EU-politeschen Ausbléck EU 2020: Brexit, Migratioun a Klimaschutz

An der EU huet 2019 de Brexit an der Aktualitéit eng méi grouss Roll gespillt, wéi Verschiddener sech dat gewënscht hätten. Geet dat 2020 esou virun? Wéi eng aner grouss Sujeten erwaarden eis op EU-politeschem Niveau? Dorop kucke mir mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.

Danièle Weber / cz

Danièle Weber

"Let's get Brexit done", dat ass de Motto vum brittesche Premier Boris Johnson. Allerdéngs ass dat Kapitel, och nodeems de Spëtzekandidat vun de konservativen Tories d'Walen den 12. Dezember haushéich gewonnen huet, nach laang net ofgeschloss. Ass 2020 domat ze rechnen, datt et mam Brexit wierklech gedoen ass?

An der Migratioun si sech d'EU-Memberlänner nach ëmmer net eens. Déi nei Europäesch Kommissioun huet ee Migratiouns-Pakt annoncéiert. Gëtt et do elo wierklech en neien Ulaf?

A wéi geet et viru mam Klimaschutz op europäeschem Niveau, nodeems sech d'EU-Memberlänner (ausser Polen) um leschten EU-Sommet eens goufen, datt d'EU bis 2050 soll klimaneutral sinn?

Lauschtert d'Gespréich mat eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

An der Mediathéik:

Europa Aktuell / / Danièle Weber
Lauschteren

Méi zum Thema

Big Ben
Perspective

Comme l'an passé, l'année 2020 sera encore une fois dominée par le Brexit. 2020 sera l'occasion pour Boris Johnson de prouver qu'il a - ou pas - les capacités à gérer un pays en pleine évolution politique et sociale.

Washington DC
USA

Dëst Joer dréit sech an der Politik an den USA alles ëm d'Wal fir d'Presidence. Den Donald Trump wëllt fir véier weider Joren an d'Wäisst Haus, d'Demokrate sichen hire Kandidat fir géint de President ze gewannen.

Jean-Claude Juncker Cover Artikel
Fënnef Joer Juncker-Kommissioun

Wat bleift hänke vun der Ära Jean-Claude Juncker als Chef vun der EU-Kommissioun? Mir kucken zeréck op déi fënnef Joer Amtszäit vum Lëtzebuerger, deen no de Luxleaks-Revelatioune keen einfachen Start hat.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen