Et wier ee sech driwwer eens ginn, datt een zesumme Gas akafe wëllt an eng Interventioun um Marché néideg ass, sot um Enn de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel. D'Europäesch Kommissioun soll elo prezis Mesuren ausschaffen, déi dann um nächsten EU-Sommet Enn Oktober zur Diskussioun stinn.
Diskutéiert gouf och iwwert national Mesuren, déi verschidde Länner wéi Lëtzebuerg schonn op de Wee bruecht hunn, fir hirer Ekonomie an de private Stéit ze hëllefen. Deen däitsche Plang mat 200 Milliarde stécht do eraus - an do gouf et Kritik.
EU brauch "level playing field"
Déi estesch Premierministerin huet se esou formuléiert:
"Mir brauchen eng gemeinsam Léisung: Am anere Fall stiechen déi, méi Suen hunn, déi aner aus. An dat zerstéiert den Bannemarché."
Och d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen huet den "Level playing field" - betount. Dat heescht, déi nämmlecht Konditioune fir d'Entreprisen um EU Bannemarché deelzehuelen.
Si kënnen iwwert Qualitéit ma net iwwert Subside matenee konkurréieren, sou déi daitsch CDU-Politikerin.
Tripartitesbeschlëss mussen nach vun der EU-Kommissioun validéiert ginn
De Lëtzebuerger Pak, op deen ee sech an der Tripartite eens gouf ass mat enger Milliard Euro vergläichbar mam däitsche Volume. Wéi ass et dann do mat der Solidaritéit mat deenen, déi dat net bezuele kënnen? "All Land ass am gaangen dat ze maachen, jiddwereen ass am gaange seng Zëppchen a seng Rezepter ze applizéieren." Sou beäntwert de Xavier Bettel déi Fro. Lëtzebuerg bräicht awer genee ewéi Däitschland gréng Luucht vu Bréissel, fir kënne seng Mesuren z'applizéieren.
Um EU-Sommet Enn Oktober a virdru schonn déi nächst Woch op der Reunioun vun den Energieministere gëtt virun diskutéiert.