Wann et ëm vill Sue geet, muss ee Staats- oder Regierungschef sech och schonn emol doheem fir dat rechtfäerdegen, wat en zu Bréissel vertrëtt. Dat ass normal, zu Lëtzebuerg awer éischter am Virfeld vun engem Sommet eng Ausnam.
Ier iwwerhaapt een Accord um Dësch louch, hat d'Europäesch Kommissioun schonn emol ausgerechent, wéi vill jiddweree vum nächste Joer un aus dem Hëllefspak krit, a wéi vill een da muss vun 2027 un bannent 30 Joer zeréckbezuelen. Sou nämlech gesäit de proposéierten Timing aus.
Ongewinnt: Avant-Sommet-Debatt an der Chamber
Déi Chifferen hunn zu Lëtzebuerg d'Oppositioun wakereg gemaach. De Grand Duché misst mat 3,4 Milliarden Euro 20 Mol esou vill zeréckbezuelen, wéi e mat 170 Milliounen Euro a Form vu Subsiden erauskritt, huet sech déi lescht Woch an der Chamber, den CSV-Deputéierte Laurent Mosar opgereegt.
De Laurent Mosar wollt da vum Staatsminister wëssen, wou hien do steet, an huet gemengt, datt dat "fundamental wichteg Froen" wieren, iwwer déi d'Deputéiert missten informéiert ginn.
De Premier huet d'Zuele confirméiert, awer och relativéiert. Et géif nach doriwwer diskutéiert ginn, si wiere nach net definitiv, sou de Xavier Bettel. Lëtzebuerg hätt ugefrot, datt ee sollt e Plaffong aféieren.
Sträit ëm d'Aart a Weis, wéi d'Sue verdeelt ginn
Effektiv ass nach näischt a Stee gemeesselt. Ëmstridden ass éischtens de Verdeelungsschlëssel, dee sech bis elo op de PIB an d'Chômagetauxen an de Memberlänner vu virun der Kris baséiert
De Fonds, als Äntwert op déi sanitär Kris geduecht, géif déi direkt Auswierkunge vun där Kris ze mann berécksiichtegen, fënnt de Xavier Bettel, an hie steet domat net eleng do.
Wie soll dierfe matschwätzen, wann et drëms geet, wou d'Sue vum Fonds de Relance doheem agesat ginn?
D'Europäesch Kommissioun wollt se un de Mechanismus vum Europäesche Semester knäppen, also am Prinzip d'Kontroll doriwwer behalen. De Kompromëss vum Rotspresident Charles Michel gesäit fir, datt d'Memberlänner kënne matschwätzen, an am Fall, wou se Zweiwel hunn, ob d'Sue richteg agesat ginn, sollen driwwer ofstëmmen. Holland pocht an dësem Punkt op ee Vetorecht - eppes, wat vun aneren nees ganz schwéier ze akzeptéieren ass.
Parlament pocht op Rechtsstaatlechkeet
Bei de Konditioune geet et och drëm, ob a wéi an Zukunft d'Respektéiere vun europäesche Wäerter un EU-Sue geknäppt wier.
Op kee Fall dierft dat gemaach ginn, seet Ungarn, wou dës Woch d'Parlament sech schonn emol géint esou eng Konditioun ausgeschwat huet.
D'Ausbezuele vun EU-Fonge misst op alle Fall un d'Rechtsstaatlechkeet gekoppelt ginn, seet awer d'Europäesch Parlament, dat scho laang genee dorop pocht, wéi de Christophe Hansen, CSV-Europadeputéierten, déi lescht Woch an der Plenière betount huet.
Allerdéngs zeechent sech an dësem Punkt of, datt e kéint am Numm vun anere geaffert ginn, an dat ee sech um Schluss op engem ganz ofgeschwächte Kompromëss erëmfanne kéint.
D'Europaparlament muss um Enn, egal wéi, een Accord gutt heeschen, fir datt en iwwerhaapt a Kraaft triede kann.
Nach ee Sommet virun der Summerpaus?
Mee sou wäit, datt d'Parlament um Zuch ass, si mer nach net. Méiglecherweis nach laang net. D'Parlament huet virsiichtshallwer zwee Datumer - een déi nächst Woch, an een déi Woch drop, fir ee méigleche Vott virgesinn.
De Lëtzebuerger Premier stellt sech eventuell op méi ewéi ee Sommet an. Hien ass net deen eenzegen, deen esou Previsioune gemaach huet.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.