Et ass de Wirtschaftsministère, deen de Projet 2016 annoncéiert huet, an et ass och de Wirtschaftsministère, deen d'Enn vum Projet huet misse confirméieren: Obwuel Fage iwwer véier Joer um Projet geschafft huet fir tëschent Beetebuerg an Diddeleng eng grouss Jugurtsfabrick fir den europäesche Marché ze bauen, gëtt näischt aus dem Projet. De Konzern, deen zanter 2012 säi Steiersëtz zu Lëtzebuerg huet, huet de Projet zeréckgezunn.
Staat kritt den Terrain zréck
De Franz Fayot huet och an der Chamberplénière mëndlech op d'urgent Froe vun der Oppositioun reagéiert. D'Decisioun vu Fage wier definitiv. Déi Responsabel vum Konzern hätten argumentéiert, et wier eng Reaktioun op d'Kritiken um Dossier. D'Firma géif op de Projet verzichte fir weidere Schued vun der Firma ofzewenden: "Fage hu mat guddem Wëlle wärend véier Joer probéiert dee Projet virunzedreiwen", esou de Wirtschaftsminister. De Moie wier e Compromis ënnerschriwwe gi fir datt de Staat den Terrain fir de Kafpräis vu ronn 30 Milliounen Euro zréckkritt. De Ministère géif probéieren eng ganz sënnvoll Alternative fir den Terrain ze sichen. De Ministère wéilt eng nohalteg Industrie: "Mir kënnen net reng op Servicer setzen", esou de Wirtschaftsminister (LSAP).
De Wirtschaftsministère huet Fage am Joer 2017 ënner der Leedung vum deemolege Minister Etienne Schneider (LSAP) fir ronn 30 Milliounen Euro eng 15 Hektar verkaaft, nach éier d'Prozedure fir de Bau vun der Fabrick lancéiert waren.
Héijen Ëmweltimpakt
De Projet war ëmstridden, virun allem wéinst sengem héije Ressourcëverbrauch. D'Fabrick hätt fir d'Produktioun vun aacht Millioune Kilo Jugurt d'Joer 2.500 Meterkibb Drénkwaasser den Dag verbraucht. Gemengepolitiker hunn och den zousätzleche Camionsverkéier a Risike fir d'Waasserqualitéit vun der Uelzecht kritiséiert.
Déi rezentsten Etapp am Dossier war d'Demande fir d'Betribsgeneemegung. D'Gemeng Beetebuerg hat d'Autoritéite gefrot, keng Autorisatioun auszestellen. Diddeleng hat Verbesserungsvirschléi formuléiert, huet sech enger Betribsgeneemegung awer net opposéiert. Als nächst hätt d'Ëmweltverwaltung missen hiren Avis ofginn. Duerno hätt nach missen eng Baugeneemegung ugefrot ginn.
Scho vill zu Lëtzebuerg investéiert
Am leschte Joresbilan vu Fage steet, de Konzern hätt zu Lëtzebuerg schonn 49,3 Milliounen Dollar (ronn 42 Milliounen Euro) investéiert: "We expect to invest approximately $170.0 million to construct the New Manufacturing Facility, of which $49.3 million already has been invested by December 31, 2019". Ronn 30 Milliounen Euro ware fir den Terrain. Firwat déi aner 12 Milliounen investéiert goufen, ass net gewosst. Paperjam hat gemellt, de Konzern géif sech zu Lëtzebuerg selwer fiktiv Consultantskäschte bezuelen. De Parquet hat doropshin eng Enquête opgemaach. D'Cour des Comptes schafft och un engem Spezialrapport iwwer de Verkaf vu staatlechen Terrainen an den Industriezonen.
Reaktiounen an de Gemengen
D'Buergermeeschtere vun Diddeleng a Beetebuerg huelen d'Decisioun vu Fage zu Kenntnis. De Laurent Zeimet mengt, datt Fage eng onrealistesch Virstellung dovunner hat wéi séier d'Jughurtsfabrik kéint funktionéieren. Si wiere wuel net iwwer d'Prozedure gebrieft ginn. De Buergermeeschter vu Beetebuerg (CSV) verweist och op d'Justizenquête wéinst presuméierte fiktive Consultantsfraisen:
Ech mengen, dat huet alles net dozou bäigedroe fir hir Motivatioun weider bäizehale fir dëse Projet weider ze dreiwen. Op der anerer Säit ass et natierlech fir e Standuert secher net vu Virdeel, wa Projeten esou an de Sand gesat ginn. Ech denken, datt eng Regierung gefuerdert ass, esou Saache vun Ufank u méi professionell unzepaken.
Anescht wéi Beetebuerg hat Diddeleng rezent ee positiven Avis zum Projet ofginn. Hei goufen nach Verbesserunge gefuerdert, fir den Ëmweltimpakt ze reduzéieren. Datt et dozou elo net méi kënnt, bedauert den Diddelenger Deputé-Maire Dan Biancalana vun der LSAP:
Ech kann hei d'Hypothese opstellen, datt mengen ech awer déi ganz Diskussiounen déi an der Lescht gefouert goufen, déi zimmlech intensiv waren a wou eng ganz Rei Kriticke formuléiert goufen, datt Fage déi Decisioun geholl huet sech zréck ze zéien.
Communiqué vum Wirtschaftsministère
En date du 17 septembre 2020, le groupe agroalimentaire FAGE a informé le ministère de l'Économie par courrier qu'il abandonne son projet de l'ordre de 277 millions euros pour construire une nouvelle unité de production de yaourt au Luxembourg supposée générer à terme environ 300 emplois. Lors d'une entrevue qui a eu lieu le lundi 21 septembre au ministère, les responsables de l'entreprise ont réitéré leur décision.
Le ministre de l'Économie, Franz Fayot, prend position: "En tant que ministre de l'Économie, je déplore que FAGE ait décidé d'abandonner son projet d'investissement industriel au Luxembourg après 4 années de procédures. Le projet aurait contribué au développement du tissu économique régional souffrant de la crise actuelle. L'industrie nationale et européenne traversent actuellement une phase difficile qu'il convient de contrecarrer de manière déterminée. La préservation du tissu industriel existant et son renforcement par l'implantation d'activités industrielles nouvelles à la pointe du progrès technologique et environnemental demeurent plus que jamais une des priorités du ministère de l'Économie."
Les responsables de FAGE vont rétrocéder le terrain dans la zone d'activité économique Wolser à l'État au prix d'acquisition.