Et soll séier goen, den Impfstoff géint de Coronavirus soll sou schnell wéi méiglech disponibel sinn. Fir datt en dono och vun de Leit akzeptéiert gëtt, muss Vertrauen opgebaut ginn, seet de franséischen Europadeputéierte Pascal Canfin, de President vun der zoustänneger Kommissioun fir d'Gesondheet am Europaparlament.
An där Kommissioun goufen Hearingen organiséiert, fir méi Informatiounen iwwert déi Kontrakter ze kréien, déi d'Kommissioun mat enger Partie Impfstoff-Hiersteller ofgeschloss huet. Allerdéngs sinn do nach Froen opbliwwen, sou den Deputéierte vum Emmanuel Macron senger Partei "La République en Marche". Ënner anerem geet et dobäi geet et em legal Responsabilitéiten an em d'Käschten.
Analysë wéi bei all aner Impfstoff
Zoustänneg fir d'Iwwerpréiwe vum neien Impfstoff ass an der EU d'EMA, d'Europäesch Agence fir Medikamenter. Si liwwert der Kommissioun déi néideg Informatiounen, fir eng Autorisatioun um Marché ze ginn.
D'Agence géif fir ee sécheren Impfstoff garantéieren, seet de Fergus Sweeney, de Chef vun der zoustänneger Task Force bei der EMA.
"Mir suergen dofir, datt déi bescht wëssenschaftlech Ressourcë genotzt ginn, fir d'Evaluatioun ze maachen, datt d'Analyse sech just un Standarde vu Sécherheet, Qualitéit an Effikassitéit orientéiert, d'nämmlecht wéi bei all aner Vaccin, an datt eis Bewäertung onofhängeg vun anere Facteuren ass."
Déi concernéiert Entreprisen, déi mat der Europäescher Kommissioun iwwert Virverträg verhandelen, refuséieren awer de Contenu vun deenen Accorde publik ze maachen.
"Mir verstinn den Interêt un deenen Informatiounen. Mir hunn eis engagéiert sou vill wéi méiglech ze kommunizéieren an sou vill Detailer iwwert déi Impfstoffer virun ze ginn. Déi individuell Kontrakter sinn awer och aus legale Grënn confidentiel an deem Prozess."
, seet den Andi Powrie-Smith vun der Europäescher Federatioun vun der Pharma-Industrie.
An de Verhandlungen haten d'Entreprisen no Konzessioune bei der Haftung gefrot, präziséiert den däitschen Europadeputéierte vun der CDU, de Peter Liese. Verschidden Entreprisen hätte gefrot, vun der Haftung befreit ze ginn an datt Bierger net kënne kloen, wa se Komplikatiounen no enger Impfung kréien. D'Kommissioun hätt sech deem awer mat Succès widdersat, sou de Peter Liese.
Haftung bleift bestoen
D'Kommissioun huet zanterhier effektiv e puer Mol betount, datt d'Pharma-Entreprisë wéi bei all aner Medikament haftbar wieren, wann et zu Komplikatioune kéim.
D'Parlamentskommissioun hätt iwwerdeems wichteg Zousoe vun der Europäescher Medikamenten-Agence krut, seet de Pascal Canfin. D'Agence huet sech engagéiert net nëmmen d'Resultat vun hirer Analysen ze publizéieren. Dräi Deeg no der Autorisatioun sollen och all d'Donnéeë verëffentlecht ginn, déi d'Ema als Basis fir hir Decisioun geholl huet.
Och no enger Autorisatioun géif de Vaccin weider genee iwwerwaacht, betount nach de Vetrieder vun der Agence
"D'Sécherheet ass dat wichtegst. Mir hunn ee strengen a breeden Iwwerwaachungssystem op d'Been gesat."
An engem oppene Bréif un d'Kommissioun freet d'Euro-Parlament no Detailer zu de Kontrakter mat de Pharma-Entreprisen.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.