Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Externen Audit fir de SIGI?

Syndicat intercommunal de Gestion informatique

Externen Audit fir de SIGI?

Nächsten Dënschdeg den Owend um 17:00 Auer kënnt de Verwaltungsrot vum SIGI, dem Gemengesyndikat fir d'Gestioun vun der Informatik zesummen. Ënner anerem soll iwwer een externen Audit decidéiert ginn.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow

Wéi Reporter.lu bericht huet, soll et beim SIGI, dem interkommunale Syndikat fir d'Gestion informatique, Problemer ginn um Niveau vun de Relatiounen tëschent dem Personal an der Direktioun. An dësem Syndikat sinn all d'Gemenge vertrueden ausser d'Stad Lëtzebuerg.

Et gëtt iwwer een externen Audit ofgestëmmt

De SIGI soll elo vun enger externer an onofhängeger Organisatioun ënner d'Lupp geholl ginn, doriwwer gëtt en Dënschdeg an der ëffentlecher Reunioun vum Verwaltungsrot ofgestëmmt. Een Aarbechtsgrupp deen zesummegesat ass vu Comitésmembere soll doriwwer decidéieren.

Deen Audit soll d'Situatioun beim Personal analyséieren, dëst well vill Mataarbechter ënner der aktueller Direktioun fortgaange sinn. Och huet Reporter.lu vun Drock vun der Direktioun aus geschriwwen, deen eng schlecht Atmosphär a Mobbing géing mat sech bréngen. Den Audit soll awer och déi budgetär Situatioun vum Gemengesyndikat iwwerpréiwen.

D'Resultater vun deem Audit sollen nach virum Vott vum Budget vum SIGI virleien, heescht et an der Convocatioun.

Diskussiounen an der Chamberkommissioun fir Innepolitik

De Moien huet d'Chamberkommissioun fir Innepolitik driwwer diskutéiert, dëst op Ufro vum Marc Goergen vun der Piratepartei. Hien ass onzefridden driwwer datt den Inneministère net wëll tranchéieren, well SIGI wéinst der Gemengenautonomie een onofhängege Syndikat wier:

"Fir eis ass dat ee ganz wichtege Punkt, et betrëfft iwwer 100 Gemengen. Et geet och ëm Gemengebudgeten [...] Mir haten am Parlament d'Positioun vun der Inneministerin gefrot. Déi Positioun ass an eisen Aen net zefriddestellend well si sech hannert der Autonomie communale verstoppt."


Liest den Artikel vu Reporter.lu hei.