arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fage huet scho 40 Milliounen an d'Lëtzebuerger Fabrick investéiert

Fakten zur geplangter Jughurts

|
reading time

6 min

Fage huet scho 40 Milliounen an d'Lëtzebuerger Fabrick investéiert

De Wirtschaftsministère an de griichesche Konzern Fage wëllen am grousse Stil zu Lëtzebuerg investéieren. De Grupp waart nach op Autorisatioune fir tëschent Beetebuerg an Diddeleng op engem Terrain vu 15 Hektar eng Molkerei, e Verwaltungsgebai an eng Kläranlag ze bauen. De Projet vun der Jughurt-Fabrick huet eng méi grouss Envergure an ass méi konkret, wéi dat bis elo gesot gouf. Zéng Punkte fir d'Debatt ze verstoen.

reading time

6 min

Wéi passt de Projet vun enger Lëtzebuerger Fabrick an d'Strategie vu Fage?

De griichesche Konzern verkeeft seng Produiten a 44 Länner: zanter Jore baut Fage op den amerikaneschen an den europäesche Marché. A Griichenland selwer huet Fage am éischten Trimester 2019 just nach 14 Prozent vu sengem Ëmsaz gemaach. De Gesamtëmsaz vum Grupp ass déi lescht zwee Geschäftsjore staark gefall (ëm 15 Prozent). Besonnesch Griichenland an d'USA si réckleefeg. Mee den Ëmsaz a Groussbritannien an Italie klëmmt. Grad fir an Europa, a spezifesch an Italien an a Groussbritannie weider ze wuessen, wëllt Fage eegenen Aussoen no eng nei Fabrick zu Lëtzebuerg bauen. Déi Aussoe vu Fage decke sech net mat deene vum Wirtschaftsminister Etienne Schneider (LSAP), dee sot, de Jughurt zu Lëtzebuerg géif fir de Benelux-Marché produzéiert ginn.

Firwat grad Lëtzebuerg?

Lëtzebuerg ass bekannt fir seng niddereg Energiepräisser. Mat der neier Lëtzebuerger Jughurt-Fabrick wëllt de Konzern d'Käschte fir d'Produktioun an den Transport reduzéieren. Fage huet schonn zanter 2012 säi Steiersëtz zu Lëtzebuerg. Viru siwe Joer gouf deen an der Suite vun der griichescher Finanz- a Wirtschaftskris vun Athen an de Grand-Duché verluecht.

Wann d'Fabrick zu Lëtzebuerg gebaut gëtt, wéi eng Roll spillt déi dann am Grupp?

Fage huet den Ament zwou Jughurt-Fabricken, eng zu Metamorfossi (Griichenland, zanter 1975) an eng zu Johnstown (USA, zanter 2008). An den USA gouf eegenen Aussoen no am Ufank eng Produktioun vu 6.000 Tonne Jughurt am Joer ugeduecht. Haut, no Investitioune vu ronn 400 Milliounen Euro, läit d'Produktioun an den USA bei 160.000 Tonnen am Joer. Zu Lëtzebuerg soll eng ähnlech Fabrick wéi an den USA entstoen. D'Eckdate vun der Annonce virun dräi Joer: 100 Milliounen Invest, 100 nei Aarbechtsplazen, eng Produktioun vu 40.000 Tonnen am Joer. An der neister Versioun geet eisen Informatiounen no rieds vun engem Invest vun 150 Milliounen Euro, 150 Aarbechtsplazen an enger Produktioun vu maximal 80.000 Tonnen am Joer. D'Fabrick zu Metamorfossi steet op engem Areal vu 5,3 Hektar. An den USA op 4,1 Hektar. Zu Lëtzebuerg huet de Staat dem griichesche Konzern 14,8 Hektar verkaaft.

Firwat gëtt d'Vente vum Terrain a Fro gestallt?

D'politesch Oppositioun an der Chamber an d'Beetebuerger Gemeng reprochéieren dem Wirtschaftsministère, den Terrain schonn am Joer 2017 verkaaft ze hunn, éier d'Fabrick also autoriséiert war. D'CSV huet och d'Modalitéite vun der Vente a Fro gestallt. Op Demande vum CSV-Deputéierte Claude Wiseler huet d'Chamber der Cour des Comptes den 29. Januar 2019 den Optrag ginn d'Vente vu staatlechen Terrainen an Aktivitéitszonen u privat Entreprisen ze iwwerpréiwen. De President vun der Cour des Comptes sot eis, d'Aarbechten hätten ugefaangen. Wéini de Spezialrapport fäerdeg gëtt, konnt de Claude Gengler nach net soen. De Verkafspräis louch bei ronn 30 Milliounen Euro fir 15 Hektar. Fage gëtt a sengem neiste Joresrapport un, bis Enn 2018 schonn 41 Milliounen Euro fir d'"New Manufacturing Facility in Luxembourg" investéiert ze hunn.

Wéi vill Drénkwaasser?

Bis haut huet Fage net misse präzis uginn, wéi vill Drénkwaasser eng Fabrick bei enger Produktioun vun 80.000 Tonnen d'Joer bräicht. Den SES (Syndicat des Eaux du Sud) garantéiert Fage eisen Informatiounen no 2.500 m3 Drénkwaasser pro Dag ze liwweren, mat Spëtzewäerter vu bis 400 m3 pro Stonn. Dat Waasser gëtt haaptsächlech gebraucht fir d'Anlag ze botzen. Fir de Waasserkonsum ze verbildlechen, rechne verschidden Acteure aus, wéi vill Awunner d'selwecht vill Waasser wéi d'Fabrick géife verbrauchen. E Stot verbraucht op engem Duerchschnëttsdag 136 Liter op de Kapp (ouni d'Industrie), mat der Industrie 202 Liter op de Kapp. Fage géif esou vill Drénkwaasser verbrauche wéi ronn 18.400 Awunner (ouni d'Industrie) oder 12.400 (mat der Industrie). Den SES zertifiéiert, datt en d'Waasser dem aktuelle Stand no ka liwweren, datt en an enger Period vun enger Hëtzwell awer eventuell misst Waasser aus der SEBES-Reservecapacitéit dobäi kafen (wouduerch de Präis vum Waasser am SES-Reseau an deem Fall géif klammen). Den SES réit Fage eisen Informatiounen no staark fir ze probéieren, Deeler vum Waasser ze recycléieren.

Wéi vill Ofwaasser?

Op dësem Punkt gouf déi geplangten Anlag verbessert. Bei enger Produktioun vun 80.000 Tonnen am Joer lafen all Dag 2.500 m3 Ofwaasser a 700 m3 sauer Molke an déi eege Kläranlag. Dono leeft d'Waasser an d'Uelzecht. Duerch eng besser Kläranlag, verbonne mat enger Biogasanlag, konnt d'Charge polluante esou reduzéiert ginn, datt se net méi 100.000 Awunner gläichkënnt, mee 20.000 Awunner. Och gëtt d'Ofwaasser artificiell gekillt (woufir Energie verbraucht gëtt), fir datt et nëmme liicht méi waarm ass, wéi d'Uelzecht selwer.

Wéi vill Mëllech?

Bis zu 1.200 m3 Mëllech pro Dag brauch d'Jughurt-Fabrick bei enger Produktioun vun 80.000 Tonnen am Joer. Dat ass méi wéi d'gesamt Produktioun vun all de Mëllechbaueren hei am Land (1.060 m3 pro Dag am Joer 2017). Fage gëtt un, net op fixe Kontrakter mat Liwweranten ze setzen. Dat heescht, datt vill Mëllech kéint op der Bourse kaaft ginn.

Wéi vill Verkéier?

Der Gemeng Beetebuerg no géifen duerch d'Fabrick zousätzlech 85 Camionen an 300 Autoen den Dag an der Aktivitéitszon Wolser II zirkuléieren.

Firwat wëllt de Wirtschaftsministère Deeler vun der Aktivitéitszon Wolser II zeréck an eng Gréngzon ëmklasséiere loossen?

Wann Entreprisen op engem Site op deem et geschützten Arte ginn eng Fabrick bauen, da musse se dem Naturschutzgesetz no ekologesch Kompensatiounsmesurë realiséieren. An dësem Fall bekëmmert de Wirtschaftsministère sech ëm d'Léisung. De Ministère seet wéinst diverse Projeten an der Aktivitéitszon tëschent Beetebuerg an Diddeleng (Fage, neie Site fir Arthur Welter, Ausbau vum Lamesch) missten an där selwechter Géigend op ronn 17 Hektar ekologesch Kompensatiounsmesuren ëmgesat ginn. Et géif een net dolaanscht komme fir och véier Hektar vun der aktueller Aktivitéitszon ëmzeklasséieren. Reklasséiere misst an deem Fall awer d'Gemeng. De Buergermeeschter Laurent Zeimet (CSV) sot sech verwonnert iwwer dës Pläng vum Wirtschaftsministère, well Aktivitéitszone jo relativ rar wieren uechter d'Land.

Wou ass den Dossier drun?

De Wirtschaftsministère a Fage hunn de Bau vun der Jughurt-Fabrick am Juli 2016 annoncéiert. 2017 huet de Staat dem griichesche Konzern den Terrain tëschent Beetebuerg an Diddeleng verkaaft. Am Mäerz 2018 huet de Beetebuerger Gemengerot de PAP (Plan d'aménagement particulier) guttgeheescht, well e formal gesinn an der Rei gewiescht wier. An enger zousätzlecher Resolutioun huet de Gemengerot seng Suergen zum Ausdrock bruecht iwwer den Drénkwaasserverbrauch, d'Ofwaasserproblematik an de Verkéier. D'Umweltverträglichkeitsuntersuchung ass geschwënn ofgeschloss. Dono brauch Fage nach e Commodo-Incommodo (während där Prozedur ginn d'Dokumenter public gemaach), eng Baugeneemegung a virum Bau muss eng Léisung fonnt si fir déi ekologesch Kompensatiounsmesuren.