Spideeler Fir eng Nei-Orientéierung vum Gesondheetssystem

De Lëtzebuerger Gesondheetssystem wier ze vill op Spideeler zentréiert, kritiséiert d'AMMD, d'Associatioun vun den Dokteren an Zänndokteren. Si fuerdert eng fundamental Richtungsännerung, dee sougenannte "virage ambulatoire":

Maurice Molitor / cbi

Dr. Alain Schmit
De President vun der AMMD, den Dr. Alain Schmit

D'AMMD wëllt fort vun der schwéierer Spidolsmedezin hin zu enger schlanker ambulanter Versuergung vum Patient, am léifsten a dezentrale Gruppepraxissen, déi onofhängeg vun de grousse Spideeler iwwerall uechter d'Land kéinten entstoen.

Dem Manktem un Dokteren entgéintwierken

Fir dëse Modell huet den Dokter Alain Schmit, President vun der AMMD, plädéiert. Et wier fir d'Dokteren och méi interessant an esou engem System ze schaffe wéi a schwéierfällege groussen Spidolsstrukturen: an deem Sënn wär eng Neiausriichtung vum System eng Mesure géint de Manktem un Dokteren, op deen eist Land zousteiert, sou den Dr. Schmit.

Mat engem Taux vun haut 2,35 Doktere pro 1.000 Awunner wier eng kritesch Grenz erreecht, warnt d'Dokteschgewerkschaft. Et bräicht een nei Dokteren, seet den Dr. Alain Schmit. "A mir mussen iergendwéi gescheit Modeller entwéckelen hei am Land, datt mir auslännesch Dokteren - dat kënnen och Lëtzebuerger sinn, mee déi am Ausland forméiert ginn - och heihinner unzéie kënnen." Dës Doktere missten de Prinzip vum Gesondheetssystem verstoen an agesinn, datt et sech lount an esou engem System ze schaffen.

Méi no um Patient

Fir de President vun der AMMD geet et net drëms fir datt d'Doktere am neie System méi géife verdéngen, mee "d'Iddi ass wierklech, datt mir eng gescheit an eng modern Medezin an Zukunft kënnen offréieren. An déi muss definitiv aus de Spideeler eraus. Deen Hospitalo-centrisme ass keen Zukunftsmodell."

Den Dokter Alain Schmit wëllt awer net soen, datt d'Fusiounen am Spidolssecteur an déi geplangt oder scho realiséiert Neibauten falsch wieren. Mee e wichtegen Deel géif feelen, an zwar "datt parallel zu enger gutt equipéierter Klinik och an Zukunft en ambulanten Zentrum gehéiert." Modern Medezin wier net nëmme modern well se nei wier, mee si géif och dozou féieren, datt de Patient méi confortabel behandelt kéint ginn. "An eben och no do, wou de Patient wunnt. An dat geet nëmme mat dezentrale Strukturen an net mat enger zentraliséierter Spidolsmedezin."

An der Mediathéik:

Invité:e vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Betreiung
Psychiatrie

D'Psychiatrien hei am Land si voll, d'Patienten hunn net déi néideg Lobby. Et ginn eng Rei méiglech Verbesserunge bei der Versuergung, seet den Dokter Paul Hedo, President vun der SLP.

Dr. Marc Graas, Marc Stein, Mady Juchem
Riicht Eraus

Am Beräich vun der Psychiatrie géif net an déi richteg Strukturen investéiert ginn, seet de Marc Graas. Et wier "grotesk", wéi vill Suen doduerch "onnéidegerweis verplempert" géifen, esou de Psychiater.

Tiers payant Illustratioun
Tiers payant

Weiderhin déck Loft tëscht der Doktesch-an Zänndokteschassociatioun AMMD engersäits, an dem Sozialminister an der CNS anerersäits. Een Ausléiser sinn d'Diskussiounen ëm d'Verallgemengerung vum Tiers Payant System.

Jill Sterba
Tiers Payant

Gëschter gouf d'Petitioun iwwert den Tiers payant System an der Chamber debattéiert. D'Dokteschassociatioun weist sech net begeeschtert. De Minister Romain Schneider wëllt mat der AMMD eng Léisung fannen.

Net verpassen

  • Rapport d'activités 2021

    Banner.jpg

    De Rapport d'activités 2021 vum radio 100,7 ass verëffentlecht ginn. E gëtt en Abléck an d'Aktivitéite vun de verschiddene Servicer a Redaktiounen am leschte Joer.

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen