EU-Wirtschaftslaag Italie bleift am Fokus
Däitschland soll manner spueren a méi a Bildung an Infrastruktur investéieren, an déi ekonomesch Situatioun an Italien, op Zypern an a Griichenland ass alarmant. Dat seet d'Analys vun der Europäescher Kommissioun iwwer d'Wirtschaftslag an den eenzelen EU-Länner. Fir Lëtzebuerg ass et ënner anerem de Rot, a Wunnengen an Transportinfrastruktur ze investéieren an esou dofir ze suergen, datt d'Land net manner attraktiv fir privat Investisseure gëtt.
Déi gutt Nouvelle huet d'Kommissioun gëschter, Mëttwoch, 27.2., um Ufank net ouni Stolz presentéiert: 2019 ass dat siwent Joer hannereneen, an deem d'Ekonomie an der EU wäert wuessen. Wann och méi lues wéi bis elo, sou den EU-Finanzkommissär Pierre Moscovici.
Zéng EU-Länner net am Equiliber
Den Emploi bleift op engem Rekordniveau, de Chômagetaux ass esou niddereg wéi nach ni, freet sech de Kommissär. An deene manner räichen EU-Länner ass d'Croissance méi héich, wéi an deenen aneren. Dat ass gutt fir d'Konvergenz, allerdéngs profitéiere Verschiddener méi vum Wuesstem wéi anerer.
An zéng EU-Länner ass d'Ekonomie net am Gläichgewiicht. An an dräi Länner, nämlech Zypern, Griichenland an Italien, ass dat massiv de Fall.
Italie gëtt wéi jiddweree behandelt
Déi héich Staatsscholden, den héijen Chômage-Taux a faul Bankkreditter an Italie maachen der Kommissioun Suergen. Firwat also bei esou enger schlechter Zensur keng Prozedur géint d'Land lancéieren?
De Pierre Moscovici weist de Reproche vun enger politescher Decisioun en Vue vun den Europawahlen vu sech.
"Déi budgetär Entwécklunge gi bis am Fréijoer analyséiert. An all Land sollt sech bewosst sinn, datt wann d'Croissance ofhëlt, dat och Konsequenze wäert hunn. Dat ass net politesch, mir wollten dee Fall esou behandelen - wéi mir dat vun Ufank u mat jiddwerengem gemaach hunn."
Och fir Lëtzebuerg gi wéi all Joer Recommandatioune gemaach. Et ass ënner anerem de Constat, dat ze mann Wunnengen an d'Konsequenzen vun iwwerméisseg vill Trafic d'Land manner attraktiv maachen. Investitiounen an deem Beräich kéinten, sou de Rapport, d'Wuesstumspotential op laang Siicht verstäerken.
Däitschland gëtt op en Neits verwarnt, méi ze investéieren. Den Exportiwwerschoss gëtt zanter Jore vun der Kommissioun kritiséiert.
Bréif un Tusk: de Bannemaart stäerken
A propos Wirtschaftslag an der EU: 17 Länner dorënner och Lëtzebuerg, hu gëschter ee Bréif un de Conseilspresident Donald Tusk geschéckt, an deem si sech fir ee méi staarken EU Bannemaart asetzen. D'Schreiwes geet op eng Initiativ vu Finnland zeréck. D'Länner weisen drop hin, datt misst séchergestallt ginn, dat d'Reegele vum Bannemaart agehale ginn. Dorop, datt dat net ëmmer de Fall ass, haten och schonn d'Wirtschaftsministeren aus deene nämmlechte Länner zejoert higewisen. Si haten eng Analys vun der Kommissioun gefrot.
Méiglecherweis well net direkt eppes geschitt ass, gëtt den Appell dës Kéier um Niveau vun de d'Staats- a Regierungscheffe lancéiert. Fir Lëtzebuerg ass ee Bannemaart, dee gutt funktionéiert besonnesch wichteg, huet et op Nofro aus Regierungskreesser geheescht. Et fält op, dat grouss Länner wéi Frankräich, Däitschland, Italien de Bréif net ënnerschriwwen hunn.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.