Trisomie 21 Fir eng wierklech Inclusioun

Et misst méi séier viru goe wat Inclusioun an der Schoul, am Aarbechtsliewen an am Wunnen ugeet, seet d'Martine Eischen. An de leschten 10 Joer hätt sech zu Lëtzebuerg zwar vill gedoe wat Akzeptanz vun der Trisomie 21 ugeet, mee dat wier net genuch, erkläert d'Presidentin vun der Asbl "Trisomie 21 Lëtzebuerg".

Sophie Morang / cbi

Martine Eischen
D'Presidentin vun der Asbl Trisomie 21, Martine Eischen. Foto: Archiv.

Si géif net verstoen, firwat d'Schoulen sech schwéier di mat der Inclusioun vu Kanner an der Regelschoul, trotz den Efforte vum Educatiounsministère.

Eng Schoul fir jiddereen

D'Asbl Trisomie 21 Lëtzebuerg fuerdert méi Efforten. Inclusioun géif alle Kanner eppes bréngen. Schoulklassen, wou Kanner mat Behënnerung scolariséiert sinn, funktionéieren anescht, seet d'Martine Eischen. Toleranz a Verständnis géife sech an inklusive Klasse besser developpéieren. A grad déi Sozialkompetenze bräicht d'Gesellschaft.

Méi betreit Wunnen

Et feelt u Wunnenge fir jonk behënnert Erwuessener. Och wat betreit Wunnen ugeet, géif et net séier genuch viru goen. D'Martine Eischen begréisst awer, datt déi grouss Foyeren op méi kleng Strukturen iwwerwiesselen. A betreite Wunngemeinschafte kënne behënnert Mënsche méi individuell liewen. "Do kënnen si déi Saache maachen, déi hinne gefalen".

Méi zum Thema

Martine Eischen
Soziales

D'Zil vun der Associatioun Trisomie 21 ass et, fir d'Autonomie vun de Persoune mat enger Behënnerung ze fërderen. Dat fänkt an der Schoul un, seet d'Martine Eischen, Presidentin vun der Vereenegung.

Kyra
Welt-Down-Syndrom-Dag

"Mir probéieren esou verréckt duerch d'Liewen ze goen, wéi et nëmme geet," seet de Papp vum Kyra Wotipka. Déi jonk Fra huet Trisomie 21, eng Chromosome-Stéierung. Wéi erlieft d'Famill hiren Alldag?

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen