Press EU-Parlament fir eng besser Protektioun vu Journalisten

A manner ewéi engem hallwe Joer sinn zwee Investigatiounsjournalisten an der EU ëmbruecht ginn. D'Europaparlament mécht elo een Appell un d'EU-Memberlänner, Journaliste besser ze protegéieren. D'Parlament freet och, datt Europol sech un der Enquête iwwer de Mord vum Journalist Ján Kuciak an der Slowakei soll bedeelegen.

Danièle Weber / ys

Ingeborg GRÄSSLE a Claude MORAES
D'Ingeborg Grässle an de Claude Moraes vun der Delegatioun, déi an d'Slowakei war (Foto: EP / Eric Vidal)

Den liberale briteschen Europadeputéierte Claude Moraes gesäit en Zesummenhang tëschent der Hausse vum Populismus a verschiddene Länner an dem Fait, datt Journalisten zu Zilscheiwe fir Gewalt ginn.

De Phenomen wier net nei an der EU. "Wann ee Journalist ëmbruecht gëtt, heescht dat, datt hien eppes erausfonnt hat, wat fir een anere wäertvoll ass." D'Conclusioun wier, datt Journaliste besser geschützt misste ginn. Och wann d'Recht op Meenungs- a Pressefräiheet per Gesetz garantéiert wier, sou wéi dat an der Slowakei de Fall ass.

Bedeelegung vun Europol un Enquête?

De Claude Moraes war am Mäerz mat enger Delegatioun aus dem Europaparlament an d'Slowakei gereest, fir sech op der Plaz ee Bild iwwert d'Situatioun ze maachen. Europol sollt sech un der Enquête bedeelegen. "Mir denken, datt dat hëllefe kann, déi Schëlleg ze fannen, déi de Ján Kuciak a seng Frëndin Martina Kušnírová ëmbruecht hunn." An dat géif och dozou bäidroen, datt d'Enquête méi onofhängeg an objektiv géif ginn.

D'Parlament insistéiert, datt Journaliste, Blogger a Whistleblowere besser protegéiert ginn, op nationalem an op europäeschem Niveau.

D'EU-Kommissioun wëllt e Méindeg eng nei Direktiv iwwer d'Protectioun vu Whistleblowere presentéieren.

Méi zum Thema

Valerija Berdi Meenung
Kulturchronik

Den tierkesche Journalist a Schrëftsteller Can Dündar lieft an Däitschland am Exil. Him gëtt an der Tierkei Landesverrot virgeheit. Si mir eis dem Wäert vun der Presse- a Meenungsfräiheet bewosst?

Whistleblower
Kontext #chamberleak

Dem radio 100,7 läit e Fall vir vun enger Sécherheetslacune op enger staatlecher Internetplattform. Si gouf net behuewen, well de Whistleblower kee Schutz viru penale Sanktioune garantéiert krut.

Luc Caregari
Informatiounszougangsrecht

D'Lëtzebuerger Journaliste fuerderen zënter Joren en Informatiounszougangsrecht fir Journalisten. D'Regierung ass där Demande net nokomm. De Presserot huet dofir eng eege Gesetzpropositioun ausgeschafft.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen