Geplangte Jughurtsfabrick Fage: D'Päerd vun hanne gesuedelt

D'Ëmweltverwaltung géif den Dossier vu Fage fir de Bau vun der ëmstriddener Jugurtsfabrick tëschent Beetebuerg an Diddeleng déi nächst Woche ganz intensiv begleeden. Esou gëtt déi gréng Ëmweltministerin Carole Dieschbourg um Internetsite vun der Chamber zitéiert. Den Ëmweltministère an de Wirtschaftsministère géifen all d'Piècen am Dossier iwwerpréiwen. De Staat iwwerhëlt hei ze spéit seng Responsabilitéit, mengt de Jean-Claude Franck an engem Kommentar.

Jean-Claude Franck

Kommentar Jean-Claude Franck

D'Zil vu Fage ass kloer: De griichesche Konzern wëllt fort aus Griichenland, huet 2012 no der griichescher Scholdekris säi Steiersëtz vun Athen op Lëtzebuerg migréiert, an elo soll d'Jugurtsfabrick nozéien.

Et ass wuel de Plang fir nieft dem Steiersëtz och Substanz hei am Land ze hunn a fir den europäesche Marché vun hei aus ze bedéngen. 80 Millioune Kilo Jugurt d'Joer sollen an der neier Fabrick produzéiert ginn. Haaptsächlech fir den italieeneschen a brittesche Marché. Fage verkeeft just nach 14 Prozent vu sengem Jugurt a Griichenland selwer, an d'Fabrick bei Athen ass al. D'Mataarbechter fäerte mat Recht, datt hir Fabrick zougemaach gëtt, wann déi modern "Facililty" an der Industriezon Wolser bis produzéiert.

D'Konsequenze vum Silodenken

Ënner dem fréiere Vizepremier Etienne Schneider (LSAP) huet de Wirtschaftsministère gemengt, hie misst Fage vun Ufank u blann ënnerstëtzen. 2016 hu Fage an den Etienne Schneider de Projet ëffentlech annoncéiert, 2017 schonn huet de Wirtschaftsministère dem Konzern e raren Terrain vu 15 Hektar an enger nationaler Industriezon verkaaft. Weder d'Autorisatiounen, déi nach net gi waren, nach déi vill Froen iwwer den enorme Ressourcëverbrauch hunn de Wirtschaftsministère interesséiert. Datt een zäitgläich amgaang war mam US-Fuerscher Jeremy Rifkin un enger Strategie fir eng méi digital an nohalteg Ekonomie ze schaffen, weist d'Absurditéit vun enger Politik, déi dat eent seet, an de Contraire mécht.

Et maach sinn, datt wann et sech géif ëm d'Luxlait handelen, an net ëm e Konzern aus dem Ausland, datt d'Kritik um Projet net esou grouss wier. Trotzdeem ass se justifiéiert. Well eigentlech verkierpert de Projet eng Globaliséierung, vun där mer wëssen, datt se schlecht ass fir d'Ëmwelt. Et mécht einfach kee Sënn, e banale Jugurt Honnerte vu Kilometer mam Camion duerch Europa ze transportéieren. Witzegerweis läit Lëtzebuerg fir Groussbritannien oder Italie méi gënschteg wéi Athen, an et géifen also par Rapport zu elo Co2-Emissiounen agespuert ginn, trotzdeem ass et net méi zäitgeméiss. Virun allem och, well Fage just iwwer d'Strooss ausliwwert an net iwwer d'Schinn.

Keng Spuer vu Landesplanung oder nohalteger Ekonomie

An do wiere mer nees beim Wirtschaftsministère. Den Terrain, dee Fage verkaaft krut, huet eng perfekt Schinnenubannung ... déi Fage guer net wäert brauchen. Op der anerer Säit läit de Site ongënschteg un der Uelzecht, déi als Floss net grouss genuch ass fir a Periode vun nidderegem Waasser eventuell d'Charge polluante aus der Fabrick ze packen. En Terrain ouni Zuchubannung, mee dofir op der Musel, wier méi adaptéiert gewiescht. Mee dat si Froen, déi sech net gestallt goufen: Warscheinlech ass an engem Stater Büro oder vläicht souguer Restaurant, einfach just gemengt ginn, e puer honnert Aarbechtsplaze kéinten näischt schueden, an domat war d'Saach geritzt. Vu Landesplanung oder enger Strategie fir eng méi nohalteg Ekonomie keng Spuer. D'Regierung hat sech virgeholl net méi a Siloen ze fonctionéieren. Am Fall Fage waren dat just eidel Wierder.

An der Mediathéik:

Chronik / / Jean-Claude Franck
Lauschteren

Méi zum Thema

Fage
Oppositioun kritiséiert

D'Regierung hätt de Projet Fage komplett an de Sand gesat. Där Meenung ass d'CSV-Deputéiert Martine Hansen no enger Reunioun mam Wirtschaftsminister a mat der Ëmweltministerin. Dës haten déi lescht Entwécklungen am Dossier presentéiert.

Eng Jughurtsfabrick
Jugurtsfabrick

Den Diddelenger Schäfferot ass averstanen, Fage eng Betribsgeneemegung ze ginn. Dës gréng Luucht ass awer u Konditioune gebonnen. Ënner anerem soll den Impakt op d'Ëmwelt an de Verkéier miniméiert ginn.

Jugurtsproduktioun
Fage

Schaarf Kritik vu Beetebuerg a siwen anere Gemengen um Projet Fage. D'Envergure vun der Jugurtsfabrick wieren iwwerdriwwen. D'Produktioun wier net nohalteg, ekologesch a géif d'Ressourcen net schounen.

Jughurt Fabrick
Jughurt-Fabrik

De Projet fir eng grouss Jughurt-Fabrick tëschent Beetebuerg an Diddeleng geet an déi nächst Etapp. Den Dossier vum griichesche Konzern ass vun e Samschdeg un ëffentlech zougänglech, heescht et op Nofro bei der Beetebuerger Gemeng.

Apostolos Garbis
Fage

Mitarbeiter von Fage in Athen haben nach eigenen Angaben erst durch die Presse erfahren, dass der griechische Konzern in Luxemburg eine große Fabrik bauen möchte. Die Mitarbeiter zeigen sich besorgt.

Laurent Zeimet
Projet Jughurts-Fabrick

Beetebuerg hätt seng Suergen iwwer de Projet Jughurt-Fabrick zum Ausdrock bruecht. "Mir ginn elo mol dovun aus, datt déi och respektéiert ginn", esou de Buergermeeschter Laurent Zeimet (CSV).

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen