EU-SOMMET EU op der Sich no Kandidate fir Top-Posten
Wie gëtt Nofolger vum Jean-Claude Juncker als Kommissiounspresident? Enner anerem doriwwer diskutéieren haut a muer d'EU-Staats- a Regierungscheffen zesummen. D'Europaparlament diskutéiert iwwer ee Koalitiounsaccord an deet sech schwéier, kloer Positioun ze bezéien.
Déi leschte Kéier hat d'Parlament séier gehandelt. Zwee Deeg no den Europawahlen am Mee 2014 stoung fest: D'Majoritéit ënnerstëtzt de Spëtzekandidat vun der Europäescher Vollekspartei, de Jean-Claude Juncker, fir Kommissiounspresident ze ginn. Et wollt ee sech domat virun allem däitlech hanner den deemools neie System vun de Spëtzekandidate stellen.
Dës Kéier ass dat net méi esou kloer. Dat läit dorun, datt Sozialisten a Chrëschtdemokrate fir d'éischte Kéier zesumme keng Majoritéit méi hunn, mee net nëmmen.
An de leschten Deeg war vill lass zu Bréissel am Europaparlament. D'Fraktiounen hunn nei Presidente gewielt, schonn dat war deels komplizéiert.
Bei éischte Reuniounen tëschent de Parteien hat sech awer och séier erausgestallt, datt ee sech dës Kéier net sou einfach hanner ee vun de Spëtzekandidate géif stellen. En Numm kréien d'Staats- a Regierungscheffe fir hire Sommet vum Parlament also net geliwwert.
Nicolas Schmit: "Wäit ewech vun engem Accord"
Amplaz hunn d'Sozialisten, EVP, déi Liberal an déi gréng Aarbechtsgruppen op d'Been gestallt, fir iwwer méiglech Koalitiounen ze schwätzen. Eng richteg Decisioun, seet de Nicolas Schmit, deen am Grupp Ekonomie a Soziales fir seng Partei, d'Sozialisten, mat verhandelt. Et géif ëm Inhalter an net ëm Nimm goen, an dorëms, d'Richtung vun der europäescher Politik fir déi nächst Joer ze definéieren.
D'Verhandlungen am Parlament iwwer ee Koalitiounsaccord ware bis elo net einfach. Et ass een nach ganz wäit ewech vun engem Accord, sou de fréieren Aarbechtsminister. Beim Soziale wier een no un der grénger Partei, dat ass fir den Nicolas Schmit kloer. "Do si vill Konvergenzen", seet hien.
Dat wier awer net de Fall fir d'EVP an nach manner fir déi liberal Partei, "déi mat wierklech ganz strikten Iddien un déi sozial Problematik erugeet an do gesinn ech momentan nach keng Basis fir grouss Kompromësser", esou de fréieren Aarbechtsminister.
Ähnlech héiert sech dat aus aneren Aarbechtsgruppen un. déi gréng hätten am Koalitiounsaccord "gär ganz konkret Inhalter dran, ganz konkret Moossnamen, déi och novollzéibar an herno och moossbar sinn", seet d'Tilly Metz. Aner Parteie géife méi am Generellen a Vage bleiwen. Dat wier ee Problem, deen d'Gespréicher géif verlängeren, seet d'Tilly Metz, déi fir déi gréng an dëse Gespréicher um Verhandlungsdësch setzt.
All Optioune sinn nach um Dësch
Et gëllt als zimlech sécher, datt den nach-Parlamentspresident Antonio Tajani net mat engem Koalitiounsaccord an der Täsch wäert op den EU-Sommet kommen, wou hien traditionell am Ufank eng Entrevue mat de Staats- a Regierungscheffen huet.
An deene Kreesser ass een awer anscheinend op der Sich no Kandidate fir d'Top-Posten an der EU och nach net wäit komm.
All d'Optioune wieren nach um Dësch, sot gëschter een héijen EU-Diplomat. Dat heescht, datt souwuel de Manfred Weber, Spëtzekandidat vun der EVP, wéi och d'Margrethe Vestager vun de Liberalen nach am Renne si fir de Chefposten an der Kommissioun.
Dat heescht och, datt een, deen net Spëtzekandidat war, dono d'Nues vir kann hunn. Well datt d'Staats- a Regierungscheffe sech net un de System vun de Spëtzekandidaten halen, hate Verschiddener, wéi och de Lëtzebuerger Premier um leschte Sommet kloer gestallt.
Tilly Metz: "Déi Gréng hunn een Usproch op ee vun den Top-Posten"
Et lafen den Ament Gespréicher op alle Niveauen, sot deen nämmlechten Diplomat. Zu Bréissel gëtt vill spekuléiert - och doriwwer, ob um Enn net déi Gréng ee vun den Top-Poste kréien. Den Usproch op esou ee Posten ass do, seet d'Tilly Metz.
Déi gréng Fraktioun am Europaparlament wier bei den Europawahle kloer gestäerkt ginn. "Mir sinn elo zu 75 an eisem Grupp, mir waren zu 52." Et wier méi einfach Verschiddenes ze erreechen, "wann ee Leit an dëse Spëtzepositiounen huet", seet d'Tilly Metz, "do soll ee sech näischt virmaachen."
De Conseilspresident Donald Tusk schreift a senger Invitatioun fir den EU-Sommet, hie géif hoffen, datt en Donneschdeg eng Decisioun geholl gëtt. Deemno géifen d'Staats- a Regierungscheffen op dësem Sommet effektiv Nimm fir déi Poste proposéieren, éier d'Parlament esou wäit ass.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.