Corona-Kris EU-Hëllefspak fir den Nees-Opbau nach net komplett
Op hirer Videokonferenz hunn d'Staats- a Regierungscheffe gëschter Owend gréng Luucht gi fir de 500 Milliarden-Euro-Hëllefspak, dee schonn d'EU-Finanzministeren ausgeschafft haten. Iwwer Detailer vum zousätzlech geplangte Fonds de Relance ass ee sech awer net eens ginn. D'Europäesch Kommissioun gouf beoptraagt, ee Modell auszeschaffen, si krut dobäi keng prezis Virgabe mat op de Wee.
D'Erwaardungen un d'Resultat ware schonn an den Deeg virun der Videokonferenz vun de Staats- a Regierungscheffen erofgeschrauft ginn.Virop vum Conseilspresident Charles Michel, dee matgedeelt hat, et géifen duerno keng gemeinsam schrëftlech Conclusioune festgehalen.
"Dat hëlleft vläicht", sot dozou de Premier Xavier Bettel kuerz éier d'Videokonferenz gëschter Nomëtteg ugefaangen huet.
De Ball läit elo bei der Kommissioun
Um Enn goufe just knapps fënnef Stonnen diskutéiert, déi kriddeleg Froe goufen ausgesat. Am Mëttelpunkt stoung dee sougenannte "Fonds de Relance" oder "Recovery Fund", deen dofir soll suergen, datt d'Ekonomie nees un d'Rulle kënnt.
![]()
An zwar virun allem och an deene Länner, déi am häertste getraff sinn. Si bräichten aus dem Fong Suen, déi net mussen zeréckbezuelt ginn, esou d'Fuerderung vu Memberstaate wéi Italien oder Spuenien.
An der Fro, ob aus dem Fong solle Prêten oder Subsiden ausbezuelt ginn, an a wéi enge Proportiounen dat jeeweils geschéie soll, war ee sech net eens, sot no der Reunioun d'Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen.
"Et muss eng Balance ginn tëschent Subsiden a Prêten. Doriwwer muss verhandelt ginn, mat de Memberlänner, fir datt mer eng gutt Mëschung fannen."
Op dëser Videokonferenz war dat offensichtlech net méiglech. D'Europäesch Kommissioun krut den Optrag, ee Modell auszeschaffen.
Italien hat domat gedreet säi Veto anzeleeën, wann net och gemeinsam Staats-Emprunten, och Corona-Bonds genannt, als eng Mesure festgehale ginn.
von der Leyen: "Mir schwätze vu Billiounen"
Dee Veto koum net, an dat gouf vum Conseilspresident Charles Michel als Succès gewäert. De Fait, datt elo um Niveau vun de Staats- a Regierungscheffen iwwer d'Méiglechkeet vu Prêten a Subside geschwat gouf, géif weisen, datt si sech engagéieren, sou séier wéi méiglech eng Decisioun ze huelen, sou de fréiere belsche Premier.
![]()
De Premier Xavier Bettel sot iwwerdeems, datt Lëtzebuerg dofir ass, souwuel Prêten ewéi Subsiden ze verginn:
"Mir gehéieren, ech weess net, ob dat geografesch ass, zu deenen an der Mëtt. Mir sinn der Meenung, datt een dat eent an dat anert ka maachen, dat heescht, et soll ee Prête maachen, mee et soll een och Subside ginn. Subsiden, déi awer just fir d'Santé sollten do sinn, a Prêten, fir eng Ekonomie nees ze relancéieren, déi vläicht hors Santé sinn."
Onkloer ass, wéi eng Roll genee den europäesche Budget beim Fonds de Relance spille soll. D'Kommissioun hätt gären, datt déi Roll eng zentral ass. Si huet wëlles bis Mëtt Mee eng nei Propos fir dee Budget op den Dësch ze leeën. E soll däitlech méi héich ginn. Wéi héich, do wollt sech no der Reunioun kee festleeën.
"Mir schwätzen net vu Milliarde mee vu Billiounen", sou d'Ursula von der Leyen.
Däitschland schéngt d'Accord ze sinn, méi an dee Budget anzebezuelen. Dat sot d'Bundeskanzlerin Angela Merkel an enger Pressekonferenz um Donneschdeg Owend. Wat d'Corona- oder Eurobonds ugeet, bleift et derbäi, datt Däitschland dogéint ass.
Macron: Nach schwiereg Diskussiounen
Fir de Xavier Bettel ware gemeinsam Staatsemprunte virun dëser Reunioun nach net vum Dësch. Et wier eng Saach vun der Solidaritéit, sou de Lëtzebuerger Premier. Hien huet ee Beispill genannt:
"Lëtzebuerg huet dës Woch een Emprunt gemaach an dee fir een Taux négatif kritt. Dat heescht, mir brauche keng Zënsen ze bezuelen. Déi selwecht Woch mécht een anert Land aus dem Süden och en Emprunt, an dee muss héich Zënse bezuelen. Ass dat d'Solidaritéit?"
De franséische President Emmanuel Macron gesäit d'Necessitéit vu budgetären Transferten. "Dat musse reell Transferte sinn", sot hien no der Konferenz. Prête géife just d'Schold vun deene Länner vergréisseren, déi do souwisou schonn ee Problem hunn,
An dësem Punkt awer wier ee sech net eens gewiescht, verschidde Länner hätten haart Positioun an do géifen an den nächste Wochen nach schwiereg Diskussiounen ustoen.
Dem Xavier Bettel louch och eng Diskussioun iwwer d'Koordinatioun vun den Exit-Strategië vun de 27 Länner um Häerz. Him wier et net gelongen, sech mat den Nopeschlänner ofzeschwätzen, mee hie géif do net labber loossen, sou de Premier. Festgehale gouf op deem Gebitt näischt. Och do besteet also nach Diskussiounsbedarf.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, deem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.