Däitschland Fanne Kanzleramt a Ministerpresidenten nees eng gemeinsam Corona-Linn?

Däitschland huet nees iwwer 5.000 Corona-Infektiounen den Dag. D'Politik muss reagéieren, mee d'Bundeslänner si sech net eens. Haut kommen d'Ministerpresidente mat der Kanzlerin zesummen. D'Zil: Zesummenhalt hierstellen. Mee dat kéint komplizéiert ginn.

Matthias Kirsch / cbi

D'Bundeskanzlerin Angela Merkel
D'Bundeskanzlerin Angela Merkel. Foto: picture alliance/Michael Kappeler/dpa-pool/dpa

Däitschland streit an dësen Deeg ëm eng ëmstridde Corona-Mesure. Dobäi gëtt et déi schonn zanter Juli - just: iwwer de Summer waren d'Corona-Zuelen an Däitschland niddereg, d'Mesure huet just an Ausnamefäll gegraff.

Mee zanter leschter Woch gëllt elo an enger Rei Bundeslänner dat sougenannte Beherbergungsverbot. Dat heescht, wien aus engem Corona-Hotspot mat méi wéi 50 Nei-Infektiounen op 100.000 Awunner kënnt, dierf zum Beispill a Bayern oder an Nordrhein-Westfalen net am Hotel schlofen - ausser en huet eben en negativen Test dobäi.

D'Beherbergungsverbot gëtt diskutéiert. Op där enger Säit, well d'Bundeslänner, wéi sou dacks an dëser Pandemie, et net eenheetlech duerchsetzen. D'Haaptstad Berlin oder Bremen maache guer net mat. Op der anerer Säit ass d'Angscht grouss, datt d'Beherbergungsverbot kéint d'Akzeptanz fir anerer Mesuren ënnergruewen.

Kruziaalt Treffen

Wann haut zu Berlin d'Kanzlerin an d'Ministerpresidenten zesummekommen, dann dierft dëst Theema emotional diskutéiert ginn. D'Treffe vun der sougenannten Ministerpresidente-Konferenz géif souwisou historesch ginn, sot am Virfeld de Kanzleramt-Chef Helge Braun - e Politiker, deen net fir Pathos bekannt ass.

Fir d'éischte Kéier zanter Juni treffe sech d'Spëtzepolitiker net via Video-Chat, mee a Persoun. Och dat schwätzt dofir, datt nees seriö Mesurë kéinten beschloss ginn. A wéi och schonn am Fréijoer huet Ufank der Woch ee Ministerpresident den Terrain preparéiert: de bayresche Regierungschef Markus Söder. Hie fuerdert eng landeswäit Maskeflicht, donieft Aschränkunge vu Familljefeieren a vum Alkoholkonsum. Elo, wou eng Vollbremsung nach kéint eppes bréngen, misst genee dat geschéien. Well en zweete Lockdown géif ëmmer méi no kommen, esou de Markus Söder.

Oneenegkeet bei de Lännercheffen

Wéi gespléckt d'Ministerpresidenten an där Hisiicht sinn, gesäit een awer un der Reaktioun vum sächsesche Regierungschef op dem Söder seng Proposen. Däitschland bräicht keng nei Reegelen, sot de Michael Kretschmer am Interview mam Noriichtemagasinn Der Spiegel: "Keng Hysterie, w.e.g.!"

Et bléift domat schwéier ze soen, ob d'Ministerpresidentekonferenz sech op nei Mesurë wäert eenegen. Am Gespréich sinn eng erweidert Maskeflicht an eng Aschränkung vu Familljefeieren, kombinéiert mat méi héije Geldstrofen, wann dogéint verstouss gëtt. D'Kanzlerin Merkel huet et schonn eng Kéier gepackt, d'Ministerpresidenten op eng Linn ze kréien. En Vue vun den aktuellen Infektiounszuelen wier et warscheinlech net schlecht, wann hir dat nach eng Kéier géif geléngen.

Méi zum Thema

Sarah Pepin
Corona-Pandemie

Zanter kuerz nom Zweete Weltkrich gouf et zu Berlin keng Spärstonn méi. Mat der Hausse un Infektiounen huet dat sech geännert: de Verkaf vun Alkohol an der Nuecht ass ageschränkt ginn.

Grenzregioun
Lëtzebuerg als Risikogebitt

Däitschland huet Lëtzebuerg erëm als Risikogebitt aklasséiert. D'Areesaschränkungen - fir déi mëttlerweil nees eng Rei Ausname gëllen - suerge fir Frust a Veronsécherung an de Grenzgemengen.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen