Kaarten op den Dësch État de la na...ture

Zwee Deeg virum État de la nation beschäftegt sech d'Diskussioun an der Emissioun "Kaarten op den Dësch" ëm den Zoustand vun der Natur hei am Land: Wéi geet et dem Bësch? Wéi ass et mam Waasser? Wéi steet et ëm d'Biodiversitéit?

Maurice Molitor / sam

KOOD Oktober 2022
v.l.n.r.: Marc Parries (pensionéierte Fierschter), Jacques Pir (Mouvement écologique), Luc Zwank (Directeur adjoint vun der Waasserverwaltung), Doris Bauer (Zoustänneg fir Naturschutz a Landschaftsfleeg beim Gemengesyndikat SIAS)

Biodiversitéit: D'Liewensraim si schlecht drun

Punkto Biodiversitéit weist d'Doris Bauer, déi beim Gemengesyndikat SIAS fir Naturschutz zoustänneg ass, drop hin, datt 70 Prozent vun eise Liewensraim schlecht dru wieren. Och iwwer 60 Prozent vun den Aarte wieren an engem ganz schlechten Erhalungszoustand, esou d'Doris Bauer.

Schold um Biodiversitéitsverloscht wier, an der Haaptsaach, déi extensiv Landwirtschaft, zu där d'Baueren an de leschte Jorzéngten encouragéiert gi sinn, esou de Jacques Pir vum Mouvement écologique.

Fir déi Aarten ze erhalen, déi et zu Lëtzebuerg gëtt, seet de Jaques Pir, et misst een 30 Prozent vum Gréngland a 25 Prozent vum Akerland Natur-no bewirtschaften. Dat geet net ouni radikaalt Ëmdenken an der Agrarpolitik.

Et géif een encourageant Biller gesi vu positive Resultater, wann Efforten a Moyenen op de richtege Plazen agesat ginn, esou de Jacques Pir. An trotzdeem géifen, a sengen Aen, net déi richteg Weiche gestallt ginn:

" [...] wat mir am Moment maachen, dat geet net emol duer fir e Status quo ze erhalen. Dat heescht mir si leider nach ëmmer am fräie Fall. An dat ass eben dat, wat e bësse méi pessimistesch ass, dat - an eisen Aen zumindest - net déi richteg Weiche gestallt gi fir do e Revirement hinzekréien."

Positiv Resultater beim Waasser

Datt déifgräifend Décisioune sech lounen, géif d'Beispill Waasser weisen, seet de Luc Zwank vun der Waasserverwaltung.

Héi géif ee Resultater gesinn, wann een déi Richteg Kaart an der richteger Reiefolg spillt, esou de den Directeur adjoint vun der Waasserverwaltung.

Dëst kéint een, zum Beispill, bei manner staarker Nitrat- oder Pestizidbelaaschtung vum Grondwaasser an de Quelleschutzzone gesinn.

De Bësch: "unkapputbar"

A wéi geet et dem Bësch? De Marc Parris, pensionéierte Fierschter, mécht sech wéineg Suergen a seet, de Bësch wier eigentlech "unkaputtbar".

Kloer wär awer och: e wäert sech änneren. De Bësch vun haut ass anescht wéi dee vu gëschter.

An deem Kontext seet de Marc Parris, datt de Bësch muer och anescht wäert sinn, an hie géif un déi natierlech Dynamik vum Bësch gleewen.

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Blummewiss
Gréngflächen a Biodiversitéit

Et ass scho vill fir d'Begréngung an de Wunnquartiere gemaach ginn, mee et wier nach Loft no uewen, esou d'Ëmweltministesch Joëlle Welfring. An dem Kader goufen haut d'Mesurë vum Naturpakt presentéiert.

Futtis Beem am Bësch
Reportage

Déi unhalend Dréchent déi lescht Jore sëtzt de Bëscher zou: Just 16 Prozent vun alle Beem sinn nach ganz gesond. Mir si mat der Naturverwaltung kucke gaangen, wéi d'Bëschbild sech am Ament verännert.

Waasser
Waasser

D'Qualitéit vum Grondwaasser ass net wierklech besser ginn, äntwert dem Ëmweltministère op eng parlamentaresch Fro. Trotz all de Mesure vun de leschte Joren. Dat huet och Auswierkungen op d'Drénkwaasser.

Laubfrosch
Natur- an Ëmwelt

Den Observatoire de l'Environnement Naturel schléit Alarm wéinst dem dramatesche Réckgang vu Flora a Fauna zu Lëtzebuerg. Et wier héich Zäit deem entgéint ze wierken, esou de Gilles Biver, Member vum Observatoire.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen