Lobbytransprenz EU net kohärent am Ëmgang mat Lobbyisten
D'Europaparlament gëtt sech méi streng Reegelen am Ëmgang mat Lobbyisten. Dat heescht awer net, datt elo all Lobbyist sech muss an ee Regëster aschreiwen. Dorop kucke mir an eisem EU-politesche Wocheréckbléck.
An Zukunft mussen all Europadeputéiert, déi un EU-Gesetzer schaffen, hir Rendez-vouse mat Lobbyiste publik maachen. Et ass awer net decidéiert ginn, datt si sech just nach mat Lobbyisten treffen dierfen, déi offiziell enregistréiert goufen.
Firwat wollt d'Parlament, wat sech jo soss fir méi Transparenz staark mécht, net méi wäit goen? Wéi hunn d'Lëtzebuerger Europadeputéiert sech an deem Dossier verhalen? A firwat ass d'Reaktioun bei der Europäescher Kommissioun op déi Decisioun net ganz begeeschtert ausgefall?
Lauschtert d'Gespréich mat der Danièle Weber. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.