuerger Regierung weider net op d'Awänn vun deene betraffene Gemenge lauschteren.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen