"Dat Joer, wat elo kënnt, ass fundamental, fir den Europäer ze weisen, datt d'EU op verschidden Aart a Weisen dozou bäidréit, datt et hinne gutt geet." Dat sot de President vum Europaparlament dëse Mëttwoch 23. Mee op enger Pressekonferenz.
Et sollt feierlech zougoen op dësem "Ee Joer virun de Wahlen"- Event am Europaparlament. Den Antonio Tajani hat frësch Zuele matbruecht, fir déi Ambiance z'ënnersträichen.
Zoustëmmung fir EU geklomm
Engem neien Eurobarometer no sinn 48 Prozent vun den Europäer der Meenung, datt hir Stëmm an der EU zielt, 46 Prozent si vum Contraire iwwerzeegt. Ëmmerhin 60 Prozent vun den EU-Bierger fannen deemno, datt et eng gutt Saach ass, datt hiert Land Member vun der EU ass. Déi Zuel ass geklommen an dat freet den Antonio Tajani. Et passt an d'Konzept vun dësem Evenement um Télés-Plateau am Europaparlament.
Zu Lëtzebuerg sinn et 85 Prozent. De Grand Duché ass domat un der Spëtzt vun där Statistik. Déi Zuel ass souguer par Rapport zu zejoert an d'Luucht gaangen, ëmmerhin em zwee Prozent.
Vläicht funktionéiert de Brexit als Ofschreckungsbeispill. Um nämmlechte Plateau haten deen Dag virdru véier Europadeputéiert iwwert déi Wahlen diskutéiert. Et wäert net einfach ginn, d'Vertrauen vun de Wieler erëm ze gewannen, esou hire Fazit.
"EU-Parlamentarier brauchen ee Realitéits-Check"
"Ze dacks gëtt Europäesch Politik als eppes gesinn, wat sech hannert zouenen Dieren ofspillt, als ee Projet fir Éliten." Dat seet d'Tanja Fajon, Sozialdemokratin aus Slowenien. "Fir eis Politiker geet et dorëms, bei d'Leit ze goen an erauszefannen, wéi mer si erreeche kënnen." Europadeputéiert liewen an enger Bull, a wëssen dacks net wéi eng Sprooch d'Leit schwätzen, seet selbstkritesch d'Liadh Ni Riada vun der irescher Sinn Fein-Partei. "Mir als Europadeputéiert brauchen ee Realitéits-Check." An Irland hätt de Brexit dofir gesuergt, datt vill Leit hir Vue op d'EU geännert hunn. D'Leit géife méi iwwert d'EU schwätzen a wéilten net aus der EU erausgedréckt ginn.
Europäeschen oder nationale Wahlkampf?
An all europäeschem Wahlkampf dominéiere meeschtens national Sujeten. Dat wier och kee Problem, seet den däitschen CDU-Europadeputéierten, David McAllister. Hie begréisst et awer, datt d'Parteien een europäesche Spëtzekandidat nominéiere wäerten. "Dee System vun de Spëtzekandidaten ass decisiv fir dofir ze suergen, datt des Europawahlen net d'Zomm vu 27 nationale Wahlen sinn. A fir de Leit kloer ze maachen, datt et hei ëm vill geet."
Déi politesch Inhalter an där Campagne misste méi un den Alldag vun de Leit gekoppelt ginn, wënscht sech iwwerdeems de Spuenesche Gréngen, Ernest Urtasun. Et misst iwwer konkret Saache wéi Aarbechtsplaze goen. "Géint Anti-EU-Mouvementer kämpfen heescht d'Prioritéiten vun der EU un d'Besoinë vun de Leit ze re-connektéieren."
Eent ass sécher: An Irland wäert de Brexit des Wahlen dominéieren. Dovun ass d'Liadh Ni Riada iwwerzeegt. "De Brexit huet mat allem eppes ze dinn: Mam pluriannuelle Budget an domat wéi mer an de nächste Joren d'Suen ausginn. Do gëtt et een direkte Lien."
Migratioun ee vun den Haaptsujeten am Wahlkampf
Migratioun soll ee vun den Haaptsujeten an dëser Wahlcampagne ginn, wënscht sech den ungaresche Premier, Viktor Orban. An Däitschland wäert dee Sujet eng grouss Roll spillen, konfirméiert den David McAllister. "Mir wäerten zum Beispill driwwer diskutéieren, wat ee ka maachen, fir illegal Migratioun ze stoppen. Dat ass eng grouss Erausfuerderung."
Hien hätt beim Debat iwwert Migratioun ëmmer Angscht, "datt ze vill Regierungen d'Argumentatioun vun der extrème droite iwwerhuelen", seet den Ernest Urtasun. Fir hie geet et dorëms, een inhaltleche Debat ze féieren. "Et geet dorëms, ze soen, datt et Länner gëtt, déi hir Responsabilitéiten net iwwerhuelen. Spuenien ass eent dovun."
Och an Italien huet Migratioun eng grouss Roll am Wahlkampf gespillt. An der Regierung sinn elo fir d'éischte Kéier zwou Parteien, déi d'EU zwar net méi direkt a Fro stellen, awer als Euro-Skeptiker kënne betruecht ginn. Dorop ugeschwat sot de Parlamentspresident, datt hien net frou driwwer wier, wat a sengem Land lass ass. Och dozou gëtt et Zuelen aus dem Eurobarometer, déi den Antonio Tajani awer net ernimmt. 40 Prozent vun de Befroten hu sech iwwerzeegt dovun gesot, datt nei Parteien oder Mouvementer, déi géint den Establishement protestéieren, besser Léisunge fanne kënnen.
Et muss een aner Äntwerte fannen, fir den Euroskeptiker eppes entgéint ze setzen, esou den Antonio Tajani. "Mir mussen eis op konkrete Sujeten engagéieren, an et dierf een net an déi üblech europäesch Rhetorik verfalen".
Tajani: "Zuckerberg-Auditioun war ee Succès"
Selwer schéngt den Parlamentspresident awer net prett ze sinn, Rhetorik ze änneren. D'Auditioun vum Facebook-Chef Mark Zuckerberg war och dës Woch. D'Aart a Weis, wéi si ofgelaf ass, gouf schaarf kritiséiert, wëll d'Format et dem Amerikaner erlaabt hat, ongemittleche Froen aus dem Wee ze goen. Den Antonio Tajani awer gesäit dat net esou. Och een Dag nom Evenement schwätzt hie vun engem "grousse Succès fir d'Europaparlament".
"Den Här Zuckerberg huet akzeptéiert an Europa just op d'Froen vum Parlament z'äntwerten. Hien huet aner Auditiounen refuséiert. Domat steet d'Parlament am Mëttelpunkt vun der Politik fir d'Rechter vun de Bierger ze verdeedegen."
D'Europaparlament steet och am Zentrum vun den Europa-Wahlen. Si si genee an engem Joer - tëscht dem 23ten an dem 26ten Mee 2019.