EU-Corona-Hëllefspak EU-Kommissioun hëlt déi éischt 20 Milliarden Euro fir Hëllefspläng op
Lëtzebuerg gehéiert zu de fënnef éischten EU-Länner, deenen hir national Pläng am Kader vum europäeschen Anti-Kriseprogramm ugeholl ginn. Haut sollen d'Pläng vu Portugal a Spuenien adoptéiert ginn. E Freideg ass de Lëtzebuerger Plang un der Rei.
D'Europäesch Kommissioun ass drop an drun déi national Pläng ze adoptéieren, déi aus dem EU-Antikrisefong vun am Ganzen 750 Milliarden Euro finanzéiert ginn.
Als éischt kommen haut déi national Pläng vu Portugal a Spuenien un d'Rei.
Kommissiounscheffin presentéiert Evaluatioun perséinlech
Fir d'Annonce vun den Adoptioune vun de Pläng deplacéiert sech d'Kommissiounscheffin perséinlech. D'Kommissiounscheffin gëtt haut zu Lissabon an zu Madrid erwaart fir d'Resultater vun der Evaluatioun ze presentéieren. Fir e Freideg ass hir Visitt zu Lëtzebuerg annoncéiert.
Am ganze fënnef där Pläng sollen dës Woch ugeholl ginn. Si musse bestëmmte Krittären erfëllen a gi vun der Kommissioun evaluéiert.
23 vun de 27 Länner hu bis elo hir Pläng agereecht. Bulgarien Estland Malta an Holland mussen dat nach maachen.
Portugal war dat éischt Land, wat säi Plang den 22. Abrëll presentéiert huet. Lëtzebuerg hat dat den 30. Abrëll gemaach. D'Fro, firwat de Grand Duché zu deene gehéiert, déi mat am éischten ee Resultat vu Bréissel kréien, wollt den EU-Budgetskommissär Johannes Hahn gëschter Owend net direkt beäntwerten.
"Ech huelen un, datt dat och mam gudde Programm zesummenhänkt, dee Lëtzebuerg presentéiert huet", sou den Éisträicher op eis Nofro. Ob Bréissel nach Ännerungen um Lëtzebuerger Plang verlaangt, ass nach net gewosst.
Lëtzebuerg rechent mat eppes iwwer 90 Milliounen Euro aus dem europäeschen Dëppen.
Éischt Obligatiounen op der Lëtzebuerger Bourse opgeholl
Fir den Hëllefspak vun iwwer 750 Milliarden Euro ze finanzéieren huet d'Kommissioun gëschter déi éischt 20 Milliarden Euro op der Bourse zu Lëtzebuerg opgeholl. Et wier een dankbar fir déi gutt Zesummenaarbecht, sot de Johannes Hahn.
Och d'Obligatioune fir de Programm "Sure", duerch deen de Länner gehollef gëtt de Chômage partiell ze finanzéieren, waren op der Lëtzebuerger Bourse notéiert ginn.