Fräie Mikro Fakt oder Fake? Iwwer Quellenzouverlässegkeet a Mediekompetenz

Eng Demokratie brauch opgekläerte Bierger, déi net blann alles gleewen, wat si opgedëscht kréien. Medien hëllefen eis dobäi eis selwer ze informéieren an eis schlau ze maachen. Mee et gëtt awer keng einfach Garantie, datt alles, wat een esou fënnt och vertrauenswierdeg ass. Wéi mer Quellen iwwerpréiwe kënnen, an eis esou net un der Nues erëm féiere loossen, dozou mécht de Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg, sech haut e puer Gedanken.

Bob Reuter / tt

Meenung Bob Reuter
De Bob Reuter ass President vun AHA. Foto: Archiv

An enger oppener Gesellschaft liewe bedeit, am Verglach zu enger totalitärer Diktatur oder enger Theokratie, datt mer all matentscheeden dierfen, wéi mer eist Liewen, awer och d'Zesummeliewen als Gesellschaft, gestalte wëllen. Anstatt eist Schicksal an d'Hänn vun engem "do uewen" ze iwwerdroen an him et z'iwwerloosse wat wouer, richteg a gutt fir eis ass, bedeit d'Liewen an enger Demokratie, datt mer selwer eist Liewen an d'Hand huelen dierfen an awer och d'Verantwortung fir eis Entscheedunge selwer droen, individuell wéi kollektiv.

Fir datt dat funktionéiert brauche mer allerdéngs opgekläerte Bierger, soss loossen mer eis liicht a séier verféieren an hannert d'Liicht féieren. Nëmme wa mer kritesch hannerfroe wat mer opgedëscht kréien, net alles blann gleewen an eis awer och op novollzéibar Fakte baséieren, kënne mer uerdentlech mateneen diskutéieren an zesumme konsensfäeg a realitéitsbaséiert Léisungen entwéckelen, déi dann och funktionéiere kënnen.

Noriichten an dräi Schrëtt hannefroen

Heibäi spillen d'Medien eng zentral Roll. Si sollen d'Bierger informéieren an de gesellschaftlechen Discours ureegen. Duerfir brauch et engersäits e qualitativ gudde Journalismus an anerersäits mediekompetent Bierger déi vertrauenswierdeg Quellen an Informatiounen identifizéiere kënnen.

Et war nach ni esou einfach wéi haut, fir sech iwwer all méiglech Saache selwer z'informéieren, hinnen op de Grond ze goen, fir sech opzeklären an ze bilden, mee awer och fir Ligen, falsch Informatiounen an Desinformatiounen ze verbreeden. Am Internetzäitalter gi mer nämlech, nach méi wéi fréier, iwwerschwemmt mat Hallefwourechte bis hin zu bewosste Ligen.

D'Auteure vun esou Fiktioune fannen hir Quellen net, mee si erfannen se, si manipuléiere Biller, Videoen, Texter, mam bewossten Zil ze täuschen. An een onkritesche Lieser oder Nolauschterer kritt, wann hien dat alles gleeft, ee falscht Bild a sengem Kapp, dat zu Feelaschätzunge vu Situatioune féiere kann. Dowéinst ass et wichteg schonn an der Grondschoul ze léiere wéi ee Falschmeldungen entlarve kann. All Noriicht kann een an dräi einfache Schrëtt hannerfroen: dem Iwwerpréiwe vun der Quell, dem Fakten-Check an der Bildrecherche.

Wat ënnerscheet eng gutt vun enger schlechter Quell? Wourunner kann een d'Zouverlässegkeet vun enger Quell erkennen? Och bei ausgewisene Fachzäitschrëften oder enger gudder investigativer Press gëtt et keng honnertprozenteg Garantien, mee ee qualitativ schlechten Artikel mécht nach laang keng "Ligepress". Ee seriéisen Internetoptrëtt mat transparentem Impressum, eng uerdentlech Orthographie a Grammaire, detailléiert objektiv Saachinformatiounen ouni iwwerschësseg Emotionalitéit an d'Méiglechkeet d'Informatiounen op anere Plazen iwwerpréiwen ze kënnen si Garante fir uerdentlech Informatiounen.

Eis Responsabilitéit, net alles ze deelen

Fir Fake News keng Chance ze ginn ass et wichteg d'Noriicht och selwer ze hannerfroen a kritesch ze bleiwen, och bei seriéise Quellen. Vu wiem kënnt d'Informatioun? Wat ass den Zweck dovunner an a wat fir engem Kontext gouf d'Noriicht publizéiert? Ass d'Meldung aktuell a gëtt den Text och anzwousch anescht zitéiert? Besonnesch bei iwwerspëtzte Formuléierungen (z.B. mat vill Meenungen, Ausruffzeechen, Groussbuschtawen an drastesche Biller) gëllt et opzepassen: gëtt et eng Originalquell? Bestätegen aner seriéis Internetsäiten déi Fakten? Och Faktencheck-Websitte kënne bei der Identifizéierung vun enger Falschmeldung hëllefen.

An och Biller a Filmer si manipuléierbar a kënne léien. Mëttlerweil kann ee mat Biller- a Videosichmaschinnen erausfannen, ob d'Fotoen oder d'Filmer online wierklech nëmmen an deem Kontext existéieren an deem een se gesinn huet. Wou, wéini a vu wiem goufen se gemaach? Zu wat fir engem Zweck ginn se ronderëm geschéckt oder bei een Text dobäi gesat? Ass d'Bild oder de Film manipuléiert oder aus dem Zesummenhang erausgerappt ginn?

Schlussendlech ass et eiser aller Responsabilitéit fir net alles ze deelen. Falschmeldunge kënnen anere schueden an dat ass jo grad heefeg d'Zil vun deem deen se verbreet. Maacht iech net zu Mattäter, stoppt sougenannte Fake News a schwätzt mat äre Bekannten, wann déi Desinformatiounen oder ee manifesten Hoax deelen. Gitt dem "postfakteschen Zäitalter" keng Chance!


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.

An der Mediathéik:

Fräie Mikro / / Bob Reuter
Lauschteren

Méi zum Thema

Thierry Simonelli
Prisma

Wa jiddweree seng eege Meenung dierf hunn, an déi Meenungen all verschidde sinn, wéi sollen da gemeinsam Decisioune getraff ginn? Heirop ginn et dorop zwou Zorte vun Äntwerten. Gedanke vum Thierry Simonelli.

Perspective_Musee_Resistance.jpg
Zäithistoriker

Den Zäithistoriker Denis Scuto geet op den abstruse Verglach tëschent dem Escher Musée national de la Résistance an der Nazi-Architektur am neie Marco-Polo-Guide iwwer Lëtzebuerg an.

Kanner Computer Medien Meenung
Fräie Mikro

Vill Kanner sinn ze fréi an ze vill um Handy, ouni ze wëssen, wou si zouverlässeg Informatiounen hierkréien. D'Mediebildung an de Schoule muss dorop reagéieren, mengt mengt d'Judith Reicherzer am Fräie Mikro.

Matthias Kirsch Kommentar
Chronik

De "Fake News"-Virworf geet ville Politiker net méi duer. Fir Medien ze diskreditéieren, gi falsch Tatsaache behaapt. Dobäi schéngt d'Roll vum Journalismus net verstanen ze ginn, mengt de Matthias Kirsch.

 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen