EU-Budget 2021 - 2027 EU-Budget: Sträit um EU-Sommet virprogramméiert

D'EU huet héich Ambitiounen, zum Beispill wat de Klimaschutz ugeet. Allerdéngs sollen déi néideg Mesurë méiglechst wéineg kaschten. De Sträit iwwer den nächsten EU-Budget ass voll am Gaang a riskéiert um EU-Sommet ze eskaléieren. Dat huet een Debat ënner den zoustännegen Ministeren zu Bréissel gewisen.

Danièle Weber (Bréissel) / cbi

De Rot vun der Europäescher Unioun
Foto: European Union / Mario Salerno

"Dat heite gëtt net einfach an huel dat net perséinlech", sot um Ufank vum Debat den däitsche Staatsminister fir Europa, de Michael Roth, senger Kolleegin vun der finnescher Presidence, déi den Debat ënner den EU-Ministeren zu Bréissel geleet huet.

Hie sollt Recht behalen. D'Interventioune vu senge Kolleegen dono hu gewisen: Déi 27 EU-Memberlänner si sech awer glat a guer net eens iwwer dat, wat bis elo als Propos iwwer de pluriannuelle Budget vun der EU fir d'Joren no 2021 um Dësch läit.

Wat dierf d'EU kaschten?

Dee grousse Sträitpunkt: soll de Budget wuessen, méi kleng ginn oder d'nämmlecht bleiwen? D'Europäesch Kommissioun hat proposéiert, datt de Budget vun engem op 1,11 Prozent klëmmt.

Op kee Fall méi Suen ausgi wëllen awer Länner wéi Éisträich, Holland, Dänemark a Schweden. Si setze sech dofir an, datt de Budget net iwwer ee Prozent vum PIB klëmmt.

Déi finnesch Presidence huet hir Bedenken an hire Kompromëss ageschafft a proposéiert ee Budget, dee bei 1,07 Prozent vum PIB läit.

"Et ass kloer, datt dës Propos eis net méi no bei ee Kompromëss bréngt", sot am Debat de polnesche Staatssekretär fir d'EU, de Konrad Szymanski. D'Länner, déi sech géint Kierzunge stäipe, fille sech net eescht geholl. Si fäerte virun allem, datt de roude Bic bei de Kohesiounsfongen ugesat gëtt.

Protest aus dem Osten

"Mir goufen net gehéiert", sou d'Kaja Tael, d'Ambassadrice vun Estland. Fir si ass et net logesch, datt een engersäits méi héich Ambitiounen huet am Klimaschutz a gläichzäiteg awer net prett ass, méi Suen auszeginn.

Dorop mécht och de Lëtzebuerger Ambassadeur Georges Friden am Debat opmierksam: Hien nennt d'Beispill vun den administrative Käschten, déi ëm aacht Prozent sollen erofgoen. Domat wier d'Notioun vun der europäescher Fonction publique a Fro gestallt.

Lëtzebuerg gehéiert net zu deene Länner, déi kategoresch géint eng Hausse vum EU-Budget sinn. Op där anerer Säit stinn awer déi, déi op kee Fall méi Sue wëllen an d'EU stiechen. Si setze sech fir ee Budget an, deen déi al Kategorien hannerfreet.

"Mir mussen d'Prioritéiten anescht setzen", seet den däneschen Ausseminister Jeffe Kofod.

Europaparlament ass fir eng Hausse vum Budget

Dänemark ass ee vun den Netto-Contributeuren. Dat heescht, datt d'Land méi an d'Keess abezuelt, wéi et erauskritt. Dat ass u sech eng Kategorie, déi een iwwerdenke misst, fënnt iwwerdeems déi portugisesch Europadeputéiert Ana Marques.

D'Europaparlament setzt sech fir eng däitlech Hausse vum EU-Budget an.

Fir de Younous Omarjee, de President vun der Kommissioun vun de Regioune vum Parlament, gëtt dat, wat hei proposéiert gëtt, den aktuellen Ambitiounen net gerecht. Net nëmmen d'Demande vum Parlament, mee och déi vum Programm vun der neier Kommissiounspresidentin von der Leyen géifen domat begruewen. Et wier net méiglech, de geplangte "Green Deal" mat esou engem Budget ze finanzéieren.

Dee "Green Deal" mat Mesure fir de Klimaschutz gëtt haut virgestallt. D'Staats- an d'Regierungscheffe wäerten iwwer de Budget streiden, deen ënner anerem néideg ass, esou Mesuren ze finanzéieren.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

An der Mediathéik:

Europa Aktuell / / Danièle Weber
Lauschteren

Méi zum Thema

EU Budget
EU-Budget

Um EU-Sommet gëtt iwwert de Budget nom Brexit diskutéiert. Muss méi an d'Keess abezuelt ginn? Net jiddereen ass domat d'accord. Lëtzebuerg ass net prinzipiell dogéint, seet de Pierre Gramegna.

Günther Oettinger EU Kommissär fir de Budget
EU-Budget

D'EU diskutéiert iwwert de Budget vun 2020 un. Déi eng wëlle méi ee grousse Budget, déi aner de Contraire. Kloer ass, datt wéinst dem Brexit muss gespuert ginn an datt méi Sue fir grouss Projeten gebraucht ginn.

 

Net verpassen

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen