Héichwaasserrisikomanagementplang "Et war bei Wäitem nach kee schlëmmt Héichwaasser"

Dat aktuellt Héichwaasser kéint statistesch gesinn all zwee Joer esou virkommen, esou d'Christine Bastian vun der Division de l'hydrologie vum Waasserwirtschaftsamt. D'Situatioun wier also "guer näischt Aussergewéinleches", seet d'Chargée d'études vun der Division de l'hydrologie. D'Héichwaasser wier zwar zënter Längerem dat schlëmmst gewiescht, mä et wier bei Wäitem nach kee schlëmmt Héichwaasser gewiescht.

Serge Kesseler / cz

Musel.jpg
D'Réimecher Esplanade den 8. Januar 2018

D'Situatioun elo am Januar war souwuel bei de klenge Gewässer hei am Land wéi och op der Musel nëmmen een zweejäregt Héichwaasser, erkläert d'Christine Bastian, Chargée d'études bei der Hydrologie-Divisioun vun der Waasserwirtschaftsverwaltung.

Dëst Joer hätt ee mol nach net d'Kategorie zéngjäregt Héichwaasser erreecht. Dëst Héichwaasser wier näischt Exzeptionelles gewiescht.

"T'ass einfach schonn immens laang hier, datt mir ee grousst Héichwaasser haten an d'Leit tendéieren ze vergiessen, wéi et ass, wann d'Héichwaasser kënnt. Et muss een dat hei wierklech relativéieren. Et war säit Längerem dat schlëmmst, mä et war bei Wäitem nach kee schlëmmt Héichwaasser."

Héichwaasserrisiko-Managementplang

Am aktuelle Lëtzebuerger Plang fir de Management vun den Héichwaaserrisiken ginn et Iwwerschwemmungskaarte fir dräi Zeenarien: een zéngjäregt Héichwaaasser, ee Joerhonnert-Héichwaasser an een extreemt Héichwaasser.

An dësem Plang, dee fir d'Joren 2015 bis 2021 gëllt, stinn och eng Rei vu Mesuren, déi zum Deel schonn ëmgesat sinn, Moossname fir Héichwaasser ze vermeiden, respektiv fir d'Konsequenzen dovun ze reduzéieren.

Weider Projete mussen ëmgesat ginn

Et wieren och nach eng ganz Rëtsch vu Projeten duerchzeféieren. Gréisserer, wéi zum Beispill zu Réimech, wou momentan och eng Etude géif lafen. Et géifen awer och vill Sensibiliséierungsprojete gemaach. Et wier net nëmme wichteg, d'Leit mat enger Mauer virum Héichwaasser ze schützen. Et misst och gekuckt ginn, datt d'Leit wéisste, wéi si sech am Fall vun Héichwaasser verhale sollen a wou si hir Informatiounen hierkréien. Dat wier och e wichtege Critère beim Site www.inondations.lu gewiescht.

E besonneschen Héichwaasserrisiko hei am Land gëtt et dem Plang no bei enger Rei vu Flëss a Baachen, esou d'Christine Bastian vun der Hydrologie-Divisioun vun der Waasserwirtschaftsverwaltung. Et hätt ee 15 Gewässer op Bréissel gemellt, déi ee potentiellt Héichwaasserrisiko géingen opweisen. Déi Gewässer ginn all sechs Joer aktualiséiert an nach eng Kéier gemellt. Och d'Héichwaassergeforen a -Risikokaarte ginn all sechs Joer aktualiséiert. Déi nächst Aktualiséierung steet fir 2019 un.

D'Waasserwirtschaftsverwaltung wier zoustänneg fir d'Ëmsetze vum Lëtzebuerger Héichwaasserrisiko-Managementplang, dat an Zesummenaarbecht mat, ënnert anerem, de Gemengen.

Lauschteren

Méi zum Thema

Charles Dowding
Geméiskris

Extrem Wiederkonditiounen am Mëttelmierraum hunn en negativen Impakt op d'Geméis- an d'Uebstproduktioun. D'Präisser si staark geklommen. Och zu Lëtzebuerg ass Geméis an Uebst méi deier a méi rar.

Julian Klaus
Klimawandel

D'Temperature ginn erop. Mir hätten elo nach 50 Joer Zäit, fir d'Äerderwäermung op 2 Grad ze limitéieren, seet de Julian Klaus vum LIST (Luxembourg Institute of Science and Technology).

Net verpassen

Programm

  • Concert - Léiffrawëschdag

  • On air

    Spektrum - The Wombats - Oumou Sangaré

  • Noriichten

  • Spektrum - Caminero Quintet

  • Noriichten

Dossieren

  • Saint-Malo: "Étonnnants Voyageurs"

    Saint-Malo ass déi Plaz, wou déi sougenannt ''littérature-monde'' gefeiert gëtt. Den 100,7 war bei der leschter Editioun vum Festival Étonnants Voyageurs am Juni dobäi.

  • Dossier: Cannabis-Legalisatioun

    Nach am Laf vun dësem Joer soll e legale Kader ausgeschafft ginn, fir e staatlech kontrolléierten Ubau vu Cannabis fir medezinesch Zwecker zu Lëtzebuerg méiglech ze maachen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen