arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Parlament ass net presséiert

Spëtzeposten an der EU

|
reading time

5 min

EU-Parlament ass net presséiert

Am Europaparlament gouf et eng éischt Ronn vu Koalitiounsgespréicher tëschent de véier grousse Parteien. Iwwer Nimm vu Kandidaten fir d'Spëtzeposten gëtt offiziell net diskutéiert. Wat ass dobäi erauskomm? A wien huet bis elo am Rennen ëm déi Posten d'Nues vir? Eng Analys vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.

reading time

5 min

Fir de Poste vum Kommissiounspresident si mam Manfred Weber (Europäesch Vollekspartei), Frans Timmermans (Sozialisten) a Margrethe Vestager (Liberal) dräi Leit am Gespréich, déi fir hir Partei als Spëtzekandidaten an d'Europawahle gaange sinn. Bis elo huet kee vun deenen dräi Spëtzekandidaten d'Nues vir.

De Manfred Weber ass nach ëmmer haaptsächlech bei de Fransousen net belieft, de franséische President Emmanuel Macron mécht doraus keen Heel. D'EVP selwer awer bleift dobäi: Mir sinn déi gréisste Partei, also stelle mir och de Kommissiounspresident.

Wou ass de Frans Timmermans?

De Frans Timmermans ass erstaunlech roueg. Zanter dem Wahlowend ass hien zu Bréissel net ëffentlech opgetrueden, et gouf och beispillsweis vun him keng eenzeg Noriicht op Twitter. Et ass och nach ëmmer net gewosst, ob hie säi Mandat als Europadeputéierten untrëtt.

An deem Fall misst hien als Vizepresident vun der Europäescher Kommissioun demissionéieren. Hien huet nach bis uganks Juli Zäit, sech dat z'iwwerleeën an hofft wahrscheinlech, datt d'Verdeele vun de Poste bis dohi gekläert ass.

Een onduerchsichtege Prozess

D'EU Kommissärin fir d'Konkurrenz, d'Margerethe Vestager sot dës Woch: "Ech si nach ëmmer Kandidatin". Si huet de Prozess fir Spëtzeposten ze besetzen als "opaque", als onduerchsichteg bezeechent. Hir Partei ass do allerdéngs net ganz onbedeelegt.

Déi Liberal, déi zanter dëser Woch "Renew Europe" heeschen, stinn net geschlossen hanner der Kandidatin Vestager, si senden ënnerschiddlech Signaler eraus. Dat huet hir Positioun bis elo net gestäerkt.

Dozou kënnt, datt de fréiere Fraktiounschef Guy Verhofstadt wëllt President vum Europaparlament ginn. Hie viséiert also ee vun de véier Spëtzeposten un. Et ass awer kloer, datt déi Liberal keng zwee Poste kréien. Wien zweegleiseg fiert, kéint um Enn net ganz uewe matmëschen.

"Renew Europe": Gehéiert "en marche" wierklech dozou?

Iwwerdeems hat déi franséisch Delegatioun, déi nei am Grupp ass, mat hirer Cheffin Nathalie Loiseau kee gudde Start zu Bréissel. Et waren Detailer aus engem Hannergrondgespréich mat franséische Journalisten erauskomm, an deem si sech ganz offälleg iwwer Kollegen aus der Fraktioun an och iwwer de Manfred Weber geäussert hat. Si hat och annoncéiert, datt elo ënner franséischer Regie souzesoen dës Fraktioun géif ëmgekrempelt ginn.

Dat hat fir vill Opreegung gesuergt, an d'Nathalie Loiseau huet d'Konsequenze gezunn: si huet en Donneschdeg matgedeelt, datt si net fir Poste vun der Fraktiounscheffin kandidéiert. Eppes, wat si virdru wëlles hat. Déi Liberal an d'Deputéiert vum Emmanuel Macron senger Partei "en marche" musse sech also nach zesummefannen. E Méindeg wielen d'Deputéiert vu "Renew Europe" hire Fraktiounschef.

Koalitiounsgespréicher stinn um Ufank

Och d'Sozialisten am Europaparlament si mat interne Muechtkämpf beschäftegt, och si hu nach kee Fraktiounschef. Dat alles ass mat Schold, datt d'Parlament sech bis elo schwéier deet, seng Positioun an der Diskussioun ronderëm d'Spëtzeposten ze definéieren.

En Donneschdeg war eng éischt Ronn vu Koalitiounsgespréicher. Et gouf a verschiddenen Aarbechtsgruppen diskutéiert. Mat derbäi sinn zwee Lëtzebuerger, de Nicolas Schmit, Europadeputéiert vun der LSAP an d'Tilly Metz vun deene Gréngen.

An där éischter Ronn schéngt een net allze wäit komm ze sinn. Et wier "een éischten Echange" gewiescht, d'Gespréicher stéingen "um Ufank", an et sollt een "näischt iwwer de Knéi briechen", huet et dono geheescht.

D'Parlament wollt eigentlech virum EU Sommet den 20. an 21. Juni Konklusiounen zéien. Op deem Sommet sollen d'Staats- a Regierungscheffen sech iwwer Nimm fir déi véier Top-Posten an der EU eens ginn.

Nicolas Schmit: Et ginn Divergenzen

De Nicolas Schmit sot, säi Grupp géif virun allem op de soziale Volet pochen. Hie sot och, do géif et duerchaus Divergenze mat der EVP an de Liberale ginn an et wier sécher net einfach, sech eens ze ginn.

Am Prinzip sollt e Méindeg, dann ass déi zweet Sitzung, een Text virleien. Dora sollten déi grouss Linne beschriwwe ginn, vun deem, wat sech déi véier Parteie vun där nächster Kommissioun erwaarden. Datt e Méindeg sou een Text virläit, gëtt awer allgemeng net méi als realistesch ugesinn.

Keng Positioun vum Parlament virum EU-Sommet

An de Koalitiounsgespréicher am Parlament gëtt net iwwer Nimm a Poste geschwat, d'Parlament kënnt also virun deem Sommet net mat enger Propose, wéi ee Kandidat als Kommissiounspresident eng Majoritéit am Parlament kritt. Och dat kéint awer d'Positioun vum Parlament schwächen.

Et gëtt och een Terminproblem: den neie Parlamentspresident gëtt ugangs Juli gewielt, deen Datum steet fest. De Parlamentspresident ass awer Deel vum Pak vun de véier Spëtzeposten.

Wa sech d'Staats- a Regierungscheffen net eens ginn, kéint déi ganz Virstellung vun enger Package-Léisung duerchernee geroden. Och dat missten d'Vertrieder vum Parlament an hir Iwwerleeunge mat abauen.

Et ass den Ament net virauszegesinn, wéi dee Knuet kann opgeléist ginn. An et gëtt scho vun engem weidere Sommet den 30. Juni geschwat, op deem d'Personalfroen dann nach eng Kéier diskutéiert misste ginn.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.