LSAP "Etienne Schneider ass nach net de Spëtzekandidat"

Et gëtt weiderhi Kritik un der LSAP-Spëtzt. Nom Neijoerschpatt huet de fréiere President vum Landesverband Nico Wennmacher annoncéiert, en zweete Bréif un d'Partei ze schreiwen. Et misst een elo awer ofwaarden, wat bei der breeder Consultatioun vun der Parteibasis erauskënnt, seet den Nico Wennmacher, deen zum lénke Fligel vun der LSAP gehéiert.

Claude Biver / cz

Nico Wennmacher
Foto: lsap.lu / Nico Wennmacher

Um Neijoerschpatt wiere gutt Mesuren ugekënnegt ginn, fir d'Kommunikatioun an der Partei ze verbesseren. Et misst een elo awer ofwaarden, wat bei dëser breeder Consultatioun vun der Parteibasis erauskënnt, seet den Nico Wennmacher, deen zum lénke Fligel vun der LSAP gehéiert. Gëschter gouf annoncéiert, datt een iwwert e Froebou, deen un all LSAP-Member per E-Mail geschéckt gëtt, de Bols vun der Basis wéilt fillen.

Den Nico Wennmacher seet, den LSAP-Wirtschaftsminister Etienne Schneider hätt gëschter um Neijoerschpatt zwar sozial Mesuren opgezielt, déi d'Regierung ëmgesat huet. Et hätt een allerdéngs nach méi wäit kënne goen.

Sozial Problemer ugoen

An der Steierreform wieren eng Partie sozial Mesuren dobäi gewiescht. Global gesi wier de Steiersystem awer nach ëmmer ongerecht. D'Kapital géif net sou besteiert ginn, wéi de Verdéngscht. Leit mat engem relativ héije Revenu géifen iwwerdeems méi vun der Steierreform profitéieren, wéi Leit mat enger méi klenger Pai.

Et géif elo dorëms goen, e Wahlprogramm op d'Been ze stellen, deen d'Problemer ugeet, déi Lëtzebuerg huet, notamment sozial Problemer. Ënnert anerem kéint den Nico Wennmacher sech virstellen, sech fir eng Ierfschaftssteier staark ze maachen. Grouss Verméigen, déi verierft ginn, missten awer weider besteiert ginn.

Neiopstellung vun der Partei

De Fait, datt den LSAP-Wirtschaftsminister schonn als Spëtzekandidat gehandelt gëtt, kritiséiert den Nico Wennmacher. Den Etienne Schneider wier nämlech op kengem Kongress als Spëtzekandidat gewielt ginn. D'Partei misst sech mat deene Leit opstellen, déi engem soziale Profil entspriechen. Dat kéinte jonk Parteimemberen an aler sinn. Et wier awer kloer, datt d'Partei eng nei Opstellung bräicht.

An den nächsten Deeg wéilt den Nico Wennmacher säi Bréif un d'Parteileedung schécken, fir seng Kritik a Verbesserungsvirschléi ze äusseren. Dëst wäert allerdéngs en internt Schreiwes sinn a keen oppene Bréif.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen