Chamberdebatt Fir e staarke Service Public
De radio 100,7 wëllt duerch en neit Gesetz e staarken ëffentlech-rechtleche Media ginn, dee fir d'Leit do ass, op si duergeet an op si lauschtert.
Op Demande vun der Regierung ass an den nächste Méint an der Chamber eng Consultatiounsdebatt iwwer de Service Public an der audiovisueller Medielandschaft. Als eenzege reng ëffentlech-rechtleche Media zu Lëtzebuerg ass de radio 100,7 gefrot ginn, Positioun ze huelen.