Iechternach Firwat stoung d'Petite Marquise esou laang eidel?

Virun e puer Méint huet d'Gemeng de fréieren Hotel kaf. Zënter 20 Joer ass näischt méi un der Petite Marquise gemaach ginn. Grond dofir waren ënner anerem e Baustopp a Sträit tëscht de Proprietairen.

Pit Walté / fk

Petite Marquise
D'Petite Marquise zu Iechternach

D'Petite Marquise wier fréier eng vun de beschten Adressen an Iechternach gewiescht, seet den Albert Richard. Hien huet zënter 25 Joer säi Café vis-à-vis vum fréieren Hotel.

Onkloerheet duerch e Schreiwes vu Sites et Monuments

Well d'Proprietairë Problemer haten, huet den Hotel 1996 allerdéngs misse verkaf ginn. Eng Bank wier um Hotel interesséiert gewiescht, seet de Raymond Becker. Hien ass grénge Member vum Iechternacher Gemengerot a President vun der Biergerinitiativ "Intra Muros". E Schrëftstéck vum staatleche Service des Sites et Monuments hätt allerdéngs virgesinn, datt an der Petite Marquise een Deel mam Numm "Petite Portugaise" erhale misst bleiwen. "An dunn ass d'Bank ofgesprongen."

Dee Moment wier awer net kloer gewiescht, ob dat Schrëftstéck vu Sites et Monuments den Erhalt vun der Petite Portugaise och wierklech virschreiwe géif, oder ob et nëmmen en Avis wier. Am Schrëftstéck hätt gestanen, "datt d'Petite Portugaise erhalenswäert wär", seet de Ben Scheuer vun der LSAP an éischte Schäffe vun der Gemeng Iechternach.

"Si ass awer ni an den Inventaire opgeholl ginn. Dat heescht, et war am Fong just e Schrëftstéck, mä et ass ni enregistréiert ginn op hirem Inventaire."

Baugeneemegungen net respektéiert

Well d'Interessente wéinst dem Avis vum Site et Monuments Ofstand vum Kaf geholl hunn, huet den Hotel misse versteet ginn. Zwee Bridder hätten d'Gebai kaf, seet de Raymond Becker. Déi hätten du Baugeneemegungen ugefrot, déi d'Gemeng net hätt bewëllege kënnen.

Wéi si da schlussendlech dach eng Baugeneemegung vun der Gemeng kritt haten, hätten si sech awer net dru gehalen, esou de President vun der Biergerinitiativ Intra Muros. 2002 gouf dunn e Baustopp ausgeschwat.

Kritik un de politesche Responsabelen

Nom Baustopp hätt d'Gemeng awer net genuch gemaach, kritiséiert de Raymond Becker, President vun der Biergerinitiativ "Intra Muros". Déi Responsabel hätten zwar eng Plainte géint d'Poprietairë vun der Petite Marquise gemaach. Mä a sengen Aen hätten d'Proprietaire missen enteegent ginn, well si sech net un d'Baugeneemegunge gehalen hunn.

Den LSAP-Schäffe Ben Scheuer mengt awer, datt vu Säite vun der Politik alles gemaach gi wier. Nom Baustopp wier den Dossier op d'Geriicht gaangen. "Et si Prozesser gefouert ginn, et sinn Uerteeler gesprach ginn, obwuel déi Uerteeler ni exekutéiert gi sinn. Et gëtt nach ëmmer den droit à la propriété an do ass kee Geriicht, wat een enteegent."

Déi zwee Bridder, deenen den Hotel gehéiert huet, hätte Streit kritt, seet de Raymond Becker. Een Opruff vun der Initiativ "Intra Muros", deen d'Proprietairen zum Verkaf zwénge wollt, hätt "d'Fronte verhäert", seet sengersäits de Ben Scheuer.

D'Petite Marquise zu Iechternach

Gemeng huet d'Gebai kaf

No laange Gespréicher wieren d'Proprietairen da schlussendlech bereet gewiescht, d'Petite Marquise ze verkafen, seet de Raymond Becker. Am Mäerz dëst Joer huet d'Gemeng dunn, no engem unanimë Vote am Gemengerot, dat aalt Gebai fir ronn dräi Millioune kaf. D'Petite Marquise soll elo ofgerappt ginn. Amplaz sollen nei Wunnengen a Geschäfter entstoen. D'Awunner géif et freeën, datt d'Petite Marquise géif ofgerappt ginn, seet de Maximilien Lamesch, Gerant vun engem Café zu Iechternach.

Thema an de Gemengewahlen?

Well Asbest fonnt gouf, missten eng Rei Kontrolle gemaach ginn. D'Ofrapp-Aarbechte kéinten dofir net wéi erwaart virun de Gemengewahlen ufänken. D'Petite Marquise wier iwwert d'Joren ëmmer nees en Thema an de Gemengewahle gewiescht, seet den LSAP Schäffe Ben Scheuer.

Och wann de fréieren Hotel eréischt no de Gemengewahlen am Oktober ofgerappt wäert ginn, wäert si dës Kéier am Wahlkampf keng Roll méi spillen. Do si sech de Ben Scheuer an de Raymond Becker eens.

An der Mediathéik:

Dossier vum Dag / / Pit Walté
Lauschteren

Méi zum Thema

Wengler-Becker
Gemengewahlen

Am Fréijoer huet d'Iechternacher Gemeng d'Petite Marquise kaf. D'Gebai stoung méi wei 20 Joer eidel a soll ofgerappt ginn. De geplangten Datum vu September kann awer net agehale ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen