Enquête Panama Papers Finanzministère huet sech agemëscht

De Finanzministère hat Kontakt mat engem Geschäftsaffekot wéinst der Enquêtekommissioun Panama Papers vum Europaparlament: dat huet de Finanzminister an der zoustänneger Chamberskommissioun confirméiert. De Pierre Gramegna seet awer, hie selwer hätt net doriwwer Bescheed gewosst.

Rick Mertens

Pierre Gramegna (08.03.2017) - Finanzkommissioun Chamber
Pierre Gramegna (riets) an der Kommissiounssitzung (Copyright: Chambre des Députés)

Et geet ëm eng Email, déi aus dem Finanzministère un e Geschäftsaffekot geschéckt gouf: An der Mail, déi eis virläit, kritt den Affekot gesot, et wier besser, hie géif net an der Enquêtëkommissioun iwwer d'Panama Papers aussoen.

De Finanzminister seet hie wär net iwwer dësen Echange informéiert gewiescht. No enger interner "Recherche" hätt sech awer erausgestallt, datt een Affekot beim Ministère nogefrot huet, op en un der Enquêtëkommissioun soll deelhuelen oder net. Dësen Affekot, deen de Minister net wëllt nennen, hätt de Lëtzebuerger Staat als Client "bei ganz villen Affären, déi mat Fiskalitéit ze dinn hunn".

Keng allgemeng Recommandatioun

Den zoustännege Fonctionnaire hätt eng "relativ technesch Äntwert" ginn, an drop higewisen et wier "vläicht besser" den Affekot géif net an d'Kommissioun goen. De Pierre Gramegna weist drop hin, et géif sech hei em eng "speziell Situatioun" handelen, tëscht engem Affekot a sengem Client, dem Staat. D'Recommandatioun vum Fonctionnaire wier dofir net als allgemeng Recommandatioun vum Ministère ze verstoen.

De Finanzminister seet, hie selwer géif d'Recommandatioun aus der Mail haut net méi esou widderhuelen. Wann den Affekot sech nach eng Kéier géif ëmfroen, da géif hien him soen datt hie "genau weess, wat seng Obligatiounen, seng Contrainten a seng Rechter sinn", an datt hien de Staat net bräicht ze froen, fir dat z'interpretéieren, sou de Pierre Gramegna.

Oppositioun just deelweis zefridden

D'Oppositioun gëtt sech nëmmen zum Deel mat den Erklärungen vum Minister zefridden. Den CSV-Deputéierte Gilles Roth seet, seng Partei hätt Kloerheet gefrot, an och Kloerheet kritt. Et wier awer "onglécklech, datt de Minister net weess wat a sengem Ministère geschitt", an datt doduerch inhaltlech Mailen an engem sensibelen Dossier un d'Press ginn.

D'ADR da gesäit d'Verantwortung net beim Finanzminister. De Skandal wier an dësem Fall, datt e confidentielle Pabeier tëscht engem Affekot a sengem Client un d'Ëffentlechkeet komm wier, esou den den ADR-Deputéierte Roy Reding.

Den David Wagner vun Déi Lénk gleeft iwwerdeems net drun, datt den zoustännegen Fonctionnaire ganz op eege Fauscht gehandelt huet. Hie géif dovun ausgoen, datt de Mail vun engem "héiere Beamten" verschéckt gouf, deen den Dossier inhaltlech suivéiert, a weess, wéi eng Bedeitung d'Mail huet, déi hie verschéckt huet. Et géif deemno net den Androck vermëttelen, wei wann d'Regierung a Steierfroe wierklech wéilt fir Transparenz suergen, sou den David Wagner.

Méi zum Thema

roth-reding
Panama Papers-Enquêtekomissioun

Verschidde Geschäftsaffekote wollten net mat der Enquêtekommissoun vum Europaparlament schwätzen. Datt de Finanzminister sech agemëscht huet, fënnt de Gilles Roth (CSV) problematesch.

panama papers.jpg Dossier
Steiervirdeeler fir Persounen

En Dossier iwwert d'Berichterstattung vum 100,7 iwwert d'Panama Papers.

Letzebuerg.jpg

Lëtzebuerg spillt eng Roll am weltwäite System fir Verméigen iwwer de Wee vun Bréifkëschtefirmaen ze verstoppen. Mussen d'Regele méi streng ginn, fir datt dobäi näischt Illegales geschitt?

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen