Soziales Familljenaarbecht a Jugendrecht

D'Reform vum Scheedungsgesetz an d'Aféiere vun engem Familljeriichter wier dréngend noutwendeg, seet d'Chargé de direction vun der Asbl "AFP Solidarité-Famille". D'Jutta Gansemer regrettéiert déi laang Waardezäite fir Famillen, déi eng therapeutesch Begleedung froen. Bei der Reform vu Jugendschutzgesetz ka sech d'Pädagogin eng Aféierung vun engem Jugendstrofrecht virstellen.

Mick Entringer / cbi

Jutta Gansemer
Jutta Gansemer

Zënter 15 Joer gëtt un der Reform vum Scheedungsgesetz geschafft. An deem Kontext missten d'Riichter déi wichteg Decisiounen iwwert d'Liewe vun de betraffene Jugendlechen huelen, seet d'Chargée de direction vun der Asbl "AFP Solidarité-Famille". Si missten net just deementspriechend Formatiounen, mä och Supervisioune kréien.

Och nodeems Riichter Decisioune geholl hunn, wier et wichteg, datt si Fachkräften zur Säit hunn, fir nach emol op eenzel Fäll a Situatiounen ze kucken. Si misste sech froen: "Iwwersinn ech do eppes?" Och e Riichter kéint net perfekt sinn, an ëmmer alles am A hunn. Supervisioun wier och wichteg fir d'Psychohygiène vum Riichter.

Trennungen a Scheedungen

Vill Eltere géifen d'Trennung, och am Fall mat Kanner, gutt geréiert kréien, seet d'Pedagogin. Hir Servicer géifen awer ëmmer méi mat Fäll konfrontéiert ginn, wou et net gutt klappt. Deen Undeel hätt extrem zougeholl. Do géifen et vill Kanner ginn, deenen et guer net gutt géif goen, an déi sech net trauen engem Elterendeel ze soen, datt si och mat deem aneren Elterendeel nach frou sinn.

AFP ass zënter 20 Joer spezialiséiert op Erzéiungs- a Familljeberodung. Si offréieren individuell Berodungen an therapeutesch Aarbechte mat Kanner a Jugendlechen. Och aner Servicer am Land géifen ähnlech Servicer offréieren. Leider wiere generell d'Waardezäiten ze laang. "Wa Famille scho bereet sinn enzwousch Hëllef sichen ze goen, a wa si da waarde musse - dann ass dat schwéier auszehalen." Bei der AFP hu Kanner a Jugendlecher, a Famille mat Kanner Prioritéit.

Jugendschutz - Jugendstrofrecht

D'Reform vum Jugendschutzgesetz ass nach net um Instanzewee. Bei där Reform wier et wichteg nach emol d'Virdeeler an d'Nodeeler z'iwwerdenke fir d'Aféierung vun engem Jugendstrofrecht, sou wéi dat an anere Länner de Fall ass, seet d'Jutta Gansemer. E Strofrecht fir Mineuren, dat mat therapeutesche Mesure begleet gëtt, kéint sënnvoll sinn.

Anescht wéi am Ausland mécht zu Lëtzebuerg d'Gesetz keng Trennung tëscht Jugendschutz a Jugendstrofrecht. De Jugendschutz läit fir e groussen Deel an den Hänn vun de Riichter. D'Dossiere vu Kanner a Jonke riskéieren dowéinst aus enger Optik vu Recht a Gesetz traitéiert ze ginn, an manner mat engem pedagogeschen an therapeutesche Bléck.

D'AFP-Solidarité-Famille feiert 2018 70 Joer.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / /
Lauschteren

Méi zum Thema

Myriam Mersch-Zimmer
Jugendschutz

E feelt un Urgencëplaze fir Jonker a Schwieregkeeten ze betreien, seet d'Directrice vun der "Fondation Maison de la porte ouverte". Si fuerdert eng besser Gesetzgebung fir de Schutz vu Mannerjäregen.

Laurence Bouquet, Dr Roland Seligmann, Pierrette Meisch
Riicht eraus

Kanner, déi Zeie vun haislecher Gewalt sinn, ginn net als Affer unerkannt. Dat muss sech änneren, fuerderen Associatiounen. Gewalt doheem géif méi wäit goen, wéi dat wat an offizielle Rapporte beliicht gëtt.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen