Am Zentrum géint Radikaliséierung schaffen den Ament véier Psychologen hallef-Zäit. Dorënner d'Karin Weyer.
De Lëtzebuerger Zentrum hätt sech um däneschen Aarhus-Modell inspiréiert, seet si. Dee wier gegrënnt ginn zu enger Zäit, wou vill Leit a Syrien ausgewandert waren, fir den Islamesche Staat ze kämpfen.
Gläichzäiteg hätt Dänemark e Problem mat engem Grupp vu Rietsextremen Hooligans gehat. Den Aarhus-Modell beschäftegt sech also mat verschiddene Forme vun Extremismus.
Re-Integratioun vu Radikaliséierten
Den Asiem El Difraoui ass Expert fir Djihadismus an europäesch Deradikaliséierungspläng.
Hie lueft um dänesche Modell, datt déi Betraffen individuell betreit géife ginn, an datt versicht géif ginn, d'Leit ze re-integréieren.
An Dänemark wier d'Ausmooss vum Problem awer kleng am Verglach zu de Ressourcen, déi fir d'Präventioun an d'Betreiung zur Verfügung stinn, seet de franséische Journalist Nicolas Hénin.
Hie war zéng Méint laang Gefaangene vum Islamesche Staat an huet sech elo op d'Thema Radikaliséierung spezialiséiert.
Dänemark hätt de "Luxus", datt déi Betraffe vu ville Leit kënnen encadréiert ginn. Zu Lëtzebuerg géif et do nach u Moyene feelen. Dat kéint een awer änneren, sou de Nicolas Hénin.
Präventioun, Encadrement, Re-Integratioun
De Lëtzebuerger Zentrum géint d'Radikaliséierung huet kaum praktesch Erfarungen. Vum Konzept hier schaffen d'Psychologe mat dräi Phasen, esou d'Karin Weyer.
- Allgemeng Präventioun: Si viséiert de Public. Et gëtt an de Schoulen an op Aarbechtsplaze sensibiliséiert.
- Spezifesch Mesuren: Bei enger Persoun, déi de Schrëtt a Richtung Radikaliséierung gemaach huet, ginn zum Beispill Mesuren ausgeschafft, fir de Lien mat der Famill an dem Entourage ("Peer Group") z'erhalen an ze verhënneren, datt déi betraffe Persoun ganz an d'Radikaliséierung rëtscht.
- Re-Integratioun: Et gëtt probéiert fir radikaliséiert Persounen, déi gewalttäteg goufen, nees an d'Gesellschaft z'integréieren.
Equipe net spezialiséiert genuch
Den Asiem El Difraoui seet, et wier den Ament nach schwéier, d'Aarbecht vum Lëtzebuerger Zentrum géint Radikaliséierung anzeschätzen, well net kloer wier, mat wéi engem Material d'Equipe schafft.
Hie gesäit och ee Manktem um Niveau vun der Equipe.
Am Team schénge bis elo nëmme Psychologen ze sinn. Et brauch een awer och Sozialaarbechter a Leit, déi sech mat de verschiddene Forme vun Extremismus genee auskennen. Bei islamisteschem Extremismus brauch een och Leit, déi sech gutt an der islamescher Relioun auskennen.
Positiv Sprooch benotzen
De Journalist a fréieren IS-Gefaangenen Nicolas Hénin huet mat engem fréiere Guantanamo-Prisonéier an dräi aneren Experten d'Associatioun "Action Résilience" gegrënnt.
Dës Associatioun beschäftegt sech mat der Präventioun vu Radikaliséierung a mam Encadrement vu radikaliséierte Leit.
Ee vun de Prinzipie wier et, eng positiv Sprooch ze benotzen.
Mir probéieren Termë wéi Radikaliséierung an Deradikaliséierung ze vermeiden. Dat si negativ Termen. Domat kann een net vill erreechen.
Falsch Representatioun an de Medien
Nieft der Sprooch huet och d'Representatioun an de Medien en Afloss op d'Radikaliséierung an op d'Präventioun. Den Nicolas Hénin seet, datt et den Extremisten an d'Hänn spillt, wann d'Medien duerch populistesche Contenu d'Gesellschaft géinge polariséieren.
Den Asiem El Difraoui mengt, d'Medien an Europa hätten deels onbewosst en Effekt, dee polariséiert. Aus der südlecher Mëttelmier-Regioun hätt een an de Medie bal nëmme Biller vun Zerstéierung, vum sougenannten Islamesche Staat oder vu Flüchtlinge gesinn.
Datt et an dëse Länner och nach ganz lieweg Zivilgesellschaften a Kulturlandschafte gëtt, déi Resistenz weisen, dat huet ee ganz wéineg an de Medie gesinn.
Breet Definitioun vu Radikaliséierung
Dacks géif just vun islamistescher Radikaliséierung geschwat ginn an net vun anere Formen, seet den Asiem El Difraoui. Dowéinst wier et gutt, datt de lëtzebuergeschen Zentrum géint d'Radikaliséierung sech mat deene verschiddene Forme vun Extremismus befaasst, sou den Expert.
Dat wier vun de lëtzebuergesche Medien deelweis ignoréiert ginn, bedauert d'Karin Weyer.
Mir waren net glécklech iwwert d'Biller, déi an der Press relativ eesäiteg genotzt goufen, fir eise Service virzestellen. Mir huele wierklech eng breet Definitioun vu Radikaliséierung a vun Extremismus, deen eben net nëmme reliéis oder islamistesch ass.