Der EU en Triple A am soziale Beräich verpassen. Dat ass d'Zil, wat de Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker sech gesat huet. Een Zil, bei deem d'EU-Kommissioun allerdéngs nëmme begrenzt eng Upak huet. Déi meescht Kompetenzen am soziale Beräich leien nämlech net um europäeschen, mä um nationalen Niveau. Also bei de Memberlänner.
E Grondsaz-Pabeier mat ville Prinzipien
Mat dësem Grondsaz-Pabeier géif d'Kommissioun en neit Kapitel opmaachen, sot de Jean-Claude Juncker am Abrëll, wéi hien eng éischt Versioun vum Text mam Titel "Europäesche Pilier fir Sozial Rechter" presentéiert huet.
.@JunckerEU on Pillar of #SocialRights 'We want Europe to achieve a Triple A also on social aspects' pic.twitter.com/IQ51eVSZ0E
- Christian Wigand (@ChristianWigand) January 23, 2017
Den endgültegen Text gëtt e Freideg zu Göteborg feierlech vum Europaparlament, de Memberlänner an der Kommissioun ënnerschriwwen.
Et geet do dran ëm déi ganz grouss Prinzipien. D'Europäesch Unioun soll sozial Exklusioun bekämpfen a sozial Gerechtegkeet a Chancëgläichheet promovéieren, heescht et an der Preambel. Dono ginn 20 Punkten opgezielt, déi sozial Rechter an de verschiddenste Beräicher betreffen. Vum Urecht op eng qualitativ héichwäerteg Educatioun, op fair Aarbechtskonditiounen, bis bei d'Recht op eng gutt Energieversuergung.
Wat heescht dat um Terrain?
Datt esou Prinzipien op europäeschem Niveau net einfach ëmzesetzen sinn, hu viru Kuerzem Diskussiounen am Europaparlament gewisen, wéi et ëm en europäesche soziale Mindest-Revenu goung. Dee gëtt och am Grondsaz Pabeier iwwert sozial Rechter ernimmt. Am Punkt 14 steet, datt jiddereen, deen net genuch Ressourcen huet, e Recht op e Mindestakommes huet.
D'Parlament fuerdert dee Mindest-Revenu als Instrument géint d'Aarmut, seet den CSV-Europadeputéierte Georges Bach. Allerdéngs ass ee sech net iwwerall eens gewiescht. An obschonn de Rapport vum Parlament just Recommandatioune mécht, war et schwéier, praktesch Mesurë fir d'ganz EU ze definéieren. D'Deputéiert hunn ëmmer nees drop verwisen, datt dësen Dossier an der Kompetenz vun de Memberlänner läit, sou de Goerges Bach.
Bréissel kann näischt virschreiwen, et bleift bei engem Appell un d'Memberlänner, eppes op deem Gebitt z'ënnerhuelen, seet och d'LSAP-Europadeputéiert Mady Delvaux.
Legal Konsequenze vum Text onkloer
Genee dëse Malaise fënnt een och am Grondsaz-Pabeier, dem europäesche Pilier fir sozial Rechter, erëm. Op ville Plaze gëtt drop verwisen, datt et net dorëms geet, de Memberstaaten eppes virzeschreiwen.
Kann den europäesche Bierger sech dono iwwerhaapt op dee Pabeier beruffen? Nëmme begrenzt, wéi ee ganz kruziale Saz am Punkt 13 an der Preambel preziséiert: "Fir datt d'Rechter legal wierksam sinn, musse fir d'éischt Mesuren a Gesetzer op deenen dofir zoustännegen Niveaue geholl ginn", heescht et do. Mat anere Wierder, de Ball läit nees bei de Memberlänner an net bei der EU.
#SocialSummit17 #SocialPillar #SocialRights That is the big test: Is the social pillar all hot air and nice intentions, as some fear, or will working people actually feel a benefit to their lives? https://t.co/ui7h2v1TvS .@EstherLynchs @etuc_ces #TellJunckerEU pic.twitter.com/wBVrbgVHMK
- EUROPEAN TRADE UNION (@etuc_ces) November 15, 2017
Verschidde Gewerkschaftsvertrieder kritiséieren, datt dëse Pabeier keng Konsequenze wäert hunn. An och wann de Sommet zu Göteborg vun engem sozialistesche Premier, dem Stefan Löfven, presidéiert gëtt, wier et kee Grond fir ze feieren, schreiwen eng Partie sozialistesch Europadeputéiert an engem oppene Bréif.
Hirer Meenung no recuperéiert dës Deklaratioun just eng Partie sozial Prinzipien, déi souwisou schonn an den Traitéë stinn. Dobäi hat sech d'Parlament zejoert an enger Resolutioun dofir agesat, et sollt een et net bei Deklaratioune vu gudden Intentiounen beloossen, mä konkret Instrumenter op den Dësch leeën.
Datt Europa um soziale Plang d'Hänn gebonne sinn, géif si heiansdo verdrësslech maachen, seet och d'Mady Delvaux. De soziale Pilier als Grondsaz-Pabeier gesäit déi sozialistesch Europadeputéiert trotzdem als Zil un, wat derwäert ass ze definéieren.
A fair and more #social Europe is key for our Union's future. I proposed with @SwedishPM a #SocialSummit17 - the first since 20 years. #TSS pic.twitter.com/akeoHXlhn9
- Jean-Claude Juncker (@JunckerEU) October 18, 2017
Leschten EU-Sozial-Sommet virun 20 Joer
De Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker wäert dono ëmmerhi soe kënnen, datt a senger Amtsperiod ee Sozial-Sommet ofgehale gouf. Dat kënnt nämlech net dacks vir. Ee vun deene leschte Grousse war virun 20 Joer, mam Beschäftegung-Sommet 1997 zu Lëtzebuerg. Och do war de Jean-Claude Juncker derbäi, deemools als Lëtzebuerger Premier, Aarbechts- a Finanzminister.
Op d'mannst zäitweis mat um Dësch sëtzt zu Göteborg iwwregens och eng Delegatioun vum Europäesche Gewerkschaftsbond. Net derbäi ass déi Europäesch Konfederatioun vun den onofhängege Gewerkschaften, (d'CESI) an där d'Lëtzebuerger Staatsbeamtegewerkschaft CGFP Member ass. Hire President Romain Wolff hat an engem Bréif un de Kommissiounspresident mam Hiweis op déi fënnef Millioune Membere vum CESI dogéint protestéiert, krut awer du matgedeelt, d'Plaz wier leider begrenzt.