D'Zil vun der Direktiv gëtt breet gedeelt, och wa vläicht net jidderee frou driwwer ass. Mee datt et ëmmer méi schwéier gemaach gëtt, iwwer Societéiten, déi just eng Adress a weider keng Substanz hunn, Steieren ze spueren, vläicht souguer ze hannerzéien, ass net méi ze evitéieren.
D'Fro stellt sech awer, ob dat mat deem Text gelénge kann, deen d'Kommissioun elo proposéiert huet. Nee, seet de Steierberoder Keith O'Donnell vum Büro ATOZ. Hie kritiséiert, datt all d'Bréifkëschte-Firmen - an zu Lëtzebuerg sinn dat der laut Kommissioun méi wéi 60.000 - elo ënner Generalverdacht gestallt ginn, och wann déi allermeescht iwwerhaapt keng steierlech Virdeeler hätten:
"La très grande majorité ne font rien de dommageable fiscalement, rien qui est caché ou occulte. Mais avec cette directive quelque part on pourrait dire qu'elles sont toutes présumées coupables et après elles doivent prouver leur innocence."
Dat kascht vill Zäit, Aarbecht an domat och Suen. A kéint dozou féieren, datt eenzel Acteuren d'Decisioun huelen, fir hir Bréifkëscht hei zou ze maachen, a sech eng nei Adress baussent der EU sichen, zu London zum Beispill.
Dës Direktiv wier e Schnellschoss, seet de Keith O'Donnell, eng séier Reaktioun op den Drock, deen no den OpenLux- a Pandora-Papers-Révélatiounen an der Press entstane wier. D'Kommissioun géif dat och net verstoppen:
"Le fait que ce soit vraiment un besoin ou non d'un point de vue fiscal, ce n'est pas le sujet ici. On nous a bien fait comprendre qu'il y avait un besoin politique de faire quelque chose, donc on allait avoir une directive comme ça. Et ça c'est effectivement une sorte de populisme fiscal qui, je pense, est regrettable."
Et wier ze hoffen, datt den Text nach präziséiert gëtt, fir datt en och wierklech déi - an nëmmen déi - trefft, déi eigentlech viséiert sinn. Den Enjeu fir Lëtzebuerg wier op jiddwer Fall grouss, d'Diskussioun awer och nach ganz am Ufank.