Welt-Klimastreik EU-Parlament wollt keen Debat mat Klima-Aktivisten

Am Europaparlament war dës Woch eng Delegatioun vu Klima-Aktiviste vun der Beweegung "Fridays for Future" op Besuch. Bei der Debatt iwwer de Klimaschutz hu si awer just dierfen nolauschteren. Matdiskutéiere war net erlaabt. Dat ass am Fong net nozevollzéien, fënnt d'EU-Korrespondentin Danièle Weber.

Danièle Weber / cbi

Réckbléck Danièle Weber
Foto: Elke Weber (Archiv).

Déi ronn 60 Aktivisten aus 18 verschiddene Länner ware vun deene Gréngen a vun der Gauche Unie invitéiert ginn. Déi Chrëscht-konservativ Europäesch Vollekspartei, déi Liberal an déi riets Parteie waren dogéint, fir hinnen d'Wuert an der Plenière ze ginn.

Dowéinst souzen d'Aktivisten op der Visiteurstribün a konnte beim Debat iwwer de Klimaschutz just nolauschteren. Frou ware si doriwwer net. Hire Bilan vum Debat ass och net grad positiv ausgefall.

Eng verpasse Geleeënheet, fir mat Vertrieder vun der Beweegung "Fridays for Future" op europäeschem Niveau ze diskutéieren, fënnt d'100,7 EU-Korrespondentin Danièle Weber.


Lauschtert d'Gespréich mat der EU-Korrespondentin vum 100,7 Danièle Weber. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / radio 100,7
Lauschteren

Méi zum Thema

Danièle Weber Analys
Reform vun der EU-Asylpolitik

D'Reform vun der Europäescher Asylpolitik stécht an der Sakgaass. D'EU-Inneminister sinn en Donneschdeg, wéi ze erwaarden, net virukomm. Heescht dat, dat déi Reform elo endgülteg um Enn ass?

Danièle Weber
​EU-politesche Wocheréckbleck

De 26. Mee sinn Europawahlen, den 29. Mäerz verléisst Groussbritannien d'EU. Ass et sécher, datt d'Briten dës Kéier net bei deene Wahlen dobäi sinn? Erklärunge vun der radio 100,7-EU-Korrespondentin Danièle Weber.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen