arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Fage: Dossier vun e Samschdeg un ëffentlech zougänglech

Jughurt-Fabrik

|
reading time

2 min

Fage: Dossier vun e Samschdeg un ëffentlech zougänglech

De Projet fir eng grouss Jughurt-Fabrick tëschent Beetebuerg an Diddeleng geet an déi nächst Etapp. Den Dossier vum griichesche Konzern ass vun e Samschdeg un ëffentlech zougänglech, heescht et op Nofro bei der Beetebuerger Gemeng. Interesséiert Bierger kënne sech den Dossier déi nächst zwou Wochen op Rendez-vous ukucken.

reading time

2 min

Bis den 10. August kënne Reklamatioune géint de Bau vun der Jughurt-Fabrick un de Schäfferot adresséiert ginn. Den 12. August kënnen d'Bierger och mëndlech gehéiert ginn. Wann d'Fabrick e Commodo-Incommodo kritt, brauch Fage och nach eng Baugeneemegung. Donieft brauch Fage nach Autorisatiounen op Basis vum Naturschutzgesetz: Ënner anerem musse Kompensatiounsfläche fonnt gi fir d'Zerstéiere vu Biotopen um Bauterrain.

Fage wëllt op 15 Hektar eng Molkerei, e Verwaltungsgebai an eng Kläranlag bauen. Den Ëmweltministère an d'Gemeng Beetebuerg hunn an der Vergaangenheet hir Suerge formuléiert wéinst ë. a. dem héije Waasserverbrauch an der Ofwaasserproblematik.

Héijen Drénkwaasserverbrauch

Den SES (Syndicat des Eaux du Sud) huet Fage, eisen Informatiounen no, garantéiert 2.500 Kubikmeter Drénkwaasser pro Dag ze liwweren, mat Spëtzewäerter vu bis 400 Kubikmeter pro Stonn. Dat Waasser gëtt haaptsächlech gebraucht fir d'Anlag ze botzen.

Fir de Waasserkonsum ze virbildlechen: De leschte Summer hu mir gemellt, datt Fage géif esou vill Drénkwaasser verbrauche wéi ronn 18.400 Awunner (ouni d'Industrie anzeberechnen) oder 12.400 (mat der Industrie). Den SES huet zertifiéiert, datt en d'Waasser dem aktuelle Stand no ka liwweren, datt en an enger Period vun enger Hëtztwell awer eventuell misst Waasser aus der SEBES-Reservecapacitéit dobäi kafen.

Lëtzebuerg ass bekannt fir seng niddereg Energiepräisser. Mat der neier Lëtzebuerger Jughurt-Fabrick wëllt de Konzern d'Käschte fir d'Produktioun an den Transport reduzéieren. Fage huet schonn zanter 2012 säi Steiersëtz zu Lëtzebuerg. Viru siwe Joer gouf deen an der Suite vun der griichescher Finanz- a Wirtschaftskris vun Athen an de Grand-Duché verluecht.