EU an Corona-Kris EU net zeideg fir Eurobonds

Den EU-Hëllefspak vun iwwer 500 Milliarden Euro geet net duer, fir d'Wirtschaft an der EU ze retten. Doriwwer ass ee sech eens. Mee wéi vill Suen an de Relance-Fonds fléisse sollen, a virun allem, wou d'Suen hierkommen ass onkloer. D'EU-Staats- a Regierungscheffe beroden haut doriwwer. Un deenen ëmstriddene Corona-Bonds hält iwwerdeems kaum nach ee fest.

Danièle Weber (Bréissel) / cbi

Charles Michel
De Rotspresident Charles Michel. Foto: EU / Dario Pignatelli

E Resumé dovun ze maachen ass guer net esou einfach. Well et ass heiansdo net esou kloer, wie wat genee mat déi Diskussioun erabréngt. Verschiddener drécke sech bewosst éischter vag aus. Schonn eleng fir dat Wuert Corona- oder Eurobonds net an de Mond ze huelen. Fir d'Géigner vun deene gemeinsame Staatsemprunte soll et am beschte beim Debat doriwwer bleiwen.

"Et bréngt näischt abstrakt Diskussiounen ze féieren", sot gëscht den Michael Roth, däitsche Staatsminister fir Europa, wéi d'EU-Ministeren op enger Videokonferenz de Sommet vun haut präparéiert hunn.

"Wir wissen aber auch, dass das ein sehr streibares Thema ist. ..insofern wird man jetzt über weitere Instrumente diskutieren - im Rahmen der Verträge, so dass wir jetzt schnell handeln können."

Dee Mann, deen d'Gespréicher tëscht de Staats- a Regierungscheffen haut leet, ass de Conseilspresident Charles Michel. Hien allerdéngs schéngt den Ament méi Froe wéi Äntwerten ze hunn. Déi éischt Fro ass déi vun der Héicht vun der Zomm, déi zweet déi wou d'Suen hierkomme sollen. D'Äntwert erwaart de Charles Michel also eréischt an de nächste Wochen.

Rettungspak geet net duer

D'EU-Finanzministeren haten de Leaderen den Optrag ze ginn, een Accord iwwert de sou genannte Fonds de restructuratioun ze fannen. Decidéiert hate si, datt d'EU ee Rettungspak vun am ganzen iwwer 500 Milliarden Euro lancéiert.

Dat geet net duer, do war ee sech eens - dowéinst de Besoin vun engem zousätzleche Fonds. Aus deem Fonds géifen, dat hat Frankräich proposéiert, och eng Zort Eurobonds ervir goen. An der Tëschenzäit ass do awer vu Recoverybonds rieds. Fir déi kéime net d'Memberlänner, mee den europäesche Budget op.

Suen aus dem EU-Budget?

Fir d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen läit d'Léisung vun der Kris nach ëmmer am EU-Budget, iwwer dee sech bekanntlech d'Staats- a Regierungscheffe scho virun der Kris net eens gi waren.

Et gëtt just een Instrument, deem all d'Memberlänner vertrauen. Et gëtt dat Instrument schonn, et ass transparent: dat ass den europäesche Budget. Dat muss den Haaptmotor vun der Reprise sinn.

De Chef vum Eurogrupp gesäit dat e bëssen anescht. Virgëscht Owend sot de Mario Centeno an engem Debat mat Europadeputéiert, datt zousätzlech Fonge méi séier mussen zur Verfügung stoen.

"Mir kënnen net op laang Diskussiounen iwwer den pluriannuelle Budget waarden. D'Wirtschaft muss nees ugekuerbelt ginn, soubal de Confinement opgehuewe gëtt. An dat wäert an de nächste Woche passéieren. Et muss also séier goen."

Dorun, dat sech d'Iddi vu Corona- oder Eurobonds awer nach duerchsetzt, gleeft iwwerdeems och den italienesche Premier net méi sou richteg. Et misst elo séier goen, sou den Guiseppe Conte virgëscht am italienesche Parlament. Et géif hei keng Gewënner a keng Verléierer. D'EU kéint sech net leeschten, déi selwecht Feeler wéi an der Kris vun 2008 ze maachen. Deemools wier een net koordinéiert gewiescht.

Nach Ugangs der Woch hat den italienesche Premier domat gedreet, eng EU-Decisioun ze blockéieren, déi net eng gemeinsam Schold virgesäit. Am Europaparlament huet sech d'Manon Aubry vun deene Lenken déi lescht Woch geschummt, fir d'Aart a Weis, wéi hei mat Italien ëmgaange gëtt.

Sträit am Europaparlament

De Philippe Lamberts, Chef vun deenen Europäesche Gréngen, ass iwwerdeems iwwerzeegt, datt dat, wat bis elo décidéiert gouf, laang net duer geet. Et wier éischtens net genuch, zweetens kënnt ee senger Meenung no an enger Wärungsunioun net derlaanscht, een Deel vun der Schold zesummen ze droen. Also awer Coronabonds.

"Et sollt een d'Gefor, dat dëst den Euro ka sprengen, net ënnerschätzen. A wa mer dat maachen, ass och d'EU a Gefor. D'Memberlänner mussen elo decidéieren, ob mer zesumme virginn, oder ob jiddweree säin eegene Auswee sicht."

Am Parlament zu Bréissel war déi lëscht Woch ee Sträit ausgebrach. Do stoung de Modell vun de Coronabonds deem vun de Recoverybonds géintiwwer. D'Majoritéit huet sech dono fir déi zweet Variant ausgeschwat. Ënner de Lëtzebuerger Europadeputéiert haten sech d'Tilly Metz vun deene Gréngen an de Marc Angel vun de Sozialiste fir Coronabonds ausgeschwat. D'Vertrieder vun DP an CSV fir Bonds, déi vum EU-Budget garantéiert ginn.

Eng komplizéiert Virlag, mat där de Premier Xavier Bettel haut an d'Diskussioun mat deenen anere Staats- a Regierungscheffe geet.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

An der Mediathéik:

Europa Aktuell / / Danièle Weber
Lauschteren

Méi zum Thema

Vrum_EP_eidel.jpg
Europaparlament am Confinement

Doheem bleiwen, dat ass och em Europaparlament d'Devise. Wat heescht dat fir déi 705 Europadeputéiert a fir déi iwwer 5.000 Mataarbechter, déi eleng zu Bréissel am Parlament schaffen?

Mario Centeno, de President vum Eurogrupp
EU-Finanzminister

D'EU-Finanzministere si sech eens ginn iwwer ee Pak mat Wirtschaftsmesurë fir d'Konsequenze vun der Corona-Kris ekonomesch opzefänken. Wien huet sech duerchgesat, a sinn d'Corona-Bonds vum Dësch?

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen