Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Antony Szmierek - Big Light

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Europaparlament wëllt méi streng Ziler

Energiepolitik

Europaparlament wëllt méi streng Ziler

D'EU huet sech virun zwee Joer op der Weltklimakonferenz zu Paräis zu ambitiéise Klimaziler verflicht. D'lescht Joer hat déi Europäesch Kommissioun als Konsequenz dovun e puer Direktive mat neien Ziler fir d'Energiepolitik presentéiert. Si ginn dem Europaparlament net wäit genuch. Dat huet op alle Fall een éischten Test-Vote an der zoustänneger Parlamentskommissioun erginn. D'Diskussioune fir een Accord ze fannen, dierften net einfach ginn, well d'Positioune vun den EU-Memberlänner leie wäit auserneen.

auto_stories

3 min

Et wier eng Zort Chrëscht-Cadeau, eng gutt Vakanze-Lektüre. Dat sot den EU-Commissaire fir d'Energie-Unioun, Maros Sefkovic, wéi hie virun genee engem Joer zesumme mam Klima-Aktiouns-Commissaire Arias Canete, ee ganze Pak vun Direktive presentéiert huet, déi d'Klimaschutzpolitik an Europa regléiere sollen.

De Cadeau war un d'Parlament adresséiert, d'Deputéiert hätten elo genuch Liesstoff, mat deem si sécher eng gutt Zäit verbrénge kéinten, sou den Arias Canete net ouni e gewëssene Sarkasmus.

Elo, ee Joer dono gouf dëse Pak am Europaparlament engem éischten Test-Vote an der zoustänneger Energiekommissioun ënnerzunn. An en huet net all ze gutt ofgeschnidden.

D'Kommissioun hat proposéiert, datt bis 2030 27 Prozent vum Energiemix an der EU sollt aus Wand-, Solar-, Waasserkraaft oder aneren erneierbaren Energiequelle kommen. D'Energieeffizienz sollt op d'mannst ëm 30 Prozent verbessert ginn.

35 Prozent erneierbar Energië bis 2030

Eng Majoritéit an der Parlamentskommissioun proposéiert 35 Prozent bei den erneierbaren Energien a 40 Prozent fir d'Energieeffizienz.

D'EU misst sech eigentlech nach méi héich Ziler ginn, wa si sech un dat hale wëllt, wat zu Paräis op der Welt-Klimakonferenz decidéiert gouf, seet de Lëtzebuerger Europadeputéierte vun déi Gréng, Claude Turmes.

D'Kommissioun hat ee verbindlecht Gesamtzil fir d'EU proposéiert, ouni dobäi awer contraignant Prozentzuele fir all Memberland festzeleeën. Amplaz dovu sollte si national Pläng fixéieren, déi dann dono vun der Kommissioun iwwerpréift ginn.

Keng national verbindlech Ziler

Am Parlament hunn eng Partie Parteien hir Meenung zu deem Thema geännert, och si wëlle bei den erneierbaren Energien net méi op de Wee vun nationalen Ziler goen.

Doduerch kéint et awer méi komplizéiert ginn, fir Drock op d'Länner ze maachen, soe Kritiker. De Claude Turmes war Rapporter vun der aktueller Gesetzgebung, déi nach bis 2020 gëllt, an an där national Ziler festgehale goufen. Dat huet gutt funktionéiert, seet de Lëtzebuerger Gréngen. Et wier Schued, datt een dat elo wëllt opginn.

Subventiouns-Regimer vereinfachen

Vill diskutéiert gouf och iwwert d'Subventiouns-Regimer. D'Parlament setzt sech virun allem dofir an, datt d'Systemer vereinfacht gi fir Konsumenten, déi selwer Stroum produzéieren a vermaarte wëllen. Geet et dem Parlament no, kéint eng national Regierung hire Fërder-Regime net méi retroaktiv veränneren. Dat war an e puer Länner de Fall, wou op eemol Solaranlagen net méi ënnerstëtzt goufen.

D'Verhandlungen tëscht Kommissioun, Parlament a Memberstaate wäerten net einfach ginn. Ëmmerhi schéngen d'Positioune vu Parlament a Kommissioun schonn zimlech wäit auserneen ze leien. Dat huet deen éischten Test-Vote gewisen. Deen endgültege Vote an der Plenière vum Parlament ass uganks 2018.