Wirtschaft Fage: "Endlech aus de Feeler léieren"

D'Nouvelle koum gëschter iwwerraschend: Fage léisst seng Pläng fale fir tëschent Beetebuerg an Diddeleng eng grouss Jugurtsfabrick fir den europäesche Marché ze bauen. De Projet war nach an der Autorisatiounsprozedur. Viru véier Joer hat de fréiere Wirtschaftsminister Etienne Schneider d'Pläng zesumme mat de Responsabele vum griichesche Konzern annoncéiert. Wann e Projet no esou laanger Zäit scheitert, ass dat schlecht fir de Standuert Lëtzebuerg, mee et ginn trotzdeem net déi richteg Lektiounen doraus gezunn, mengt de Jean-Claude Franck a sengem Kommentar.

Jean-Claude Franck

Kommentar Jean-Claude Franck

Et ass net fir d'éischte Kéier, datt en Investisseur sech hei am Land wëllt etabléieren, an datt en no ëffentlecher Polemik nees senger Wee geet. Knauf wollt hei am Land Isolatiounsmaterial produzéieren, och mat der Ënnerstëtzung vum Wirtschaftsministère, mee no Kritik vun ënner anerem de Gemengen huet den däitsche Konzern decidéiert anzwousch anescht d'Loft ze verknaschten. An da war do och Qatar Airways, déi vum deemolege Finanzminister Luc Frieden als Co-Aktionär an d'Cargolux geholl gouf, bis datt och den Akbar Al Baker senger Wee gaangen ass: Seng Pläng fir d'Cargolux zesummenzeschrumpfen sinn him ze vill hei ëffentlech diskutéiert a kritiséiert ginn. Ass Lëtzebuerg also e Land, an deem een net investéiere kann? Mat deem een net kann zesummeschaffen? Et wier lächerlech dat ze behaapten. Lëtzebuerg lieft vu senger Oppenheet a vum internationalen Handel. Iwwer d'Fongeplaz transitéieren iwwer 4.000 Milliarden Euro, grouss multinational Firme wéi Arcelor Mittal hunn hire Sëtz hei am Land, an och d'Cargolux flitt nach ëmmer monter virun - net méi mat engem Co-Aktionär aus dem Katar, mee aus China.

Et brauch en transparenten Ëmgang mat esou Projeten

Am Fong toleréieren d'Lëtzebuerger zimmlech vill, a si interesséiere sech och dacks net fir den Detail, esoulaang de Buttek leeft. Datt verschidde Projeten awer méi kritesch ënner d'Lupp geholl ginn, maach sinn. A Grënn dofir kënnen et der vill ginn. Mee dozou sief gesot, datt et an enger Demokratie normal ass, datt Projeten diskutéiert ginn. Och ëffentlech. Et ass positiv, wann d'Bierger no der Aarbecht net just mam Auto an hir Garage fueren a virun der Tëlee hocke bis si moies nees schaffe ginn.

Als Investisseur muss een dat wëssen, an als Wirtschaftsministère och. An dofir gëtt et just eng Manéier fir gutt domat ëmzegoen: transparent, am Dialog mat de Leit. Et kann een net eng Pressekonferenz maachen, e Projet annoncéieren an dann all Diskussioun aus dem Wee goen.

D'Problemer un der Wuerzel upaken

An da kann een als Wirtschaftsministère och net engem Investisseur falsch Hoffnunge maachen, andeems een em schonn e raren Terrain an enger nationaler Industriezone verkeeft, laang éier gewosst ass, ob de Projet iwwerhaapt d'Autorisatiounsprozedur iwwersteet. An Zäite vu Klimawandel a vu Ressourcëknappheet an engem Land, dat elo schonn d'Groussregioun aussuckelt fir säin eegenen Honger ze stëllen, misst all Investisseur vun Ufank u gesot kréien, wou déi rout Linne sinn, an da kann een nach ëmmer zesumme kucken, ob ee gutt Léisunge fënnt fir deene roude Linne Rechnung ze droen.

Et ass einfach um Enn op déi ze schéissen, déi mam Fanger op Problemer hiweisen. D'Lektioun vun der Geschicht sollt sinn, datt een de Problem besser un der Wuerzel upéckt. An dësem Fall wier dat e gutt Stéck méi professionell gewiescht.

An der Mediathéik:

Chronik / / Jean-Claude Franck
Lauschteren

Méi zum Thema

Jean-Claude Franck Kommentar
Geplangte Jughurtsfabrick

De Staat iwwerhëlt am Dossier vun der geplangter Jugurtsfabrick tëschent Beetebuerg an Diddeleng ze spéit seng Responsabilitéit, mengt de Jean-Claude Franck an engem Kommentar.

Fage
Oppositioun kritiséiert

D'Regierung hätt de Projet Fage komplett an de Sand gesat. Där Meenung ass d'CSV-Deputéiert Martine Hansen no enger Reunioun mam Wirtschaftsminister a mat der Ëmweltministerin. Dës haten déi lescht Entwécklungen am Dossier presentéiert.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen