Mat ugespaante Gesiichtszich kuckt de Kemal e Video op sengem Handy, an deem ee kurdesch Kämpfer am Asaz géint déi tierkesch Attacken op Nordostsyrie gesäit. Dotëschent kuckt hien ëmmer erëm op seng Noriichten. Hie waart och op eng Äntwert vun de Syreschen Demokratesche Kräften a vun der YPG.
De jonken US-Amerikaner wëllt sech der YPG uschléissen, also déi gréisstendeels kurdesch Unitéiten, déi déi Syresch Demokratesch Kräften (SDF) leeden. Zanter 2016 huet d'Autonomieverwaltung an Nordostsyrien d'SDF als hir offiziell Verdeedegungskräften ernimmt.
"Direkt nodeems den Trump annoncéiert huet, datt hien den treiste Partner vun der US-Regierung am Noen Oste géif fale loossen, hunn ech mir en Ticket kaaft fir op Erbil. E One-Way Ticket. Ech verstinn dem Trump seng Decisioun einfach net. Den Erdogan ass kee Frënd vun Amerika, éischter eise Feind. Hien huet den IS ënnerstëtzt, zum Beispill doduerch, datt vill Auslandskämpfer duerch d'Tierkei konnte kommen."
"Eng reegelrecht Sabotage-Aktioun"
De Kemal war vun 2006 bis 2010 am US-Militär. Hie war ënner anerem am Irak am Asaz. Deemools huet déi amerikanesch Arméi och géint Al Qaida an divers aner salafistesch Milize gekämpft.
Am Kemal sengen Aen ass dem Trump seng Entscheedung, d'US-Truppen aus Syrien ze evakuéieren eng reegelrecht Sabotage-Aktioun vun de viregten amerikaneschen Efforten, d'Terrormiliz Islamesche Staat ze bekämpfen. Tatsächlech, kuerz no den éischten tierkeschen Attacken op Nordostsyrien, sinn déi éischt Dschihadisten aus Prisongen an Nordostsyrien ausgebrach. Dat wier eng grouss Gefor fir de Westen, mengt de Kemal. Hie selwer wier prett fir säi Liewe fir d'Kurden ze afferen. Hie géif am Moment awer net iwwer déi irakesch Grenz kommen, seet de Kemal. D'SDF misst seng Rees koordinéieren.
En anere Krich
Et ass net einfach, iwwer d'Grenz tëschent déi zwou kurdesch Regiounen ze kommen. Och wann déi irakesch Kurde vill Sympathie fir d'Affer vun den Attacken an Nordostsyrien hunn, huet déi irakesch regional Kurderegierung nëmme wéineg politesch Affinitéite mat der Autonomieverwaltung an Nordostsyrien.
Déi irakesch Kurden hu gutt ekonomesch Bezéiungen zur Tierkei a wëllen dës och behalen. Si wëlle sou onofhängeg wéi méiglech vun der Zentralregierung zu Bagdad sinn. Esou gëtt d'Grenz tëschent der irakescher a syrescher Kurderegioun gutt iwwerwaacht.
Bis ewell hunn déi syresch Kurden dem Kemal nach net geäntwert. Hie fäert, datt hien net gebraucht gëtt. Dës Kéier ass de Krich nämlech och en aneren. Fir déi syresch Kurde geet et elo net méi drëms, um Terrain géint eng international Terrormiliz ze kämpfen, mee éischter, déi ënnerschiddlech Groussmuechten aus hirer Regioun erauszehalen.
Och wa weiderhi Bommen op Nordostsyrien aschloen, wäert d'Zukunft vun der Regioun och an diplomatesche Kreesser entscheet ginn, hanner zouenen Dieren, wäit ewech vun der syrescher Kurderegioun.