Remboursement Fapsylux: Propos vun der CNS geet net wäit genuch

D'Fapsylux kritiséiert, datt d'CNS en direkten Accès op d'Psychotherapie just am Fall vu liichte bis moderate Probleemer wéilt rembourséieren. Dat géif net deem entspriechen, wat an den aktuelle Verhandlunge wierklech zur Debatt géif stoen.

Isabel Scott / tt

Delphine Prüm
D'Delphine Prüm ass Presidentin vun der Fapsylux. Foto: Archiv

Lauschteren


An de Verhandlungen tëschent der Gesondheetskeess an der Fapsylux iwwer d'Prise en charge vun der Psychotherapie zu Lëtzebuerg ass ee sech oneens. De Verband vun de Psychotherapeute fuerdert ee generell vereinfachten Accès zu engem Therapeut. D'CNS wéilt dëst awer op liicht bis moderat Fäll limitéieren.

Fapsylux ass averstanen

Fir d'Presidentin vu Fapsylux, d'Delphine Prüm, ass dat net de richtege Wee. Déi aktuell Propos vun der CNS géif just engem klengen Deel vun der Populatioun erméiglechen, een Therapeut ze gesinn, ouni iwwer een Dokter mussen ze fueren. D'Krittären, déi d'CNS géif dofir applizéiere wieren net Krittären, déi am weltwäite Krankheetsmodell unerkannt sinn, mee vun "ekonomescher Natur".

D'Delphine Prüm kritiséiert och, datt an de Verhandlungen dës Ausschlosskrittären ëmmer nees changéieren: mol wieren et Pathologien, déi erausfalen, mol Altersgruppen. E Beispill:

"Wann Dir Pech gehat hutt, Psychopharmaka ze huele lo déi lescht puer Méint, dann hutt Dir keen Accès un de Psychotherapeut ouni beim Dokter ze passéieren."

D'Fapsylux wéilt verhënneren, datt Patiente just fir liicht bis moderat Problemer ee Remboursement vun der Consultatioun beim Psychotherapeut kréien.

Anescht wéi et am Communiqué vun der CNS steet, wieren d'Psychotherapeuten net just Intervenanten "de première ligne": et géif een dacks Patiente jorelaang begleeden, esou nach d'Delphine Prüm. Wann een elo géif virgeschriwwe kréien, datt ee misst aneschters schaffen, "dann entsprécht dat net méi deem wat de Patient brauch" oder deem, wat weltwäit unerkannt wier.

Et wéilt een näischt ënnerschreiwen, wou de Client herno de Verléierer bei der Saach wier.

Méi zum Thema

Delphine Prüm
Federatioun vun de Psychotherapeuten

De Sozialminister Romain Schneider huet e groussherzoglecht Reglement iwwer de Remboursement vu psychotherapeutesche Seancen ausgeschafft. D'Delphine Prüm, Presidentin vun der Fapsylux, kritiséiert dëse Projet.

Gruppentherapie
Psychotherapeuten

Et kënnt bis op Weideres net zu enger Konventioun tëscht de Psychotherapeuten an der Gesondheetskeess. Déi zwee Verhandlungspartner hätte bei der leschter Reunioun decidéiert an d'Mediatioun ze goen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen