De Kampf géint de Kriibs war eng vun de grousse Prioritéiten, wéi d'Ursula von der Leyen am September 2019 d'Rudder un der Spëtzt vun der Kommissioun iwwerholl huet. "Et ass eng perséinlech Saach", sot d'Kommissiounscheffin zejoert op enger grousser Anti-Kriibs-Konferenz. Hir Schwëster ass als Kand u Kriibs gestuerwen.
Digitaliséierung besser notzen
Europa huet ee Véierel vun de weltwäite Kriibs-Kranken ze bekloen. Zil vum Aktiounsplang ass et, deem méi decisiv wéi bis elo entgéintzewierken. Am Plang vun der Kommissioun geet et virun allem drëm, déi europäesch Approche de Fortschrëtter an der Therapie an de Prognose gerecht ze ginn, se der Digitaliséierung besser unzepassen.
Nach dëst Joer sollen an engem spezielle Kriibs-Atlas d'Donnéeën zesummegeféiert ginn, fir se der Recherche zur Verfügung ze stellen.
Fëmmen ass d'Ursaach vu bal engem Drëttel vu Kriibsfäll
D'Preventioun spillt eng zentral Roll an hei hieft d'Kommissioun speziell d'Roll vum Tubak ervir. Ëmmerhi 27 Prozent vun de Kriibs-Fäll an der EU ginn op de Konto vum Fëmmen.
90 Prozent vum Longekriibs kéinten evitéiert ginn, wann net méi gefëmmt géif, heescht et am Text. Erkläerten Zil ass et, datt bis 2040 manner wéi fënnef Prozent vun de Leit an der EU fëmmen. Zu Lëtzebuerg wier dat ee relativ wäite Wee. Der Fondatioun géint de Kriibs no ass den Taux an de leschte Joren nees bis op 27 Prozent geklommen.
D'EU viséiert déi Jonk. Et sollen, esou heescht et am Text: "Decisiv Mesurë geholl ginn, fir Zigaretten an Tubak manner attraktiv ze maachen". Dozou gehéiert och, Publicitéit an de Sponsoring am Netz an op de soziale Medien an Ugrëff ze huelen.
Reegele fir den Akaf iwwer d'Grenzen iwwerschaffen
Well de Präis ee wichtege Facteur ass, soll och d'Direktiv fir d'Tubaks-Besteierung op de Leescht geholl ginn. D'Tubak-Steier ass ee vun den am effikassten Instrumenter fir géint Fëmme virzegoen, esou d'Kommissioun. D'Direktiv doriwwer soll iwwerschafft ginn, genee wéi de legale Kader, deen d'Akafe vun Zigaretten vu private Persounen am europäeschen Ausland reegelt.
Dat kéint speziell fir Lëtzebuerg interessant ginn, well bekanntlech aus dem Grand Duché vill Tubak an d'Nopeschlänner verkaf gëtt. Den Artikel 32 an der Direktiv iwwer d'Accise schreift vir, datt d'Steieren op engem Produit, deen ee mat iwwer d'Grenz hëlt, nëmmen am Land bezuelt ginn, wou dee Produit kaf gouf. Den Artikel leet och de Maximum un Zigaretten oder Alkohol fest, déi hei fir den eegene Gebrauch duerchginn.
De Mëssbrauch vun de Reegele géif verschiddene Länner Suerge maachen, esou d'Kommissioun. Wéinst de Steieren, déi am eegene Land verluer ginn, awer och wéinst dem negativen Impakt op d'Effikassitéit vun de nationale Gesondheetsreegelen. D'Kommissioun huet dozou e Méindeg eng ëffentlech Consultatioun lancéiert.