Industrie FEDIL: "Haut comité pour la promotion de l'industrie reaktivéieren"

Den Haut comité pour la promotion de l'industrie ënnerbreet der Regierung seng Recommandatiounen a konkret Propositiounen, déi d'Regierung analyséiert: Dat steet am aktuelle Regierungsprogramm ze liesen. Am Comité vertruede si verschidde Regierungsmemberen an aacht Vertrieder aus der Industrie. De Secteur huet e privilegéierten Zougang zum Wirtschaftsminister kritt, heescht et. Den Haut comité pour la promotion de l'industrie ass awer schonn zanter Enn November 2016 net méi aktiv. Firwat ass dat esou?

Serge Kesseler / cz

René Winkin
FEDIL-Direkter René Winkin (Archivphoto radio 100,7)

Gegrënnt gouf dësen Haut comité op Demande vun der Business Federatioun FEDIL: vun der CSV-LSAP-Regierung war de Comité am Februar 2013 an d'Liewe geruff ginn. Am Programm vun der aktueller Regierung vun Enn 2013 huet een de Comité erëmfonnt.

D'Vertrieder vum Secteur hunn am Laf vun dëser Legislatur-Period zesumme mam Wirtschaftsministère decidéiert, den Haut comité fir d'Promotioun vun der Industrie rouen ze loossen, erkläert de FEDIL-Direkter René Winkin.

Comité wéinst Rifkin op Äis geluecht

Virun annerhallwem Joer wier d'Fro opkomm, wéi d'Rifkin-Etüd ëmgesat gi soll. Déi Bedeelegt hu sech dunn dofir entscheet fir de Comité op Äis ze leeën, "awer an der Intentioun erëm weiderzefueren, an datt mir e géifen an enger liicht anerer Configuratioun, fir d'Ëmsetzung vun deene Conclusiounen aus der Etude stratégique Rifkin", seet de René Winkin.

Duerch den Haut Comité hat den Industrie-Secteur e privilegéierten Zougang zum Wirtschaftsminister. De René Winkin schléisst deemno net aus, datt dëse Gremium ënner enger neier Regierung kéint reaktivéiert ginn.

Den Haut Comité wier eng Méiglechkeet fir "ze soen, firwat brauche mir dat, firwat brauche mir et esou an net anescht. Et wier een effikasse Wee, fir mat de Fonctionnairen ze kommunizéieren, déi ee Sujet gutt kennen."

"Kee Think Tank, mee Decisiounen huelen"

Den Direkter vun der FEDIL gesäit den Haut Comité deemno net als e Think Tank. Néideg wier eng Configuratioun mat Leit, déi konstruktiv wéilte schaffe mat och Ministeren dobäi, déi Decisioune kënnen huelen.

Den Agenda wier ofgeschafft an an zwee Joer sollt een, dem René Winkin no, "erëm eng Kéier kucken, wat sinn elo nei Saachen, wou een erëm eng Kéier kéint op déi selwecht Aarbechtsmanéier fonctionnéieren, bzw. de Grupp reaktivéieren."

Den Image vun der Industrie bei deene Jonke verbesseren: dat wier eent vun den Ziler, déi erreecht goufen, esou de René Winkin. Och an de Beräicher Innovatioun, Fuerschung, Ëmwelt an Energie géifen et konkret Resultater ginn, duerch d'Aarbecht am Haut Comité. Beim Thema Aarbechtsorganisatioun a Besoine vun der Industrie hätten et awer keng Resultater ginn.


De Panorama-Bäitrag vum Serge Kesseler:

Lauschteren

Méi zum Thema

René Winkin.jpg
FEDIL

De Lëtzebuerger Standuert huet kloer Virdeeler, seet den Direkter vun FEDIL, de René Winkin. Et misst awer och un d’Relève geduecht ginn an no enger qualifizéierter Main d’oeuvre gesicht ginn.

paul wurth.JPG
Paul Wurth

Dem Groupe Paul Wurth no, ass am Beräich Energie e grousst Ëmdenken amgaang. De Groupe huet en Incubateur lancéiert, fir Projeten an der Industrie “4.0” ze begleeden.

Nicolas Soisson
FEDIL

Lëtzebuerg hätt ee Wirtschaftsmodell, dee net ëmmer ganz nohalteg wier. Där Meenung ass de Nicolas Soisson, den Direkter vun der FEDIL, deen am Januar an d’Pensioun geet.

Net verpassen

Programm

  • Iwwergang op déi nächst Emissioun

  • On air

    Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Panorama

  • Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen